Piraten: D’Mesure ginn nach net wäit genuch

D’Pirate reagéiere mat gemëschte Gefiller op déi vun der Regierung um haitegen Dag (29.11.2021) annoncéiert nei Covid-Mesuren. D’Reduzéierung vun der Gëltegkeet vu PCR- a Schnelltester fënnt d’Ënnerstëtzung vun der Partei, mee d’Pirate bedaueren, dass d’Mesuren net wäit genuch ginn a keng eenheetlech Reegele fir Schoulen an Aarbechtsplaze geplangt sinn.

D’Covid-19-Infektiounszuelen am Land huele weider zou, Etude weisen, dass d’Wierksamkeet vun den Impfunge mat der Zäit noléisst, ëmmer méi gefälschten Impfzertifikater kurséieren an eng potentiell geféierlech nei Virusvariant breet sech lues a lues och an Europa aus. Virun dësem Hannergrond schéngt et méi wéi néideg nei sanitär Mesuren ze huelen an dofir begréissen d’Piraten och déi annoncéiert Reduzéierung vun der Gëltegkeet vu PCR- a Schnelltester.

D’Piraten hu scho säit laangem ëmmer nees an der Chamber drop opmierksam gemaach, dass eng Gëltegkeet vun 48h fir e Schnelltest, deen ëmmer nëmmen eng Momentopnam ass, e potentielle Risiko duerstelle kann. Dofir ass et déi richteg Entscheedung, hei d’Gëltegkeet erof ze setzen. Sech eleng op d’Gëltegkeet vun de Covid-Tester ze konzentréiere geet an den Ae vun de Piraten awer net duer, fir deenen aktuelle Schwieregkeeten entgéint ze trieden.

De Sven Clement seet heizou: „An Zäiten, an deenen sech jiddereen online e gefälschte Covid-Check-Certificat kafe kann, an et ëmmer méi däitlech gëtt, dass den Impfschutz 6 Méint no der leschter Impfung zwar nach viru schlëmme Verleef schützt, mee net méi viru symptomateschen Infektiounen, muss een driwwer nodenken, och geimpfte Persounen nees méi reegelméisseg ze testen.“

Et sollt dofir iwwerluecht ginn, ob de Large Scale Testing net iwwert d’Wanterméint nees sollt opgemaach ginn an ob fir Evenementer, wou vill Leit sech versammelen, eng Testflicht fir jiddereen – also och fir Geimpfter – agefouert sollt ginn. Leider wëll d’Regierung hier Test-Strategie bis op Weideres awer net upassen.

D’Mesure, méi reegelméisseg Tester fir all d’Employéeën op der Aarbechtsplaz festzeschreiwen, fënnt derweil d’Zoustëmmung vun der Partei, well se eng zousätzlech Sécherheet bitt, mee d’Pirate kënnen awer net novollzéien, firwat dës Sécherheet net och an de Schoule soll erreecht ginn.

„De Virus mécht keen Ënnerscheed tëscht engem Klassesall an engem Büro oder engem Atelier. Mir mussen d’Kanner genee esou gutt protegéieren wéi déi Erwuessen“, seet heizou de Marc Goergen.

D’Käschte vun den Tester dierfe selbstverständlech awer och net op d’Käschte vun de Salariéë goen. D’Tester missten den Employeure vu staatlecher Säit aus zur Verfügung gestallt ginn, fir weder d’Betriber nach d’Salariéeë finanziell ze belaaschten.

D’Pirate wieren sech dofir och weiderhi géint den aktuelle Covid-Check-Regime fir d’Aarbechtsplaz, wou de Patrone fräi Hand gelooss gëtt an och Persoune mat klenge Gehälter kënne gezwonge ginn, hier Tester selwer ze finanzéieren. Vill Patronen a Salariéeën hunn un dëser sanitärer Kris scho finanziell gelidden an dofir ass et wichteg si net weider ze belaaschten.

Fir esou sécher wéi méiglech duerch dëse Wanter ze kommen, musse séier zousätzlech a solidaresch Mesure geholl ginn, déi kee benodeelegen a jidderengem ze gutt kommen. Een Erofsetze vun der Gëltegkeet vun de Covid-Tester a verstäerkten Tester an de Schoulen eleng gräifen ze kuerz.

Matgedeelt vun der Piratepartei

Dernières nouvelles