Search

You may also like

Rakéiten um perseschen Himmel
Neiegkeeten Stories

Rakéiten um perseschen Himmel

Während sech d‘Staats- a Regierungscheffe vun den „industrialiséierten Natiounen“ zu

Den US-Milliardär an de Coronavirus
Neiegkeeten Stories

Den US-Milliardär an de Coronavirus

Geet et dem US-President no, dann erleedegt d‘Fréijoer dës neiaarteg

Editorial: Eng Provokatioun sonnergläichen
Neiegkeeten Stories

Editorial: Eng Provokatioun sonnergläichen

Datt sech den Donald Trump drop konzentréiert zeréckgewielt ze ginn,

Pipo Peng: Dem Bopa säi Beschten (Chrëschtdag-Editioun)

19 - Dem Bopa säi Beschten (Chrëschtdag-Editioun)

Pipo Peng: Dem Bopa säi Beschten (Chrëschtdag-Editioun)

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007

Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck
Deel 16 – Vum Picasso gemoolt
Deel 17 – Märeler Park
Deel 18 – Kee Bock
Deel 19 – Dem Bopa säi Beschten (Chrëschtdag-Editioun)

19 – Dem Bopa säi Beschten (Chrëschtdag-Editioun)

Chrëschtdag steet virun der Dier! Meeschtens freeën ech mech dorop. Also eigentlech ëmmer. Ausser eng Kéier. Fir genau ze sinn, war dat am éischte Schouljoer. Eis Joffer wollt, datt mir als Klass e Krëppespill maachen. Eenzege Problem war, datt kee vun eis Jongen de Jousef spille wollt. Well deen hätt da jo misste mam Maria – engem Meedchen – zesumme sinn! De Bambam ass de ganzen Dezember schonn net an der Schoul gewiescht. Mengen, hie war krank. Soumat si just nach de Yeff an ech bliwwen. Jo, mir ware just zu dräi Bouwen am éischte Schouljoer. An néng Meedercher! Gutt, datt déi Joren drop e puer Knëffen an eis Klass bäikomm sinn.

De Yeff huet gemengt, hie kéint de Jousef net spillen. Well hien e ganz wäisse Kostüm doheem hätt, misst hien deen awer scho bal dofir notzen, fir en Engel ze spillen. Ech weess och ganz genau, wat fir ee Kostüm hien domadder gemengt huet – dat war ee vun de Superhelden aus eiser Liblingsserie. Dat sot hien der Joffer natierlech net. Ech hunn d’Joffer gefrot, ob net einfach e Meedchen de Jousef spille kann. Sou ee Baart wier jo spilles opgemoolt. Si hat do awer eng aner Meenung an esou hunn ech leider missten de Jousef spillen.

Dat an der Klass ze übe war scho schlëmm genuch. Ech sollt d’Maria nämlech zu engem gewësse Moment an den Aarm huelen. D’Joffer huet mir dofir ëmmer en Zeeche vun der Säit ginn. Si huet sou mam Aarm gemaach. Mä elo huet si och nach gemengt, all d’Elteren op eisen Optrëtt anzelueden. Gutt, elo mengen alleguer d’Elteren, ech wier an d’Maria verléift! Also eigentlech an d’Lisi, well hatt d’Maria spillt. An niewendrun huet de Yeff a sengem topege wäisse Kleed a selwer gebastelte Flilleken gegrinst. Iwwert sech hat hien nach sou en Hellegeschäin. Eigentlech misst een him Däiwelsharen op d’Stier pechen.

Wat sinn ech frou, datt mäi Chrëschtdag nëmmen eemol esou versaut ginn ass. Well soss fannen ech déi Zäit ëmmer immens. Am Dezember sinn de Kris an ech de Weekend iwwer bei eise Grousseltere bliwwen. Mir hunn och do geschlof. De Bopa huet eis lauter Geschichte verzielt an d’Boma huet eis ëmmer lecker Kichelcher gebak. D’Fanni ass heiansdo och matgaangen. Viru Chrëschtdag ass et dunn all Sonndeg eng Klengegkeet fir eis ginn, déi mir nom Opstoen ënnert dem Stuffendësch fanne konnten. Chrëschtdag selwer louchen dunn déi grouss Kaddoen do – net ënnert dem Bam, wéi dat bei deene meeschte Leit sou ass, mä ënnert dem Stuffendësch.

