Search

You may also like

Eng Osmos mat der Natur: SERVIOR „Am Park“ feiert säin Ausbau
Neiegkeeten

Eng Osmos mat der Natur: SERVIOR „Am Park“ feiert säin Ausbau

Um 6. November huet de SERVIOR „Am Park“ zu Boufer

Bausecteur: OGBL zouversiichtlech datt et zum Kollektivvertrag kënnt
Neiegkeeten

Bausecteur: OGBL zouversiichtlech datt et zum Kollektivvertrag kënnt

No 30 Méint Gestreits sollt et am Bausecteur endlech zu

E Mann ass wéinst Besëtz an Tausche vu kannerpornografeschem Material veruerteelt ginn
Neiegkeeten

E Mann ass wéinst Besëtz an Tausche vu kannerpornografeschem Material veruerteelt ginn

Véier Joer Prisong, wouvunner der dräi mat Sursis, dat ass

“PInS on Wheels” – Aweiung vum PInS-Sciencemobil

Leschte Freideg war déi offiziell Iwwergab am Forum Geesseknäppchen

“PInS on Wheels” – Aweiung vum PInS-Sciencemobil

Déi kleng A.s.b.l. mam Numm PInS ass säit dem 21. Juli mobil! Am Forum Geesseknäppchen gouf hir de PInS-Sciencemobil iwwerreecht an esou ka si hirer Missioun, engem jonke Public e spillereschen an interaktiven Zougang zu Wëssenschaften ze erméiglechen, e Stéck wäit besser nogoen. PInS steet iwwregens fir “Projets Interactifs Scientifiques”.

En ëmgebaute Liwwerwon soll déi geleeschten Aarbecht méi effikass, méi flott a virun allem méi mobil gi loossen. D’Membere vu PInS kënnen ab elo mat hirem wëssenschaftleche Gefier direkt virun d’Dier kommen a mat den Ateliere lassleeën.

Eng Solarzell um Daach soll fir déi néideg Stroumversuergung suergen. Grousse Virdeel beim PInS-Sciencemobil ass och, datt een dat ganzt Geschir beieneen op enger Plaz stockéiere kann. En Allraddriff soll doriwwer hinaus och den Asaz an der Natur a manner zougängleche Plazen erméiglechen.

Ëmgesat konnt dëse Projet duerch d’Ënnerstëtzung vun der André Losch Fondatioun an dem SNJ.

Opmaacherfoto: © PInS

Related topics Naturwëssenschaften, PINS Asbl, PINS on wheels, PINS-Sciencemobil, Sciencemobil
Next post Previous post