Search

You may also like

850 Beem sinn an de leschten zwee Joer zur Kompensatioun frësch ugeplanzt ginn
Kultur Neiegkeeten

850 Beem sinn an de leschten zwee Joer zur Kompensatioun frësch ugeplanzt ginn

Kompensatiounsmoossnamen, wann e Bam, dee laanscht enger Strooss steet, gefält

Fir d’moslemesch Communautéit huet den Trump de Fridde sabotéiert
Kultur Neiegkeeten

Fir d’moslemesch Communautéit huet den Trump de Fridde sabotéiert

Um Mëttwoch hu moslemesch Leader d‘Welt opgeruff, Ostjerusalem als Haaptstad

Déi jonk gréng: Neie Virstand… nei Erausfuerderungen
Kultur Neiegkeeten

Déi jonk gréng: Neie Virstand… nei Erausfuerderungen

Um Samschdeg hunn déi jonk gréng hir alljärlech Generalversammlung ofgehalen

Och d’Philharmonie kënnt mat enger Rëscht Annulatiounen

Och d’Philharmonie kënnt mat enger Rëscht Annulatiounen

D’Stater Philharmonie deelt mat, datt opgrond vun den neie Restriktiounen bis de 15. Dezember 2020 all Concerten ofgesot sinn. Wéi schonn am Fréijoer, wäerten déi ganz Ekipp an d’Museker vum OPL beméien, fir um digitale Wee de Kontakt zur Musek weiderhin ze erméiglechen an e virtuellen ofwiesslungsräiche Programm op d’Been stellen.

Betraffe Persounen, déi een Ticket fir e Concert am Zäitraum bis de 15. Dezember hunn, gi perséinlech vun der Philharmonie kontaktéiert, fir weider Informatiounen zum Remboursement vun dem Billjee ze kréien. D’Ekipp beméit sech, fir schnellstméiglech all Ufroen ze beaarbechten, weist awer drop hin Versteesdemech ze weisen, well d’Prozedur e bëssen Zäit an Usproch hëlt.

Weiderhin bleiwen d’Raimlechkeeten vun der Informatioun an der Billetterie zou. Bei Froen kann ee sech awer via Telefon (+352 26 32 26 32) oder per Email (tickets@philharmonie.lu) mellen.

Opmaacherbild: © Philharmonie

Related topics Concert, Covid-19, Ofso, OPL, Philharmonie, Programm, Restriktiounen, Ticket, virtuelle Concert
Next post Previous post