Enges Owes, wéi d’Boma an de Bopa scho fest geschlof hunn, wollten de Kris an ech eis an d’Kiche schläichen. Der Boma hir Kichelcher sinn einfach ze gutt a mir zwee Schneekerte wollten d’Këscht plëmme goen. Virsiichteg hu mir eis d’Trapen erof gemaach, an an der Kichen ukomm héiere mir e Knabberen… Meng Hand huet de Luuchteschalter gesicht a schlussendlech fonnt. O hei, wat hu mir grouss Aen gemaach! Am Schneidersëtz souz d’Fanni um Kichendësch, mat der Kichelcherskëscht fest am Grapp a mat den Aen zou. Gurmangzeg huet hatt sech ee Kichelchen nom aneren an de Mond gestach. Wat déi mannst Leit wëssen: d’Fanni schlofwandelt. Net ëmmer, mä heiansdo mécht hatt sech nuets op den Tour. De Kris an ech hunn eis kuerz ugekuckt a mat de Schëllere gezuckt, d’Luucht nees ausgemaach a sinn hannerrécks zur Kiche rausgaangen. Keng Chance.

Hellegowend huet de Bopa eis ëmmer méi fréi wéi soss an d’Bett geschéckt. Ech weess awer net firwat. De Kris an ech waren dofir awer vill ze wibbeleg. Virun allem wa mer woussten, datt déi grouss Kaddoe muer ënnert dem Dësch leie wäerten. Mir hunn eis also uewen an d’Trap gesat, vu wou aus een e Stéckelche bis an d’Stuff gesinn huet. Dat eenzeg, wat mir matkritt hunn, war e Pabeiersraschelen oder sou eppes. A mir hu Been mat Schlappe gesinn. Dat muss sécherlech d’Chrëschtkëndche gewiescht sinn, wat eis Kaddoen do apéckt! No enger Zäit si mir zwee Krapperten dann awer midd ginn an hunn eis nees an d’Bett gemaach – de Kris war uewen am Héichbett an ech louch ënnen.

Deen Dag drop si mir zwee direkt an d’Stuff gejauft an hunn se do fonnt. Eis Kaddoen. Verschidde Leit gi sech jo d’Méi, de Kaddospabeier ganz lues opzemaachen, fir datt deen och nëmmen net futti geet. Bei eis geet dat awer ratzfatz. Boah! Ech krut eng grouss Roboterfigur aus menger Liblingsserie, deen aus der siechzéngter Episod, fir genau ze sinn. De Kris krut e ferngesteierte Pompjeesauto, deen souguer Waasser sprutze kann. Ei, wat hu mir eis gefreet!

Mir si bei de Bopa gaangen, dee ganz gléckséileg op senger Plaz op der Kusch souz. „Bopa, hei ass et ëmmer esou flott“, sot ech zu him. „Jo!“ sot de Kris niewendrun. De Bopa huet eis dunn op säi Schouss geholl an eis mat engem Laachen ugekuckt. Wéi de Kris op seng baumelnd Féiss erofkuckt, jäizt hien op eemol entsat: „Bopa! Du hues jo dem Chrëschtkëndche seng Schlappen un!“ De Bopa ass e wéineg rout am Gesiicht ginn an huet ferm misste grinsen. Hie kuckt de Kris déif an d’Aen a seet: „Du bass mäi Beschten!“ Ech zibbelen um Bopa sengem Pullover a froen: „An ech?“. Du leet hie sech mam Réck hanne widder d’Kusch, léisst säi Kapp no hanne falen a muss ganz haart laachen. „Du“, seet en zu mir, „bass mäin Allerbeschten!“.

Opmaacherfoto: Pixabay

Related topics Chrëschtdag, Geschichten, Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Pipo Peng
Next post Previous post