Search

You may also like

Euro-Composites zu Iechternach: Eng Hal vun 2000 m² a Flamen
Kultur Neiegkeeten

Euro-Composites zu Iechternach: Eng Hal vun 2000 m² a Flamen

Gëschter Mëtteg um 12:30 Auer ass beim 112 een Appell

Le Salon des Douceurs: Wann d’Luxexpo eis glëschtereg mécht
Kultur Neiegkeeten

Le Salon des Douceurs: Wann d’Luxexpo eis glëschtereg mécht

Fir eng alleréischt Kéier setzt dëse Salon de Schockela, d’Patisserie

Grenzgänger a Chômage: Gëtt eis e geféierleche Paradigmewiessel operluecht?
Kultur Neiegkeeten

Grenzgänger a Chômage: Gëtt eis e geféierleche Paradigmewiessel operluecht?

Schonn um Donneschdeg kann d‘Entscheedung falen, da misst Lëtzebuerg d‘Entschiedegung

Phil27: Musikalesch Spëtzeleeschtungen zum klenge Präis

Phil27: Musikalesch Spëtzeleeschtungen zum klenge Präis

An der neier Saison 2019/20, déi fir d’Philharmonie mat engem fantasteschen Optakt ugefaangen huet, iwwerrascht dat etabléiert Concertshaus mat enger attraktiver Moossnam fir jonk Leit. Aus enger Kollaboratioun tëscht der Philharmonie an der POST huet sech d’Aktioun Phil27 entwéckelt a soll mat reduzéierten Tariffer déi kulturell Offer nach méi einfach, attraktiv an zougänglech maachen.

Mat der Ënnerstëtzung vun der POST Luxembourg kënnen elo begeeschtert Musekfans, Concertsufänger a kulturinteresséiert Jonker ënnert 27 Joer um Dag vum Concert hiren Ticket zu engem Präis vun 10 € reservéieren. Vu klassescher Musek iwwert Jazz, bis hin zu Elektro a Ciné-Concert, den Tarif Phil27 gëllt fir all musikalescht Evenement (ausser Kannerconcerten). Ee weidere Virdeel: Souguer eigentlech ausverkaaft Concerten halen dem jonke Client e puer Plaze fräi. Donieft reduzéiert sech de Service net nëmmen op Lëtzebuerger Publikum, mee riicht sech un all jonk Persoun.

Wéi de Luc Welter, zoustänneg fir d’Kommunikatioun bei der POST Luxembourg, bei der Presentatioun erkläert huet, wier d’Kultur ee vun dräi Pilieren, déi d’Gesellschaft ënnerstëtze wëll. An der Zäit vun der Digitalisatioun gräift een esou op d’Kärkompetenze vun der POST zeréck a verëffentlecht an engem zweete Schrëtt déi passend Applikatioun, sou datt Jugendlecher a jonk Erwuessener um Dag vum Evenement einfach hiren Ticket buchen an den Owend plange kënnen.

Momentan ass d’App nach an der Testphas. Fir den Oktober soll de Service op Android an iOS schlussendlech verfügbar sinn. Den innovativen a benotzerfrëndleche Produit motivéiert all jonk Persoun sech am kulturelle Beräich anzebréngen an ee Besuch an dësem professionelle Kader ze woen.

Mat wéinege Klicks léisst sech duerch Phil27 ee spannenden Jazzowend, ee liewegen Elektroconcert oder och d’Energie vun engem symphoneschen Orchester erliewen. D’Tickete kënnen den Dag vum Concert ab 10:00 Auer, a bis zu enger Stonn virum Optrëtt, reservéiert ginn. Un der Owendkeess selwer kann een ab enger Stonn virum Evenement laanscht kommen a säin Ticket zum klenge Präis kafen.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Applikatioun, Concert, Kultur, OPL, Philharmonie, Pil27, Post Lëtzebuerg
Next post Previous post