Search

You may also like

A wou komme mir dann hir?
International Neiegkeeten

A wou komme mir dann hir?

Zanter längerem ass gewosst, datt Migrante bei eis am Land

Koordinéiert Aktioun géint de Kannerhandel
International Neiegkeeten

Koordinéiert Aktioun géint de Kannerhandel

Ee Mëttwoch huet Europol matgedeelt, datt et am Oktober an

Zäitspuerkonte fir de Privatsecteur: Strikt Konditiounen?
International Neiegkeeten

Zäitspuerkonte fir de Privatsecteur: Strikt Konditiounen?

Nodeems 2018 d‘Sozialpartner sech eenege konnten Zäitspuerkonte (CET) fir den

Hie war ee schlecht Beispill a geet…

Ireschen EU-Handelskommissär ass iwwert d‘Coronavirus-Reegelen am eegene Land gefall

Hie war ee schlecht Beispill a geet…

Wann s de näischt kanns an dat meescht dovunner och nach schlecht, da muss de wuel oder iwwel iergendwann den Dicks gebéit kréien. Als Politiker – onbeuecht der Ideologie déi ee vertrëtt – huet een nieft Verantwortung och eng Virbildfunktioun ze erfëllen. De Phil Hogan, en iresche Sozialist, war schonn ënnert dem Jean-Claude Juncker EU-Kommissär… dës politesch Carrière ass elo gelaf.

Et ass säin eegene Kabinett-Chef Peter Power, dee gëschter Owend zu Bréissel dem Phil Hogan säi Récktrëtt bestätegt huet. Kuerz virdrun an déi iresch Regierung sech kloer an däitlech vum Mann distanzéiert an dësen dann och nach beschëllegt géint déi op der Insel gülteg Coronavirus-Regele verstouss ze hunn. An Irland gëtt esou ee Fauxpas awer net wéi a Groussbritannien gehandhaabt.

PhilDe Grond fir déi ganz Opreegung? Dem Phil Hogan gëtt virgeworf mat ronn 80 weidere Persounen un engem Iesse vun enger „Golf-Gesellschaft“ an engem Hotel am Weste vun Irland deelgeholl ze hunn. Heibäi wier géint d‘Héchstgrenz vir Versammlunge verstouss ginn. Den EU-Kommissär huet sech fir d‘Participatioun entschëllegt a betount gemengt ze hunn et wier alles richteg gewiescht.

Wann een dem Politiker, dee ganz offensichtlech um falsche Fouss schéngt erwëscht ginn ze sinn, elo nach kéint gleewen, datt hie sech op den Organisateur verlooss huet, wat de Respekt vun de Reegele betrëfft, esou ass datt jo och net dat eenzegt, datt him vun der Regierung virgehäit gëtt. Esou wërft him de Gesondheetsministère och vir mat senger Arees an den uschléissende Faarten duerch Irland, géint déi fir d‘Bevëlkerung allgemeng gülteg Moossname verstouss ze hunn.

Dogéint huet sech den EU-Handelskommissär zur Wier gesat: „Ech war fir keen ee Risiko. Ech gouf kuerz virdrun negativ op de Coronavirus getest“. Am Ministère hunn si vun der Ausso Notiz geholl, allerdéngs drop verwisen, datt en test net all Infektioun kéint erkennen, firwat ee sech jo schliisslech derzou entscheet hätt, all Mënsch deen aus de Belsch areest, a Quarantaine ze setzen.

Dommheet gehéiert bestrooft

Wann esouguer d‘Cheffin, also d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, vun hirem Kommissär eng Erklärung zu sengem Beholl an Irland fuerdert, dann ass dat schonn een Zeechen dofir, datt sech de gudde Mann muss entspriechend dernieft beholl hunn. Zu senger Demissioun huet et dann awer zur Stonn nach keng Ausso säitens hirem Büro ginn. Déi gëtt de Moien erwaart.

De Phil Hogan, deen ënnert eisem Jott-zé-Jott vun 2014 bis 2019 Kommissär fir Landwirtschaft a ländlech Entwécklung war, huet als Deputéierte vu Fine-Gael uschléissend Verwäertung als EU-Handelskommissär an der neier Kommissioun fonnt. Den Ökonom deen et esouguer an Irland zum Ëmweltminister bruecht huet, gëllt als erfuerene Politiker. Eng klassesch Feelaschätzung, woubäi hie gouf esouguer als méigleche Kandidat fir de Poste vu Generaldirekter bei der WTO gehandelt.

Elo huet de Mann net alles falsch gemaach, an sech vill an den Handelssträit mat den USA abruecht wou et kierzlech zu Verbesserunge komm ass. Ee weidert grousst Thema: d‘Handelsofkommes mat Groussbritannien, a méi generell d‘Handelspolitik vun der Unioun. D‘Britte schéngen elo net esou wierklech un engem Accord Interessi ze hunn, an ëm Handelspolitik dierf sech en anere këmmeren.

mat indymedia/bru/dub

Foto: De Phil Hogan (hei en Archivbild vum November 2019, wou den iresche Politiker nach EU-Kommissär fir Landwirtschaft war) kann sech net iwwert déi fir all Mënsch an Irland gülteg Regele stellen. No massivem Drock vu senger Regierung zu Dublin, huet hie säi Récktrëtt erkläert. © EU-Council

Related topics Covid19, Covid19-Gesetz, EU-Handelskommissär, Irland, Phil Hogan, Récktrëtt
Next post Previous post