Search

You may also like

5 Saache, déi s de maache kanns, elo datt de Gemengewahlkampf eriwwer ass
International Neiegkeeten Stories

5 Saache, déi s de maache kanns, elo datt de Gemengewahlkampf eriwwer ass

Haut gi mer all Wielen. An domatter ass de Wahlkampf

Ungarn: Homophoobt Gesetz a Kraaft gesat
International Neiegkeeten Stories

Ungarn: Homophoobt Gesetz a Kraaft gesat

D‘Ungarn haten zäiteg hir Demande agereecht, fir d‘Subventiounen aus dem

Klimawandel: an Australien kraazt de Thermometer un de 50°C
International Neiegkeeten Stories

Klimawandel: an Australien kraazt de Thermometer un de 50°C

Am Land vun de Koalabieren an de Kängurue leeft de

Pickegen Drot fir d‘EU-Baussegrenz

Zwielef EU-Länner bestinn elo op méi Grenzsécherung, an zéien déi onerwënscht Migratioun aus Wäissrussland an d‘Zerschloe vu Flüchtlingen un der kroatescher Grenz als Argumentatioun erun

Pickegen Drot fir d‘EU-Baussegrenz

Am Kontext vun der Sëtzung vum Rot fir bannenzeg Ugeleeënheeten – un där och de Lëtzebuerger Chefdiplomat Jean Asselborn deelgeholl huet – hunn Éisträich a Polen, zesumme mat zéng weidere Länner an engem Schreiwes vun den Inneminister, physesch Barrièren als een effiziente Schutz fir d‘EU-Baussegrenze gefuerdert. Mam pickegen Drot géif een d‘Interesse vun der Unioun sécheren.

Interessant am aktuelle Kontext, an ouni wëllen op den anti-europäesche Kontext oder déi stänneg Verstéiss géint Rechtsstaatlechkeet anzegoen: dës Mesure sollen aus dem EU-Haushalt finanzéiert ginn. Zumindest geet et esou aus dem Schreiwe vun de genannten Inneminister aus den 12 Länner un d‘EU-Kommissären Ylva Johansson an Margaritis Schinas ervir. Déi ware siichtlech erfreet…

Wann d‘Schwedin net direkt géint en Zonk un der europäescher Baussegrenz ass, esou huet d‘Ylva Johansson awer net vill fir d‘Argumentatioun vun den Inneminister iwwreg. Och datt heifir solle Mëttel aus dem Bréisseler Haushalt genotzt ginn, gëtt éischter zeréckgewisen, woubäi dat jo dann op anerer Plaz dierft beschloss ginn. Eppes méi Kloertext bitt dann de Lëtzebuerger Jean Asselborn.

EU-Baussegrenz(vlnr) Luciana Lamorgese, Inneministesch Italien; Jean Asselborn, Ausseminister Lëtzebuerg; Ylva Johansson, EU-Kommissärin. © European Union

Hie stellt emol grondsätzlech fest, datt et keen huet, wou d‘Leit onkontrolléiert an d‘EU era loosse wëll, an dat et eng Selbstverständlechkeet ass, ze préiwe wien do areest. Anersäits ass de Mann vu Stengefort géint weider Maueren, an entschidde géint d‘Internéierung vun de Migranten. Hien huet gëschter gefuerdert, datt déi sougenannt „Filterung“ muss am Aklang mat de Mënscherechter stoen.

Mënscherechter a Rechtsstaatlechkeet

Fir d‘Signataire vum Schreiwes muss een dat mat de Mënscherechter nach emol iwwerpréiwen an net all Wuert op d‘Goldwo leeën. Och dat eng verständlech Positioun vun esou jonken Demokratie wéi Bulgarien, Lettland, Litauen, Polen, Tschechien an Ungarn. Dänemark, Éisträich an Zypern hu wuel éischter eppes historesch fundéiert, awer nach ëmmer populistesch Grënn, hei matzemaachen.

