Search

You may also like

Mat Engagement a guddem Schongwierk: En halleft Joerhonnert Lëtzebuerger Wandersportfederatioun
Kultur Neiegkeeten

Mat Engagement a guddem Schongwierk: En halleft Joerhonnert Lëtzebuerger Wandersportfederatioun

A senge 50 Joer Bestoen konnt d’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun (FLMP) säin

Ungaresch Journalisten a Mënscherechtler ausspionéiert
Kultur Neiegkeeten

Ungaresch Journalisten a Mënscherechtler ausspionéiert

Wann et sécherlech méi EU-Länner huet, déi sech de Programm

Arel: E neie Fall vun afrikanescher Schwéngspescht
Kultur Neiegkeeten

Arel: E neie Fall vun afrikanescher Schwéngspescht

Wéi et eréischt gëschter offiziell gemellt ginn ass, soll den

Philharmonie: E super Optakt an déi nei Saison mam OPL

Philharmonie: E super Optakt an déi nei Saison mam OPL

Mam Concert vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg (OPL) a sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno huet gëschter déi nei Saison 20/21 fir d’Philharmonie gestart. Mat vill Virfreed, Elan an Éiergäiz hofft déi ganz Ekipp senge Visiteuren an Artisten e positiivt Erliefnis schenken ze kënnen.

Nodeems an de leschte Méint zuelräich Optrëtter hu missen ofgesot ginn, freet ee sech elo ëmsou méi nees lassleeën ze dierfen, och wann heivir ee bestëmmt Hygièneskonzept respektéiert muss ginn. Ma, fir den Erëffnungsconcert hätt een et net besser kënne geroden, wéi mam Pianist Krystian Zimerman. Beim éischte vu ganzer dräi Concerte vum OPL goufen déi éischt zwee Pianosconcerte vum Ludwig van Beethoven presentéiert. Gefeiert gouf nämlech dëser Musikergréisst hiren 250. Gebuertsdag!

OPL

© Alfonso Salgueiro

Béid aner Deeler ginn um 2. an 23. Oktober an der selwechter Besetzung gespillt. Ma, nieft dem Beethovenzyklus hält de Programm vun der Saison 20/21 weider Highlights fir Iech bereet, dorënner beispillsweis ADAMO um 25. September 2020, de Gregory Porter um 26. November 2020, dem Jean-François Zygel säin „Double Bach“ um 41. Januar 2021 oder de Kronos Quartet um 16. Mee 2021.

OPL

© Alfonso Salgueiro

Reservatioun am viraus ass obligatoresch

Just 40 % vun de Kapassitéite vum Sall dierfen ausgenotzt ginn, fir esou déi gefuerdert Distanz tëscht de Spectateuren ze garantéieren. De System mat den Abonnementer gouf temporär ausgesat, sou datt et d’Kaarte just am viraus iwwert d’Säit www.philharmonie.lu, per Telefon ënnert der Nummer (+352) 26 32 26 32 (Méindes bis Freides vun 10:00 bis 18:00 Auer) a per Mail iwwert tickets@philharmonie.lu ginn.

Pausen, gastronomesch Offeren an eng Garderob wäert et duerch d’Pandemie net ginn. D’Droe vun enger Schutzmask ass am ganze Gebai a wärend de Concerte Flicht.

De komplette Programm vun der Saison 20/21 an der Philharmonie fannt Dir op philharmonie.lu/programm.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zum Optakt vun der neier Saison an der Philharmonie © Alfonso Salgueiro

Related topics Distanz, Gustavo Gimeno, Hygiènesmesuren, Ludwig van Beethoven, Ofstand, OPL, Philharmonie, Pianist Krystian Zimerman, Saison 20/21, Startschoss
Next post Previous post