Search

You may also like

D’Aufgab vu Biller an de Medien – Méi wéi just ee Konschtobjet
Kultur Neiegkeeten

D’Aufgab vu Biller an de Medien – Méi wéi just ee Konschtobjet

Fotografie ass eent vun de wichtegste Mëttelen, fir aktuell Noriichten

Kulturfabrik – De Programm vum 27. Juli bis den 1. August 2020
Kultur Neiegkeeten

Kulturfabrik – De Programm vum 27. Juli bis den 1. August 2020

Och an dëser Woch huet d’Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht nees e

Paulette Lenert zu Roum: Diskussiounen zum Fonds ABC
Kultur Neiegkeeten

Paulette Lenert zu Roum: Diskussiounen zum Fonds ABC

Am Kader vum 42. Rot vun de Gouverneure vun der

Pierre Nimax Sen.: Wäertvoll Wierker an Dokumenter krut de CEDOM vermaach

Pierre Nimax Sen.: Wäertvoll Wierker an Dokumenter krut de CEDOM vermaach

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) engagéiert sech net nëmme fir d’Literatur, mee fir déi generell Verbreedung, de Schutz an d’Conservatioun vu Wëssen an alle Beräicher. Den CEDOM – Zenter fir Etüden a musikalesch Dokumentatioun – krut elo ganz besonnesch Wierker vermaach.

Nodeems am Januar 2021 den Hofkapellmeister Pierre Nimax Sen. verstuerwen ass, huet seng Famill decidéiert dem Zenter an der BnL seng Hannerloossenschaften ze vermaachen. De bedeitende Lëtzebuerger Komponist war ënnert anerem jorelaang als Dirigent bei der Militärmusek aktiv, huet sech awer och als Organist, Chouerleeder, Pianist, Sänger a Musekspedagog engagéiert.

Pierre Nimax Sen.

Fir de Komponistenarchiv vum CEDOM sinn déi wäertvoll Partituren, Tounopnahmen, Plakater, Artikele, Bicher, Fotoen a perséinlech Dokumenter vu grousser Bedeitung. An dësem Kader soen d’Nationalbibliothéik an den Zenter fir Etüden a musikalesch Dokumentatioun dem Pierre Nimax Jun. an dem Liane Fischbach-Nimax nach emol en häerzleche Merci fir d’Vertrauen.

Fotoen: © Fonds Pierre Nimax sen.

Related topics CEDOM, Hofkapellmeister, Ierwen, Komponist, Kultur, Nachlass, Nationalbibliothéik, Pierre Nimax Sen., Zenter fir Etüden a musikalesch Dokumentatioun
Next post Previous post