Search

You may also like

Jean Asselborn: D’Verhandlunge mat den USA gi virun!
Kultur Neiegkeeten Stories

Jean Asselborn: D’Verhandlunge mat den USA gi virun!

De Rot vun der EU huet gëschter d’Mandater ugeholl, déi

What the Fakt – Haut ass den Internationalen Dag vun der Famill!
Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Haut ass den Internationalen Dag vun der Famill!

De 15. Mee steet ganz am Zeeche vun der Famill.

Gëtt eis Sprooch fir de Wahlkampf op d’Säit geluecht?
Kultur Neiegkeeten Stories

Gëtt eis Sprooch fir de Wahlkampf op d’Säit geluecht?

Dës Thees stellen op mannst d’Piraten an engem Communiqué op.

PIPAPO – Sex, Drugs & Rock’n’Roll…awer sécher!

PIPAPO – Sex, Drugs & Rock’n’Roll…awer sécher!

De jonke Projet PIPAPO sollt Iech an Zukunft onbedéngt ee Begrëff sinn. D’Liewen hält vill Euphorie bereet, déi ënnert anerem och duerch Party, Musek a verschidde Stoffer ervir geruff ka ginn. A genau aus dësem Grond informéiert a sensibiliséiert déi dynamesch Ekipp iwwert all Themen ronderëm d’Feieren.

Fir datt et vun Ufank u kloer ass: bei PIPAPO gëtt keng Reklamm fir Droge gemaach! Haart Musek, a Sexualitéit an Droge gehéieren awer mëttlerweil einfach zur Party-Branche – op een et héiere wëll oder net. Ëmsou méi wichteg ass et, datt dëst Tabuthema op der Plaz ugeschwat gëtt an Informatiounen zu Inhaltsstoffer, Wierkung a Risike vermëttelt ginn. Donieft verdeelt PIPAPO mat senger mobiller Ekipp Ouerestëpp, Kondomer a féiert anonym Ëmfroen zu psychoaktive Produiten duerch.

Wie feiere geet, soll sech am viraus mat der Gesamtheet ausernee setzen a sech bewosst ginn, wat ee selwer vir huet. Esou seet och schonn den Numm PIPAPO, datt een alles mat abezéie muss, sou datt een sech ouni grousst Gedeessems amuséiere kann.

Dobäi ass de Projet eng Kollaboratioun vun 4 motion asbl, dem Fong am Kampf géint verschidde Forme vu Kriminalitéit an dem Oeuvre National de Secours Grande-Duchesse Charlotte. Iwwert eng laang Zäit huet de Carlos Paulos, Direkter vu 4motion asbl a PIPAPO, am Beräich vun der Suchtpreventioun geschafft a wollt aus perséinlechem Interessi ee stabille Sensibiliséierungsprojet lancéieren.

PIPAPO

De Carlos Paulos, Direkter vu PIPAPO © Martine de Lagardère/moien.lu

Keng Moralpriedegt!

D’Demande ass do, ähnlech Konzepter ginn et schliisslech och schonn am Ausland. Bis ewell konnte Jugendlecher an Erwuessener nämlech net wierklech oppe mat enger Vertrauenspersoun iwwert hire Konsum schwätzen. Net alles kann een evitéieren, dofir sollt een awer d’Risike kennen. Entscheedunge sollt een, fir déi eege Sécherheet, souwisou am niichteren Zoustand treffen.

Am Ganze stinn 3 Professeren a méi wéi 25 extern Persoune fir Gespréicher an Opklärung zur Verfügung. An dësem Kader sinn et awer och d’Konsumenten, déi der Ekipp perséinlech Erfarunge kënne viru ginn, déi am géigesäitegen Averständnis intern dokumentéiert ginn. Natierlech steet Anonymitéit a Vertrauen hei nees op éischter Plaz.

De Carlos Paulos gëtt awer kloer un, datt beim problematesche Konsum hir Aarbecht ophält. An dësem Fall gëtt dem Konsument eng Therapie zu Häerze geluecht.

PIPAPO

Mat Humor opzehuelen! © Shari Pleimelding/moien.lu

Den DUCK-Drug Checking

Huet ee psychoaktiv Substanze bei sech, kann een beim Stand vu PIPAPO eng kleng Quantitéit vum Stoff hannerloossen, sou datt dës am Staatslabo zu Diddeleng analyséiert an op eventuell héich toxesch Inhaltsstoffer gepréift ginn. Mat engem personifizéierte Code kann een uschléissend wärend 48 Stonnen d’Resultater online ofruffen.

Fir dëse „Schnelltest“ erméiglechen ze kënnen, huet de Projet eng speziell Autorisatioun vum Parquet kritt. Och hei ass d’Zil net eng Moralpriedegt ze halen oder souguer d’Police ze ruffen. Nee, virun allem soll ee selwer wëssen, wourop ee sech aléisst an ob ee sengem Kierper dat wierklech zoumudde wëll. De Service selwer kann am Eeschtfall eng Alerte zu engem héich toxesche Stoff erausginn, de Festival informéieren an am Noutfall dem Ministère d’Meldung vum gëftege Stoff am Ëmlaf weiderginn.

