Search

You may also like

Editorial: D‘TNS Ilres mécht eng Ëmfro zum Cannabis a kee kritt et mat
Neiegkeeten Stories

Editorial: D‘TNS Ilres mécht eng Ëmfro zum Cannabis a kee kritt et mat

De „Sondage-Institut“ TNS Ilres huet am Mäerz e Sondage gemaach,

What the Fakt – internationale Konfetti-Dag
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – internationale Konfetti-Dag

Et gëtt faarweg an lëschteg! Mir kënne Konfetti just vun

Wanted: Washington setzt e Kappgeld op de Maduro aus
Neiegkeeten Stories

Wanted: Washington setzt e Kappgeld op de Maduro aus

Et ass éischter ongewinnt fir net ze soen extrem seelen,

Pipo Peng: Eng flott Moss

7 - Eng flott Moss

Pipo Peng: Eng flott Moss

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007
Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck
Deel 16 – Vum Picasso gemoolt
Deel 17 – Märeler Park

7 – Eng flott Moss

„Wien ass dann déi flott Moss dohannen?“ huet een heiansdo vu Pappen aus dem Schoulhaff héieren, wa si hier Bouwen a Meedercher no der Schoul siche komm sinn. Ech wousst direkt, wie si géife mengen. An eiser Schoul sinn et just ural Tattaen a Bomen als Joffer ginn. Am Turnen hate mer nach zwee Hären, mä déi waren ëmmer an hirer Sportshal. Ee vun hinnen, den Här Bokureich, hat e Glasaen, mat deem hien ëmmer iergendzwousch higekuckt huet, wärend dat anert sech wëll beweegt huet.

Ech hat ni e Problem mat him. Eigentlech hat keen e Problem mat him. Bal keen. Just de Bambam krut eng Kéier eng hefteg mam “Sprachbuch 3” op de Bak. Also déi hat et a sech! Den Här Bokureich hat dat déckt Däitschbuch am Grapp, et misst wuel dem Bambam säint gewiescht sinn, an en huet zimlech wäit ausgeholl. Wéi an Zäitlupp ass säin Aarm mam Buch ëmmer méi no bei dem Bambam säi Gesiicht komm… de Bambam selwer ass stoe bliwwen an huet just haart gejaut… “PATSCH!” huet et gemaach an dem Bambam säi lénke Bak ass ganz rout ginn. Et weess zwar kee genau, wat e verbrach sollt hunn, mä wahrscheinlech hat en déi gutt verdéngt. Am Allgemenge war hien zimlech komesch an huet sech och mat deenen anere Jofferen a Kanner net sou gutt verstanen. Eng Kéier koum och eng Tatta an d’Schoul wéinst Mobbing oder sou eppes. Op der Tëlee hunn ech mol matkritt, datt 9 vun 10 Leit Mobbing net sou schlëmm géife fannen…

Mä do gëtt et awer nach eng aner Persoun an eisem Schoulgebai. Dat ass déi, déi d’Pappe sou flott fannen. Wa si no der Schoul bei hiren deieren Auto geet a fortfiert, dann dréien déi meescht duerch. Ech weess d‘Mark vum Auto zwar elo net méi. Ech mengen, et ass e Puma oder sou eppes. Ze blöd fir déi benzeg Pappen awer, datt si den Här Germain mat senge laange blonden Hoer ëmmer just vu wäitem a vun hanne gesinn. Hie seet ëmmer, datt en e Rockstar wier. An effektiv gleewen ech him dat. Wéi soll ee sech soss erklären, datt hien zwou Frëndinnen huet? Op sengem Pult stinn dräi agerummte Fotoe vun him a sengen zwou Frëndinnen – hie war all Kéiers an der Mëtt. Dacks ass et virkomm, datt ee vun eis widder d’Pult gerannt an eng Foto ëmgefall ass. Dee krut et dann anstänneg ze héieren.

D’Klasse ginn iwwregens ëmmer just bei den Här Germain, wa grad Lëtzebuergesch, Éveil aux sciences oder Bastelen um Stonneplang steet. O dat Gebastels! All Joers datselwecht… Klameren, Klameren, Klameren, Klameren… ëmmer just Klameren. Klameren an Holzpech. E Bréifhalter aus Klameren als Pappendagscadeau, d’Mamm krut eng Schmuckkëscht aus Klameren… Déi Eltere mat méi Kanner hu mir ëmmer immens leedgedoen. Déi kruten all Kéiers datselwecht geschenkt.

Hien hält sech weiderhi selwer fir zimlech cool. Dobäi weess e mol net, datt d’Pappen hie fir eng flott Moss halen…

Opmaacherfoto: pixabay

Related topics Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Melvin Hatto, Pipo Peng
Next post Previous post