Search

You may also like

dislike
Suessem: Erstaunleches aus der Bréifkëscht
Meenung Neiegkeeten

Suessem: Erstaunleches aus der Bréifkëscht

Déi Lénk aus der Gemeng Suessem hu richteg festgestallt, datt

CGDIS: Keen huet behaapt et géif einfach ginn
Meenung Neiegkeeten

CGDIS: Keen huet behaapt et géif einfach ginn

Am Dezember huet den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement,

CGFP: Konkret Fuerderungen zur Steierreform
Meenung Neiegkeeten

CGFP: Konkret Fuerderungen zur Steierreform

A senger Sëtzung vum Dënschdeg huet den CGFP-Nationalvirstand den Haushaltsentworf

D’Piraten zum RTL-Uerteel: „ E wichtege Schrëtt hin zu méi Transparenz“

D’Piraten zum RTL-Uerteel: „ E wichtege Schrëtt hin zu méi Transparenz“

D’Pirate gesinn am rezenten Uerteel vum Verwaltungsgeriicht, duerch dat d’Regierung verflicht gouf, den Deputéierten Asiicht an de ganze Konzessiounsvertrag tëscht RTL an dem Lëtzebuerger Staat ze ginn, e wichtege Schrëtt hin zu méi Transparenz an enger Stäerkung vun der Legislativ als Kontrollorgan vun der Regierung.

Nodeems de Sven Clement iwwerpréiwe wollt, ob RTL duerch d’Restrukturéierungspläng vun 2019 nach géif d’Konditiounen aus den Kontrakt mam Lëtzebuerger Staat respektéieren, a vum Premier- a Medieminister Xavier Bettel den Zougang zum besoten Dokument verweigert krut, hat den Deputéierten eng Klo um Verwaltungsgeriicht agereecht.

An zweeter Instanz krut den Deputéierte elo d’Recht zougesprach Abléck an de Kontrakt tëscht dem Staat an RTL ze kréien, fir senger Aufgab als Deel vun der Legislativ nozekommen an d’Méiglechkeet ze kréien, d’Regierung ze kontrolléieren, esou wéi et an der Verfassung festgehalen ass.

De Sven Clement gesäit an der Entscheedung vum Verwaltungsgeriicht „e Grondsazuertdeel, dat de Wee fir eng besser parlamentaresch Kontroll fräi mëscht an e Gewënn fir d’Demokratie an d’Transparenz“.

Et gëtt sech erwaart, dass an de kommende Woche weider Deputéiert vun hirem Recht gebrauch wäerte maachen, an eng Demande beim Medieminister areechen, fir en Abléck an de Vertrag mat RTL ze kréien, an esou e wéineg méi Luucht an dësen Dossier ze bréngen.

De Spriecher vun de Piraten, de Starsky Flor, betount, wat fir Konsequenzen d’Uerteel vum Verwaltungsgeriicht och fir aner politesch Dossieren huet:

„Bis elo war et üblech, dass d’Regierung Kontrakter am Numm vum Lëtzebuerger Staat agaangen ass, ouni dem Parlament mussen en Abléck an dës Dokumenter ze ginn. Dat wäert sech an Zukunft änneren. Ech si mir sécher, dass dëst Uerteel iwwert de konkrete Fall vun RTL eraus och fir aner Verträg a Memorandums of Understanding als Grondlag fir eng besser parlamentaresch Kontroll dénge wäert.“

Fir d’Piraten-Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen steet op allefalls scho fest, dass si et net bei RTL beloosse wëllen. D’ Verträg mam Jugurtsproduzent FAGE, genee esou ewéi d’Kontrakter, déi am Kader vun der Versuergung vu Lëtzebuerg mat Impfstoffer géint de Covid-19 vun der Regierung ënnerschriwwe goufen, sti ganz uewen op der Lëscht, fir vun den Deputéierten iwwerpréift ze ginn.

D’Pirate freeën sech, duerch hier Plainte, an deem wichtegen Uerteel zu deem se gefouert huet, dozou bäigedroen ze hunn, d’Parlament an domat och d’Demokratie am Land ze stäerken.

Matgedeelt vun der Pirate-Partei

Hiren offizielle Communiqué fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Tetiana Shyshkina / Unsplash

Related topics Fage, lËTZEBUERGER sTAAT, Marc Goergen, Piraten, Regierung, RTL, Sven Clement, Transparenz, Uerteel, Verwaltungsgeriicht
Next post Previous post