Search

You may also like

UniGR: iwwert d‘Grenzen eraus…
Kultur Neiegkeeten

UniGR: iwwert d‘Grenzen eraus…

Gutt Nouvelle vun der Bildungsfront: zum 1. Januar lancéieren déi

Coronavirus: CARE Lëtzebuerg appelléiert un d‘Solidaritéit
Kultur Neiegkeeten

Coronavirus: CARE Lëtzebuerg appelléiert un d‘Solidaritéit

160 Länner si weltwäit vun der Coronavirus-Pandemie betraff. CARE erweidert

SC Beetebuerg: dat éischt Auswäertspill huet sech gelount
Kultur Neiegkeeten

SC Beetebuerg: dat éischt Auswäertspill huet sech gelount

En war en interessante Spillowend deen de Fussball-Enthusiasten um Samschdegowend

Philharmonie: D’rainy days sinn ofgesot – den Uergelfestival fënnt awer nach statt

Philharmonie: D’rainy days sinn ofgesot – den Uergelfestival fënnt awer nach statt

Duerch déi nei Bestëmmungen fir d’Ausbreedung vum Coronavirus ze limitéieren, dierf d’Philharmonie maximal 100 Persounen empfänken. Doduerch, an opgrond vun den Aschränkungen a Saache Beweegungsfräiheet mussen zuelräich Evenementer ofgesot ginn, dorënner fält och de Festival rainy days.

Wa méiglech, wëll een d’Editioun vum Festival 2021 nohuelen. Den een oder anere kulturellen Highlight bleift awer bestoen. Bis ewell dierf den Uergelfestival nach stattfannen. Heirënner fale folgend Concerten:

  • Ciné-Concert mam Thomas Ospital: Charlie Chaplin & Buster Keaton
    De 7. November 2020 um 15:00 a 17:00 Auer
  • Christian Schmitt, Benjamin Schäfer a Joseph Moog
    De 7. November 2020 um 20:00 Auer
  • Uergelpresentatioun fir déi ganz Famill
    Den 8. November um 11:00 Auer
  • Spiritual Quest – Maurice Clément & Adam Rixer
    Den 8. November 2020 um 16:00 Auer

Et sief drun erënnert, datt sech opgrond vun der aktueller Lag de Programm kuerzfristeg ännere kann. De Publikum gëtt gebieden d’Informatiounen op www.philharmonie.lu am A ze behalen. D’Philharmonie ass beméit all Visiteur, deen en Ticket fir e Concert huet, perséinlech mat Detailer ze fidderen, an eventuell och iwwert de Remboursement ze informéieren.

D’Ekipp gëtt sech Méi, fir esou séier wéi méiglech ze reagéieren. Trotzdeem froe si no Versteesdemech, falls et emol zu enger Verspéidung komme sollt.

Fir weider Informatiounen kann een d’Philharmonie vu Méindes bis Freides vun 10:00 bis 18:00 Auer per Telefon erreechen iwwert den (+352) 26 32 26 32 oder per Email ënnert tickets@philharmonie.lu. Perséinlech op d’Plaz ze kommen fir Froe beäntwert ze kréie soll vermeit ginn.

Opmaacherbild © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Annulatioun, Concert, Covid-19, Ofso, Philharmonie, Rainy Days 2020, Spiritual Quest, Thomas Ospital
Next post Previous post