Nei bei Editions Guy Binsfeld: „Pillem oder Këssen“ vum Roland Harsch

Bettwenzeltier an Nuetseskapaden

Wie kennt et net – Dir gitt gemittlech duerch d’Stad, trëppelt de Wenzelstuer, Dir kuckt an den Himmel an d’Sonn stralt Iech un – an dat wuertwiertlech … an niewendru sëtzt de Mound, deen e bësse sténkeg ausgesäit, net nëmme wéinst senger Laun, mee well en ee Camembert ass, an déi zwee potere mateneen, wärend e puer Schof laanschtditzen … Dat kléngt wéi en Dram? Ma genau dat ass et!

Dem Roland Harsch seng Sammlung vu Gedichter a Prosatexter dréint sech ëm Dreem a schloflos Nuechten, an ass wärend genau esou schloflosen Nuechten entstanen. D’Texter handelen deels vun der Insomnie, fuebelen awer och emol drop lass, grad wéi et dem Auteur an esou enger ellener Nuecht an de Kapp komm ass.

An esou sinn eng Rëtsch Texter entstanen, déi de gewinntenen Humor vum Roland Harsch erëmginn, mat ville Sproochspiller, absurde Situatiounen – jee dramhaften Elementer eeben.

Dat Ganzt ass eng Zort Oflenkungsmanöver: Amplaz nuets do ze leien an ze tiermen, Problemer versichen ze léisen, wou et keng Léisung gëtt, oder Problemer ze gesinn, wou a Wierklechkeet guer keng sinn, kann de schlechte Schléifer, dee säi Schlof net fënnt, de schlechte Schéifer, dee seng Schof net gezielt kritt, sech mat Hëllef vun der Sprooch op aner Gedanke brénge loossen, dowéinst: Amplaz schloflos duerch d’Nuecht ze tiermen an ze kalenneren, entspaant Iech léiwer mat dësem ofwiesslungräiche Buch.

Pillem oder Këssen
© Editions Guy Binsfeld

Den Auteur

De Roland Harsch huet seng Gebuert 1951 net verschlof, grad esou wéineg wéi säi Germanistikan Anglistikstudium zu Tréier an zu Wien. Vläicht war et seng joerelaang Tätegkeet als Däitschprofesser, déi en e bësse midd gemaach huet.

Ma trotz ville schloflosen Nuechten huet seng Kreativitéit ni gelidden, am Géigendeel, 1990 huet hien den 12. Mundartwettbewerb Saarbrücken gewonnen, 2001 krut hien de Servais-Präis an 2015 de Lëtzebuerger Buchpräis. Bei den éditions guy binsfeld huet hie bis elo Duda. Kurioses aus dem Rotstiftmilieu (2011), Rasch(t) Auer (2015) an Dat grousst Féissbuch (2019) erausbruecht.

Zum Buch

  • Pillem oder Këssen – Bettwenzeltier an Nuetseskapaden
  • Lyrik & Prosa
  • 240 Säiten
  • 134 x 210 mm
  • Gebonne mat Schutzëmschlag
  • ISBN 978-99959-42-78-6
Dernières nouvelles