Search

You may also like

Gewerkschaftlech Dissonanzen am Finanzsecteur
International Neiegkeeten

Gewerkschaftlech Dissonanzen am Finanzsecteur

Virun enger Woch huet d‘Gewerkschaft ALEBA mat vill Zefriddenheet bekannt

Op esou eppes war kee virbereet
International Neiegkeeten

Op esou eppes war kee virbereet

Nodeems de Parquet vu Lëtzebuerg um Dënschdeg, den Dout vun

Et kléngt nëmmen no Widderstand
International Neiegkeeten

Et kléngt nëmmen no Widderstand

Mam Gesetzprojet 7738 an den doranner enthalenen „Verschäerfunge“ wéi vum

Photovoltaik an der Groussregioun

Photovoltaik an der Groussregioun

An der Gemeng Tintigny – geleeën tëscht Florenville an Habay – soll dat gréisste Photovoltaik-Feld vun der Lëtzebuerger Provënz entstoen. Am engem Feld vu Saint Vincent sollen eng 10.000 dëser Photovoltaik-Panneauen opgeriicht ginn, déi wann se da bis un d‘Netz ginn, bis zu 900 Menage mat Stroum versuerge kënnen.

Et ass dann och net de Staat oder d‘Regioun déi hei Geld investéieren, mee d‘Entreprise Jany Gofflot vun Neufchâteau, déi sech lancéiert. D‘Argument vun der Direktioun ass schlicht: wann een sech vum nuklearen trennt, wäerten dës Photovoltaik-Felder en Deel vun der Léisung, bezunn op d‘Stroumproduktioun, sinn. De Kevin Gofflot preziséiert:

„D‘Photovoltaik ass een Deel vun der Léisung. Sécher brauch et ee vollstännege Mix, well och wann een mat der Photovoltaik am Dag an am Summer ganz gutt Resultater erziilt, et muss och virgesuergt ginn, wann d‘Spëtzen am Wanter net iwwer Solarenergie ofgedeckt kënne ginn. Déi grouss Fro déi sech stellt: gëtt d‘Atomkraaft verlängert?“.

Eng gutt a wichteg Fro, déi awer fréistens vun der nächster Regierung – wann se dann an der Belsch iergendwann eng zesummegeschrauft kréien – kéint beäntwert ginn. Eigentlech wier et jo un der Zäit an och d‘Nopere sinn net iwwert eng méiglech weider Notzung vun den alen Anlagen erfreet. Mee wann een dëse Schratt mécht, muss et Léisungen hunn.

D‘Entwécklung vun der Filière „Erneierbar Energien“ ass also onverzichtbar an och hei muss een sech bewosst sinn, datt nei Weeër mussen ageschloe ginn. Sécher géif ee sech erwaarden, datt et zu Dekreter kënnt, mat deenen d‘Notzung vun den Diecher kënnt, mee dat eleng wäert, bezunn op déi noutwenneg Leeschtung, op Dauer net duer goe kënnen.

Esou wäert den Trend zwangsleefeg zu gréisseren Installatiounen um Buedem kommen, esou an der Aart a Weis, wéi dat vun der Entreprise Jany Gofflot ugestrieft gëtt. Seng Baugeneemegung huet de Kevin Gofflot zougestallt kritt, mee et gëtt eréischt 2021 gebaut. D‘Gestionnairen, ORES (Reseau) an ELIA (Transport) mussen nach Viraarbechte leeschten.

Foto: Um Beispill vun Offlingen (Däitschland) kann de Beweis vum Notze vun der Photovoltaik erbruecht ginn. De Projet vun der Entreprise Jany Gofflot, eng Investitioun (ouni den Terrain) vun 1,8 Milliounen Euro, ka bis zu 900 Menage mat Stroum versuergen. © Andreas Gücklhorn / unsplash

Related topics Belsch, Energetesch Transitioun, Erneierbar Energie, Jany Gofflot, Photovoltaik, Tintigny
Next post Previous post