Search

You may also like

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!
International Neiegkeeten

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!

De Ciné-Club zu Esch-Uelzecht luet all Mount op interessant Filmpresentatiounen

Expo „Ruhe! Von hier aus weiter“ am Prabbeli zu Wolz
International Neiegkeeten

Expo „Ruhe! Von hier aus weiter“ am Prabbeli zu Wolz

Vum 26. Mäerz bis de 7. Mee gräift de Kollektiv

D‘CGFP fuerdert eng Entrevue mam Premierminister
International Neiegkeeten

D‘CGFP fuerdert eng Entrevue mam Premierminister

Den Daachverband vun de Gewerkschafte vun der Fonction Publique (CGFP)

Massepanik bei Pilgerfest zu Meron – 44 Mënsche stierwen

Massepanik bei Pilgerfest zu Meron – 44 Mënsche stierwen

Um Donneschdeg hunn an Israel, wéi all Joers, zéngdausenden Orthodoxen de jüddesche Feierdag Lag Ba‘omer gefeiert. Et ass wuel aus reliéiser Siicht ee „klenge“ Feierdag, deen dann och haut op en Enn gaange wier. Beim Ausbroch vun enger Massepanik, si mindestens 44 Mënsche gestuerwen, honnerte Gäscht si blesséiert ginn. D‘Rettungsdéngschter sinn eppes iwwerfuerdert…

Mam Fest Lag Ba‘omer gëtt dem jüddeschen Opstand géint de réimesche Besatzer geduecht. Dësen ass als d‘Revolt vu Bar Kokhba (132-135 viru JC) an d‘Geschichtsbicher agaangen. D‘Réimer hunn dat ganzt schlussendlech fir sech entscheet. Laut der Iwwerliwwerung dann awer, ass um Dag vu Lag Ba‘omer eng Epidemie zu Enn gaangen, där vill jüddesch Reliounsschüler erleeë waren.

Fir d‘Orthodoxe also ee wierklech wichtegt Fest, an d‘Wallfaart eigentlech eng Flicht. Aus Grënn, hatt d‘Regierung dëst Joer beschloss, d‘Zuel vun den zougeloossene Pilger op 10.000 ze begrenzen, wat selbstverständlech net agehale ginn ass. „Deen do uewen deet jo Uecht, datt kengem eppes op de Kapp fält“, esou wuel de Gedanke vun de reliéis verblennte Fanatiker. Si sollten enttäuscht ginn.

Meron

Encadréiert gouf dëst reliéist Fest vu gutt 5.000 Polizisten. Wärend zäitweis am Netz vun 100.000 Participante rieds war, hunn d‘Autoritéiten an d‘Organisatioun sech op ronn 30.000 Gäscht zu Meron verstännegt. Säitens de Kolleege vun Haaretz heescht et, datt d‘Panik ausgeléist gouf, wéi Leit op Trapen ausgerutscht a gefall waren. D‘Mënschen hannert hinne wieren dunn och „gefall“…

An éischte Berichter war nach rieds dovunner, datt eng Tribün sollt agefall sinn. De Staatspresident Reuven Rivlin, huet via Twitter annoncéiert, datt hien déi weider Entwécklung observéiert a fir all d‘Affer biede géif. Op der Plaz selwer: Chaos! Ee Spriecher vum Rettungsdéngscht ZAKA huet bestätegt, datt Kanner vun hiren Eltere getrennt goufen, wat zu zousätzlecher Opreegung féiert.

Meron

En Ambulancier, dee schonn iwwer 20 Joer beim Rettungsdéngscht aktiv ass, huet uginn, esou enger Situatioun nach ni Begéint ze sinn. Hie confirméiert, datt den orthodox-reliéise Charakter vun dësem Fest derzou gefouert huet, datt sech net un d‘Oplage gehale ginn ass. D‘Police huet hirersäits bestätegt, datt no den éischte Meldungen, de mobillen Telefonsreseau zesummegebrach ass.

mat indymedia/tlv

Foto: Um Bierg Meron, si bei enger Massepanik 44 Mënsche gestuerwen, 103 Persoune goufen deels ganz uerg Blesséiert. © United Hatzalah

Related topics Doudeger, Israel, Jüddesch, Katastroph, Massepanik, Meron, Orthodox, Pilgerfest
Next post Previous post