EU-BaussegrenzJean Asselborn, Ausseminister Lëtzebuerg © European Union

Datt sech anersäits dann och net wierklech ofstreide léist, datt dee vu Moskau gestäipte President vu Wäissrussland, Alexander Lukaschenko, d‘Migranten net zeréckhält, huet engersäits eppes mat schwieregen diplomatesche Bezéiungen ze dinn, wei wuel och dem Fait, datt Wäissrussland jo keng Accorde mat den Noperen huet, opgrond deene Minsk d‘Migrante bei sech behalen/aspäre sollt…

Gutt et ass wuel och net vun der Hand ze weisen, datt Sanktiounen an aner Frëndlechkeete géint de wäissrussesche Regime, scho Motivatioun genuch sinn, fir eppes Rämmidämmi am Grenzberäich ze veranstalten, déi vun de Signatairen als „eng bewosst Moossnam zur Destabiliséierung“ vun der ganzer Regioun beschriwwe gëtt. Dat alles kann een esou am diplomatesche Raum stoe loossen.

EU-BaussegrenzJean Asselborn, Ausse(vlnr) Jean Asselborn, Ausseminister Lëtzebuerg; Aurelian Paduraru, Staatsekretär am rumäneschen Inneministère. © European Unionminister Lëtzebuerg; Aurelian Paduraru, Staatsekretär am rumäneschen Inneministère. © European Union

Et dierf een allerdéngs drop hiweisen, dat d‘Kläpper a staatlecher Missioun, net op den Alexander Lukaschenko, oder dësem seng uniforméiert Handlaanger klappen, mee op Flüchtlingen/Migranten, dorënner och Fraen a Kanner. Am Grenzgebitt mat Polen huet schonn Affer ze bekloen. Hei halen déi polnesch Autoritéiten awer d‘Informatiounen zréck, an och anerwäerts gëtt massiv dragefacht.

Et huet längst Videobeweiser, zur Aart a Weis wéi op der sougenannter Balkan-Route Mënsche mat äusserster Gewalt dovunner ofgehale ginn d‘EU ze betriede fir eng Demande op Asyl areechen ze kënnen. Kroatesch „Spezial-Eenheeten“ goufen esou gefilmt, wéi si e Grupp Afghanen a Pakistani iwwert ee Grenzfloss zréck no Bosnien Herzegowina „begleet“ hunn. E Wonner dat keen dout ass…

Wa kee géif kucken…

Vun all deem wëssen d‘EU-Kommissären Ylva Johansson an Margaritis Schinas natierlech, an et ass och net sécher, datt si do gréisser Problemer sollen erkannt hunn. Dës kroatesch Interventioune ginn ëmmerhin aus dem Schengen-Fonds fir bannenzeg Sécherheet finanzéiert. Dat nennt sech da wuel: „Effektiv Grenzsécherung op Käschte vun de Grondrechter leeschten“. Kann ee maachen.

EU-BaussegrenzJean Asselborn, Ausseminister Lëtzebuerg © European Union

Aus Interviewe mat kroatesche „Agrëffstruppen“ geet ervir, datt déi iwwerzeegte Majoritéit – si mellen sech Fräiwëlleg fir un de Verbriechen deel ze huelen – keng bedenken hätt op dat äusserst ze goen, wann et derzou bäidréit, d‘Flüchtlingen/Migranten dovunner ofzehalen, de Grenzberäich ze betrieden. Den Asaz vu Gewalt gëtt hei däitlech begréisst, an mécht den Optrag esou attraktiv.

Dat gëllt esou och fir Griicheland, wou d‘Küstewaach – oft zesumme mat de Kläpper vu Frontex – Flüchtlingen/Migranten zréck op d‘Mier, also ausserhalb hire Gewässer schleefen. Datt hei net oppen op d‘Schlauchbooter oder soss Embarcatioune geschoss gëtt, ass dem Fait geschëlt, datt et „Aen“ huet. Woubäi och dat hält déi vun der EU beoptraagt Mäerderbanden net ëmmer zréck.

EU-Baussegrenz(vlnr) Panagiotis Mitarachi, Minister fir Immigratioun an Asyl vu Griicheland; Jean Asselborn, Ausseminister Lëtzebuerg. © European Union

An deen eenzegen dee sech dorunner stéiert: de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Et huet natierlech ganz allgemeng keng gutt Stëmmung wa vu Flüchtlingen/Migrante rieds geet. Si kéime fir eis Fraen a Kanner ze schënnen, wëllen eis d‘Aarbechtsplazen an d‘Wunnenge streideg maachen a géifen nieft Kriminalitéit vill Krankheeten aschleefen. Esou kann een och EU-Politik maachen…

Foto: © European Union

Related topics Ausseminister, EU, EUCO, Grenzsécherung, Inneminister, Jean Asselborn, Kierchbierg, Migratioun, Rot fir bannenzeg Ugeleeënheete
Next post Previous post