Search

You may also like

Sexuellen Abus vun US-Athleten
Neiegkeeten

Sexuellen Abus vun US-Athleten

Fir den Evan Cooper, deen zu Miami mam „American-Football“ opgewuess

Dem Kardinol seng Message zu Chrëschtdag
Neiegkeeten

Dem Kardinol seng Message zu Chrëschtdag

Wéinst der sanitärer Kris mussen och d‘Reliounen an hir Kierchemänner

Fransouse mam Klimaschutzgesetz onzefridden
Neiegkeeten

Fransouse mam Klimaschutzgesetz onzefridden

A ville Stied waren eis franséisch Noperen zu Dausenden op

D‘Pirate a méi rouege Gewässer

De Sträit ass bäigeluecht an de Bléck an d‘Zukunft geriicht – De Marc Goergen gëtt als Coordinateur bestätegt

D‘Pirate a méi rouege Gewässer

Et war e mouvementéiert Joer zanter dem leschte Kongress an et soll zuweilen och Schnëssstécker ginn hunn. D‘Wellen hu sech an der tëscht geglätt an och scho bei de Feierlechkeeten zum 10. Gebuertsdag (de 7. Dezember op der Marie-Astrid) war erkennbar, datt sech nees de Konsens an der Partei installéiert huet.

Mëtt Januar war d‘Piratepartei wéinst enger „onméiglecher“ Comptabilitéit vum Rechnungshaff opgespéngelt ginn. Um Kongress war dat allerdéngs kee grousse Sujet. D‘Dagesuerdnung mat 12 Punkte war bannent enger Stonn opgeschafft, an och mat der Reform vun de Statute gouf sech net laang opgehalen. De Marc Goergen gouf als Coordinateur vun de ronn 30 Membere bestätegt.

PirateHien ass op d‘Aarbecht vun der Partei an der Chamber agaangen a confirméiert, datt d‘Piraten elo hir Plaz fonnt hunn. Si hunn zanterhier 20 Motioun an 6 Gesetzprojeten agereecht, eng helle Wull u parlamentaresche Froe gestallt an sinn och soss nach ëmmer héich motivéiert, der Regierung an den etabléierte Parteien hir Verfeelungen a Widderspréch ëm d‘Oueren ze schloen.

En onverstane Partenariat

Mat der Erhéijung vun de Finanzmëttel fir déi Deputéiert, konnt d‘Piratepartei sech nees vun der ADR léisen. D‘Pirate ware sengerzäit e Pakt mam ADR agaangen, fir e sougenannten technesche Grupp ze bilden. Eigentlech eng gutt Iddi, déi awer zu vill Kritik gefouert huet, wat nees beweist, datt nach villes iwwert de Fonctionnement vun der Chamber kaum oder schlecht gewosst ass.

PirateDëse Pakt gouf opgeléist a war och net Géigestand vun den Diskussiounen um Kongress. Dee war dann och méi drop aus, dem Land ze weisen, datt d‘Gestreits vun de leschte Méint bäigeluecht ass an. D‘Spriecher Marie-Paule Dondelinger a Starsky Flor hunn dat esou och ganz iwwerzeegend eriwwerbruecht. Eng sécherlech wichteg Viraussetzung, fir sech den Ziler entgéintzestellen.

Berechtegt Kritik un der Regierung

De Marc Goergen huet sech um Kongress awer och e rhetoreschen Exkurs gegënnt an ass zimlech hefteg mat der Regierungskoalitioun ëmgaangen. „Gambia“ esou d‘Tripartite vun DP, LSAP an déi gréng, géif d‘Prioritéite vun de Bierger weder erkennen nach berecksiichtegen. E Fait deen sech grad bei esou wichtegen Themen, wéi Fiskalitéit, Logement an/oder dem Klima betoune léist.

Et géif kaum, an domatter vill ze wéineg, ënnerholl dem Aarmutsrisiko entgéintzewierken, dofir dann awer séier un de Steiere gebastelt. Och bei de Piraten ass ee folglech net iwwerzeegt, datt d‘Erhéijung vun den Accisen eng valabel a miessbar Verbesserung vun der Ëmweltbelaaschtung mat sech brénge kann. Et wier besser op Innovatioun an realistesch Mesuren ze setzen.

Pirate

Och a Punkto „participativ Demokratie“ soll eppes geschéien. Esou wëllen déi zwee Deputéiert vun der Piratepartei och de Bierger d‘Méiglechkeet araumen, sech mat enger Fro un d‘Regierung, also éischter d‘Minister ze wennen. Op der Plattform Fro.lu kann een hinnen déi Froen, déi ee stelle Wëll areechen, si formuléieren dat dann esou datt et recevabel gëtt a leeden d‘Froen da weider.

Foto: © Piratepartei

Related topics Klimapakt, Klimawandel, Kongress, Logement, Marc Goergen, Piratepartei, Steierreform, Sven Clement
Next post Previous post