Search

You may also like

Feier op der Plëss: Ronn 50 Pompjeeën am Asaz
International Kultur Neiegkeeten

Feier op der Plëss: Ronn 50 Pompjeeën am Asaz

Gëschter Owend ëm 19 Auer goungen beim 112 direkt e

Nordspidol verëffentlecht Joresbericht 2019
International Kultur Neiegkeeten

Nordspidol verëffentlecht Joresbericht 2019

Wann een de Rapport zu den Aktivitéite vum Nordspidol (CHdN)

En neie Guide fir den Eko-Urbanismus
International Kultur Neiegkeeten

En neie Guide fir den Eko-Urbanismus

Am neien Guide vum Eko-Urbanismus, dee fir ëffentlech a privat

Philharmonie: Een erfollegräichen Optakt fir den OPL virun der Südamerika Tour

Den Optakt vun der neier Saison 2019/20 huet sech net nëmme fir den Orchestre Philharmonique du Luxembourg, besser bekannt als OPL, als immense Succès erausgestallt. Nodeems de Corps aus schwaarz gekleeten an immens passionéierte Museker schonn an diversen europäesche Metropolen optrieden duerft, steet elo déi éischt grouss Tour duerch Südamerika un. Mat Wierker vu Schubert, Tchaikovsky a Brahms krut dat heemescht Publikum déi grouss Éier, als alleréischt dat technescht Talent, d’Léift zum Instrument an den Enthusiasmus zur klassescher Musek vum OPL erliewen ze dierfen.

D’Virfreed war dem OPL-Chefdirigent Gustavo Gimeno scho bei der Pressekonferenz, kuerz virum Concert, ofzegesinn. Vum 20. September bis den 1. Oktober sti fir de Lëtzebuerger Orchester Optrëtter a Brasilien, Argentinien an Uruguay un. Mëttlerweil wäerten déi iwwer honnert leidenschaftlech Museker hir Wallis gepaakt hunn a mat Optimismus déi spannend Tour untrieden.

OPL

© Martine de Lagardère/moien.lu

Lëtzebuerger Professionalitéit

Bei der Presentatioun um Owend huet d’Kulturministesch Sam Tanson, trotz Angine, d’Philharmonie an den Orchester fir seng Professionalitéit, seng Diversitéit an de multikulturellen Effekt gelueft. Souwuel op nationalem, wéi och op internationalem Niveau ass d’Philharmonie ee groussen Acteur an der Musekszeen. D’Ministesch weist sech dofir immens houfreg, datt de Programm esou villsäiteg ass, vu Jonk bis Al, Amateur bis Profi, eppes ze bidden huet. Fir d’Rees a Südamerika wënscht si dem Orchester nëmmen dat Bescht!

Ouni Leed, keng Freed

Eigentlech sollt d’Solistin Janine Jansen d’Südamerika Tour begleeden a mat Feingefill der Gei déi schéinst Téin entlackelen. Aus Krankheetsgrënn misst si all Concerte vun der Rees ofsoen. Kuerzfristeg konnt een am Simone Lamsma, wat eis gëschter vu senger musikalescher Meeschterleeschtung iwwerzeegt huet, an dem Julian Rachlin ee kompetenten Ersatz fannen . An dësem Kader kann een der kranker Solistin just eng gutt Besserung wënschen!

Och de Chefdirigent bedauert de Krankheetsfall, freet sech awer zur gläicher Zäit iwwert déi nei Aventure fir den OPL. Mat groussen Ambitioune wëllen si um anere Kontinent d’Musek jiddwerengem zougänglech maachen. Dobäi wier et net nëmme fir de Publikum een Erliefnis, mee och fir d’Museker selwer bréngt dës Erfarung vill mat sech.

Nach ass net gewosst, wéi de risege Grupp mam Jetlag ëmgoe wäert. Dat enkt Zesummeliewe wärend der Tour wäert allerdéngs fir eng ganz nei Atmosphär, Energie a Freed suergen, déi sech natierlech mat Qualitéit an Enthusiasmus an der Musek erëmspigele wäert.

OPL

© Martine de Lagardère/moien.lu

Ënnerstëtzung vu Cargolux

Natierlech muss de logisteschen Aspekt vun esou enger grousser Tour bis an den Detail ausgeschafft sinn. Nodeems feststoung, wou de Lëtzebuerger Orchester invitéiert géif ginn an een eng intelligent Stécker zesumme gestallt huet, koum déi nächst Erausfuerderung op d’Museker duer.

Déi iwwer 100 Museker gemeinsam a Südamerika ze kréien ass eng Saach. Hir Instrumenter sécher op d’Plaz ze kréien, ass déi aner Saach. Den Transfert huet sech ufanks als immens komplizéiert an dobäi och net grad bëlleg erausgestallt. Ëmsou méi glécklech ass den OPL, datt Cargolux als eng vun de gréissten a beléiftste Fluchgesellschafte vum Transport vu Fruecht aller Aart, Initiativ ergraff huet. Als vertrauenswierdegt, kompetent Airline offréiere si nämlech den zouverlässegen Transport vun de Museker hire wäertvollste Stécker.

Um Freideg an e Samschdeg stinn déi éischt international Optrëtter vun der Südamerika-Tour zu São Paulo un. Weider geet et iwwer Buenos Aires a Rosario, op Cordoba, zeréck op Buenos Airesa schlussendlech op Montevideo.

OPL

© Martine de Lagardère/moien.lu

Schubert, Tchaikovsky a Brahms an der ausverkafter Philharmonie

Déi nei Aventure kann nëmme mat Succès gekréint sinn. Och wann de groussen OPL-Concert un engem Dënschdeg stattfonnt huet an och nach déi ursprénglech Solistin ausgefall ass, esou war gëschter d’Begeeschterung riseg. All Plaz war besat, museksbegeeschtert Leit an all Alter hu gespaant der Meeschteraarbecht vum Orchester nogelauschtert.

Mam Franz Schubert, Piotr Ilitch Tchaikovsky a Johannes Brahms huet d’Philharmonie fir eng Rees duerch déi klassesch Musek gesuergt, bei der d’Geiistin Simone Lamsma, wat iwwregens an dësem Joer an der Royal Academy of Music opgeholl ginn ass a seng Stradivari „Mlynarski“ vu 1718 a Perfektioun beherrscht, am Virdergrond stoung a mat senger Stëmm den Orchester matgeleet huet.

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Gustavo Gimeno, OPL, OPtakt, Philharmonie, Simone Lamsma, Südamerika Tour
Next post Previous post