Search

You may also like

De Cascade… kee Béier an awer mat Happ zesummegeschrauft
Neiegkeeten

De Cascade… kee Béier an awer mat Happ zesummegeschrauft

Offiziell heescht et de Cascade ass ee gehappten Äppelwäi mat

48 Refugiéen aus Italien sinn op Lëtzebuerg komm
Neiegkeeten

48 Refugiéen aus Italien sinn op Lëtzebuerg komm

Am September 2015 huet de Conseil  “Justice et affaires intérieures” (JAI)

CNL Miersch: Dem Tit Schroeder säin Theater
Neiegkeeten

CNL Miersch: Dem Tit Schroeder säin Theater

Besuch um Wudderhaff, dem Tit Schroeder säin éischt Theaterstéck vu

Et muss sech mat der Definitioun „Dialog“ befaasst ginn

An hirem parlamentaresche Bilan sinn d‘Piraten op eng „bizar“ Chambersessioun agaangen

Et muss sech mat der Definitioun „Dialog“ befaasst ginn

De Marc Goergen an de Sven Clement hunn, wéi et sech fir Pirate gehéiert, virun zwee Joer zwee Chambermandater gekapert an kënnen sech op eng gutt a seriéis Aarbecht beruffen. Si hätten sech dann elo och agelieft a mat de Prozeduren ugefrënnt.

Un Aarbecht feelt et hinnen net: an der Chambersessioun 2019/2020 hunn d‘Piraten der Regierung 254 Froe gestallt a ganzer 24 Motiounen abruecht. Fënnef dovunner sinn ugeholl ginn, sechs hunn et nach zumindest an déi zoustänneg Chamberkommissioune gepackt. Dat ass en Erfolleg, op deen aner Oppositiounen net hiweise kënnen. An datt den Duo Goergen/Clement éischter federéiert wéi spléckt, kann een och un den agereechte Gesetzprojeten.

Aacht Gesetzer hunn d‘Piraten an der Chamber deponéiert, an entgéint der Traditioun – d‘Majoritéit huet grondsätzlech d‘Gewunnecht kee Projet vun der Oppositioun ze dulden – ass eent ugeholl ginn an esou konnten dann och eng Rei Berichter vun der Presidentekonferenz ëffentlech gemaach ginn. Et huet sech hei ëm Rapporten am Kontext vun der Covid19-Kris gehandelt. Doriwwer eraus hunn déi zwee engagéiert Politiker dräi Debatte provozéiert.

Dat ass en erfreeleche Bilan, an déi sympathesch Vertrieder vun enger „politescher Sensibilitéit“ konnten dann och de Beweis erbréngen, datt si sech hir Plaz am héijen Haus verdéngt hunn. Si setzen sech fir d‘Land a seng Bierger an, bidden dësen d‘Méiglechkeet och Froen – déi si gäre gestallt wéissten – anzereechen, wat jo bis ewell nach keng aner Partei hikritt huet. D‘Piraten si mëttlerweil net méi ze ënnerschätzen.

Etat de Kris an Dialog

De Sven Clement gesteet sech an, datt déi duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitär Kris, déi zum Etat de Kris gefouert huet, an dëser Sessioun zum Dréi- an Angelpunkt ginn ass. Wann am grousse Ganze villes richteg gemaach ginn ass, gemooss un der Urgence an der feelender Erfarung, esou war den Dialog dach awer éischter Grenzwäerteg. Eng ganz Rei Ministeren hätte gutt, anerer dofir besonnesch schlecht kommunizéiert.

Fir den Deputéierten ass et kee gutt Zeechen, wann eng Regierung Verspriechen an de Raum stellt, an da scho bal muss kujenéiert ginn, fir déi dann och anzehalen. Eng onverständlech, jo esouguer widderspréchlech Kommunikatioun – intern wéi no baussen – ass och net dat wat sech Bierger vun hirer Regierung erwaarde sollten. D‘Gestioun selwer war wuel besser wéi op villen anere Plazen op dëser Welt, mee och dat muss nach op de Leescht geholl ginn.

Datt trotz Noutstand d‘Chamber dann hir Aarbecht konnt maachen, an esou hirer Kontrollfunktioun gerecht ginn ass, dierf een dobäi net aus den Ae verléieren. Et war also net alles gutt, mee och net alles schlecht. Bei de Covid19-Gesetzer wier een agebonne ginn, an esouguer Propose vun der Oppositioun hunn sech an den Texter fonnt. No der Kris, muss sech eng Enquêtëkommissioun am Fong mat der Krisegestioun befaassen.

Related topics Marc Goergen, parlamentaresche Bilan, Piraten, Piratepartei, Sven Clement
Next post Previous post