Ganzer 14 Länner féieren dësen Drug-Checking schonn duerch a kënnen duerch hir enk Zesummenaarbecht een EU-Rapport erausginn. Bei der nationaler anonymmer Ëmfro ass am Joer 2017 beispillsweis erauskomm, datt virun allem Alkohol (88,4 %), Tubak (41,2 %) a Cannabis (37,0 %) vun de Befroten an de leschten 2 Woche besonnesch vill konsuméiert gi sinn. Net grad esou beléift sinn zu Lëtzebuerg Kokain (6,8 %), Extasy (6,6 %) Speed (6,0 %), LSD (3,6 %), halluzinogen Champignonen a Ketamin (jee 2,7 %), nei psychoaktiv Substanzen (1,6 %) an Opiater (0,4 %).

PIPAPO

© pipapo.lu

De Rapport vun 2018 ass zwar nach net online, allerdéngs huet den Direkter ënnerstrach, datt de Cannabis-Balken an d’Luucht gaangen ass. Dobäi sollt een awer wëssen, datt PIPAPO nach keen Ënnerscheed tëscht THC an CBD maachen. An de Statistike soll besonnesch d’Altersgrupp tëscht 20 a 35 Joer (80 %) staark vertruede sinn.

Am Grand-Duché kann een generell och feststellen, datt Männer méi konsuméieren, wéi Fraen. Virun allem beim Cannabis huet dat männlecht Geschlecht bal duebel esou vill zou sech geholl, wéi hir weiblech Kolleginnen. Duerch grouss Statistike ka spéider erausfonnt ginn, wat um Marché existéiert, wat besonnesch beléift ass a wéi de Kierper a wéi enge Quantitéiten drop reagéiert.

PIPAPO

© pipapo.lu

Wisou iwwerhaapt?

Generell versteet een ënnert Drogen Alkohol, Nikotin an illegal Substanzen. Besonnesch dës onerlaabt Droge gi vun der Gesellschaft immens kritiséiert. Dobäi kann een d’Stoffer an divers Kategorien andeelen: Gefor (haart oder mëll Drogen), Stoffklassen (z.B. Alkaloiden) oder och Wierkung (Halluzinogen, Hypnotika, Sedativa, Stimulanta).

Virun allem bei syntheteschen Drogen, wéi beispillsweis LSD, MDMA oder Speed, ginn déi bekannt chemesch Strukture vun de bekannte Wierkstoffer geännert, wouduerch weder hir Qualitéit, nach hir Wierkung oder Konzentratioun bekannt sinn. Esou kann et schnell zu enger liewensgeféierlecher Iwwerdosis an onkalkuléierbare Wiesselwierkunge kommen.

Am Beräich vun den natierlechen Droge sollt een allerdéngs net manner virsiichteg sinn. Wärend Joerdausenden hëlt de Mënsch scho psychoaktiv Stoffer zou sech, wouduerch eng gewëss Unzuel u Substanze relativ gutt dokumentéiert ass. Hei kann een als Beispiel d’Hildegard von Bingen nennen, wat d’Eegeschaften an d’Wierkung vum Hanf erkläert huet.

Et sollt een awer bedenken, datt och a verschiddenen Naturdrogen héichwierksam Gëfter enthale sinn, déi a klenge Quantitéiten zum Dout féiere kënnen. Donieft kënnt et och ëmmer op déi kierperlech Verfassung vun der Persoun ofhänkt.

PIPAPO

Jo, och dës Magic Mushrooms (Psilocybe cubensis) kéint een am Labo teste loossen © Erik Fenderson

Et huet ee kleng missen ufänken

Nach ier de Projet richteg lancéiert ginn ass, huet ee vill Zäit mat Recherche a Formatioune verbruecht. International Informatiounsprojeten si besicht ginn, fir esou de bescht méigleche Service unzebidden. Fir een Sensibiliséierungsstand bei de Clibb, Festivallen a Concerte maachen ze dierfen, war de Wee allerdéngs méi laang. D’Ekipp huet vill misse kämpfen, fir am Milieu „ugeholl“ ze ginn a seng Missioun richteg eriwwer ze bréngen.

„D’Leit sollen sech hir Limitte selwer setzen“ erkläert de Carlos. Aus Respekt viru sech selwer an anere Persoune wier et wichteg, opgekläert ze sinn. Duerch eng Visitt beim Stand gëtt een sécherlech net méi domm, dat kënne mir selwer nom Food For Your Senses 2019 bestätegen.

Wéi gesinn d’Zukunftsvisiounen aus?

Natierlech wëll och PIPAPO méi grouss ginn. De Projet, deen zu 100 % vum Staat finanzéiert gëtt an zur Santé Publique gehéiert, soll deemnächst wärend der Woch eng Ulafstell kréien, sou datt ee sech nach virun der nächster Party informéieren an eventuell seng Substanzen teste loosse kann. Just esou kann ee virbereet an de Weekend starten.

Wie sech méi zum Projet informéiere wëll a souguer selwer an der Ekipp mathëllefe wëll, sollt emol op pipapo.lu laanscht kucken. Hei fënnt een och eraus, wou si demnächst hir Informatiounsstänn hunn.

PIPAPO

© pipapo.lu

Opmaacherbild: Ausgeléint vu PIPAPO © pipapo.lu

Related topics 4 motion asbl, Carlos Paulos, Drogen, Informatioun, Laboratoire, Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, PIPAPO, Sensibiliséierung, Sexualitéit, Suchtpreventioun
Next post Previous post