Search

You may also like

Regierung versus Gewerkschaften
Kultur Neiegkeeten

Regierung versus Gewerkschaften

Nodeems de Premierminister Xavier Bettel mat senger ganzer Ekipp vun

Wéinst Covid-Mutatioun: Och an Dänemark ginn d’Näerzer ëmbruecht
Kultur Neiegkeeten

Wéinst Covid-Mutatioun: Och an Dänemark ginn d’Näerzer ëmbruecht

An Dänemark wëll d’Regierung elo iwwer 15 Milliounen Näerzer un

Wann et wéi op Schinne leeft…
Kultur Neiegkeeten

Wann et wéi op Schinne leeft…

Am Kader vum Lancement vum europäesche Joer vun der Schinn

Piano Days

Loscht op Piano? Dann huet de Stater Conservatoire eppes unzebidden

Piano Days

Nodeems d‘Editioun vun de „Piano Days“ 2018 am Stater Conservatoire een zolitten Erfolleg war, soll et och dëst Joer nees zu engem Weekend kommen, an deem den Haaptacteur de Piano ass. Vum 26. bis 29. Mäerz ginn d‘Piano Days organiséiert an et heescht sech bäimaache fir en Ticket ze kréien. Organiséiert gëtt den Event an Zesummenaarbecht mat Cercle Cité an der Stad Lëtzebuerg.

De Programm ass op der Héicht vun den Uspréch, déi de Stater Conservatoire sech selwer stellt. Et gëtt Konferenzen ofgehale mee virun allem Musek gespillt. Wéi scho bei de virechten Events, gëtt nees de „Präis 88 – gëlle Schlësselen“ – ee Concours fir Pianiste vu 7 bis 20 Joer – organiséiert. E flotte Challenge dee mat enger Präisiwwerreechung an engem Concert vun de Laureaten endegt.

Den Optakt-Concert gëtt et e Freideg 26. Mäerz am grousse Sall vum Cercle Cité (Plëss) an deen ass dem Ludwig van Beethoven gewidmet. Verständlech, ëmmerhin zelebréiert d‘Welt dëst Joer dem Museker säin 250. Gebuertsdag. D‘Direktioun fir dësen Owend huet de Carlo Jans, mam Kae Shiraki an dem Béatrice Rauchs um Piano. Méi dozou an zum ganze Programm fannt dir hei.

Foto: © Josh Appel / unsplash

Related topics Cercle Cité, Kultur, Musék, Piano Days, Stad Lëtzebuerg, Stater Conservatoire
Next post Previous post