Search

You may also like

What the Fakt – Internationalen Dag vun den Hiefammen!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vun den Hiefammen!

Als Gebuertshëllef sinn si dobäi, wann neit Liewen an d’Welt

Juristesch Néierlag fir den US-President
Kultur Neiegkeeten

Juristesch Néierlag fir den US-President

Bannent wéinegen Deeg, ass et fir zweet, datt den ieweschte

Rentrée an der Policeschoul: 200 Stagiaire fänken hir Formatioun un
Kultur Neiegkeeten

Rentrée an der Policeschoul: 200 Stagiaire fänken hir Formatioun un

Gëschter goufen 200 zukünfteg Poliziste an der neier Policeschoul um

Buchpresentatioun vu „Lass uns mit den Toten tanzen“ vum Pia Klemp

Buchpresentatioun vu „Lass uns mit den Toten tanzen“ vum Pia Klemp

„Lass uns mit den Toten tanzen“ vum Pia Klemp ass leider kee fiktiivt Buch. Et ass batter Realitéit. An déi meescht vun eis kucken ewech! Op der Flucht viru Krich a Verfolgung siche Millioune Mënsche Schutz an Europa. Mä leider ass d’Mëttelmier zu engem vun de geféierlechste Grenziwwergäng vun der Welt ginn.

Déi eenzeg Leit, déi do no enger Léisung sichen, sinn zivil Séinoutretter*innen. D’Pia Klemp war Kapitän bei verschidde Rettungsmissiounen a konnt soumat vill Katastrophe verhënneren. Duerch dës Erliefnisser ass dëse Roman entstanen. Et ass nawell séier kloer, datt d’Aktivist*innen, déi Mënsche virum Erdrénke rette wëllen, an enger Welt schaffen an handelen, déi onmënschlech an ondrobar ass.

Wéi soll een do d’Hoffnung net verléieren? An nodeems hier Asätz als kriminell erkläert gi sinn, gëtt aus Mënschlechkeet e bemol Politik. Gutt, de Roman weist, datt d’Gesellschaft un d’Zweiwele kënnt, mä geet dat fir eng Verännerung duer? Wien geet alles politesch a moralesch op Distanz?

Et ass e stännege Kämpf fir d’Gerechtegkeet. Honger, Krich, Duuscht, Mësshandlung, Vergewaltegung a Folter “zwéngen” d’Flüchtlingen zu engem neie Liewen an Europa, d’Donkelziffer vun den erdronkene Mënschen ass héich. Et ass onvirstellbar. Dem Alan Kurdi seng Foto ass ëm d’Welt gaangen, e gouf zum Symbol fir déi humanitär Nout, ma et huet sech absolut näischt geännert. Nach Joren dono, seet de Papp, datt hien am Léifste mat senger Famill erdronk wier.

Dagdeeglech gëtt patrulléiert, d’Séinoutretter*inne setzen sech all Dag fir besser Mënscherechter an. Si rette Liewe souwäit et hinne méiglech ass, gi kriminaliséiert an ugeklot. Et ass fir de Kapp ze rëselen. Och d’Gerechtegkeet erdrénkt!

Wollte mir esou een Europa?

D’Pia Klemp däerf momentan net op Séi, d’Ermëttlunge lafen nach. Datt de Roman op Tatsaache baséiert, beweisen etlech Videoen, déi am Netz ze fanne sinn!

De Roman gouf nawell mat vill Häerzblutt geschriwwen, et sinn Tréine gefloss – bei der Madamm Klemp a bei mir. Et ass emotional. De Lieser hunn en Abléck an all Eck vun hirer Séil. Merci!

Wann Dir grad gemitterlech op der Fotell sëtzt, ännert eppes. Liest d’Buch, et ass nawell eng Fauscht an d’Gesiicht a loosst en anere Bléckwénkel zou. D’Welt wär schéin, wann an eis all e bësse Pia Klemp géing stiechen. Hoffentlech hëlleft och d’Buch eis Welt ze retten. An eis Mënschlechkeet a Matgefill nei ze entdecken.

Related topics Buchpresentatioun, Gefor, Gerechtegkeet, Lass uns mit den Toten tanzen, Mëttelmier, Pia Klemp, Séinoutrettung
Next post Previous post