Search

You may also like

Groussbritannien: Reprise trotz Endzäitstëmmung
Neiegkeeten

Groussbritannien: Reprise trotz Endzäitstëmmung

D‘Briten hunn hire Gesondheetssystem an de leschte Joerzéngten deraart vernoléissegt,

Go By Brooks sinn zeréck mat der Single „Lost“
Neiegkeeten

Go By Brooks sinn zeréck mat der Single „Lost“

No der Verëffentlechung vum Album Anoher Flame am Dezember 2018

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 15. bis den 21. Februar 2021
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 15. bis den 21. Februar 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech

Philharmonie – een neit Instrument gëtt ageweit!

Gëschter Owend war an der Philharmonie eng méi lass. Bei der 43. Editioun vun der „Gala de Noël SOS Villages d’Enfants Monde“ huet den Orchester vun der Philharmonie vu Lëtzebuerg een exzeptionelle Concert, ënnert der Leedung vum Dirigent Domingo Hindoyan, gebueden. Och eis royal Altess de Grand-Duc an d’Prinzessin Alexandra ware present.

De Publikum gouf bei dëser Soirée duerch passionéiert Kläng vu „Promenade“, iwwert „Le vieux château“, bis hin zu „Tuileries“ begleet. Den Highlight vum Owend war d’Stéck „La Grande Porte de Kiev“, woubäi d’Spectateuren déi grouss Éier haten, als alleréischt dat neit Instrument vum OPL ze héieren: eng Kiercheklack am Mi Majeur.

Zumools dem Modeste Moussorgski säi Wierk „Les Tableaux d’une exposition“ bestécht duerch seng Eegenaart, dëst speziellt Instrument am Repertoire ze hunn. D’Traditioun wëll dann och, datt d’Klack schéin dekoréiert gëtt. Majo do ass de Choix un Ornamenter, mat Lëtzebuerger Emblèmë fir den Orchester vun der Philharmonie, den och Ambassadeur vum Grand-Duché am Ausland ass, genau richteg getraff ginn.

Am Kader vun dësem Galaconcert ass d’Klack vu senger Altesse, der Prinzessin Alexandra, och Giedel vum Instrument, ageweit ginn.

Am éischten Deel vum Concert huet den däitsche Bariton Samuel Hasselhorn, leschte Gewënner vum Concours Musical International Reine Elisabeth de Belgique, ënnert anerem een Ausschnëtt vun „Des Knaben Wunderhorn“ vum Gustav Mahler gespillt.

Related topics Gala de Noël SOS Villages d'Enfants Monde, Grand-Duc Henri, Instrument, Klack, Philharmonie, Prinzessin Alexandra
Next post Previous post