S.A.R. d’Groussherzogin mat Video-Message fir Kriibspatienten
An de leschte Wochen huet S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa divers
An de leschte Wochen huet S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa divers
Dës weltwäit Campagne jäizt no enger fairer, sécherer a méi
Wärend der Séance Publique vum 19ten Januar 2021, huet de Mëttelstandsminister dem Deputéierte Sven Clement, op seng verschidde Froen iwwer d’Hëllef fir eisen HORECA Secteur geäntwert. De Minister huet a senger Äntwert gesot, dass all Informatiounen zu den Hëllefen op guichet.lu oder um Site vum House of Entrepreneurship ze fanne wieren.
Mir Pirate lauschteren op eis Matbierger a verstinn, dass verschidden Independanten am HORECA Secteur Hëllef brauchen, wann et drëms geet fir déi richteg Hëllefen erauszesichen an d’Demanden ze maachen. Dofir proposéiere mir, dass d’Regierung ee Service am Ministère des Classes Moyennes ariicht wou all Restaurateur sech melle kann an da gehollef kritt, de Choix ze maachen an d’Demande auszefëllen.
Matgedeelt vun de Piraten
Den offiziellen Communiqué fannt Dir HEI.
Opmaacherbild: © Bundo Kim / Unsplash