Booster-Impfung: Pirate fuerderen d’Delaien ze kierzen

De leschte Freiden, den 19.11.21, huet d’Regierung hiren Accord ginn, dass all Erwuessenen zu Lëtzebuerg sech ka “boostere” loossen, d. h. eng gratis Opfrëschung vu senger Covid-Impfung kréie kann. Den Zäitpunkt vun der Booster-Impfung soll 6 Méint no der leschter Impfung leien.

Den zoustännege Service wäert elo no an no d’Invitatioune fir eng drëtt Impfung (respektiv zweet Impfung bei Johnson&Johnson) rausschécken. D’Invitatioun huet keen Oflafdatum.

All dëst si Schrëtt déi mir Piraten am Prinzip begréissen. Allerdéngs weisen d’Resultater aus enger schwedescher Etüd, déi nach peer-reviewed gëtt, mam Titel “Effectiveness of Covid-19 Vaccination Against Risk of Symptomatic Infection, Hospitalization, and Death Up to 9 Months: A Swedish Total-Population Cohort Study”, datt d’Impfstoffer vu BioNTech, Moderna an AstraZeneca deelweis scho virum sechste Mount un Effektivitéit ofhuelen, wat de Schutz géint eng Covid-19 Infektioun ugeet.

Virun allem beim Vaccin vun AstraZeneca hätt laut Studie schonn no 4 Méint de Schutz virun Infektiounen drastesch ofgeholl (wärend de Schutz virun engem schwéiere Verlaf awer nach Bestand huet). BioNTec läit zum Vergläich no 4 Méint no der 2ter Dosis nach bei ongeféier 50% Schutzwierkung géint eng symptomatesch Infektioun.

Mir Pirate fuerderen d’Regierung op, sollten d’Resultater aus dëser Etüd vun anere Wëssenschaftler bestätegt ginn, fir d’Delaie fir d’Invitatioune fir Persounen déi mat AstraZeneca geimpft goufen ze verkierzen, fir esou de Risiko vun enger Infektioun bei dëse Persounen ze verréngeren. Mir ruffen dozou op, dass ee soll de Leit déi mat AstraZeneca geimpft goufen de Choix loossen, fir sech schonn no véier Méint « boosteren » ze loossen.

Matgedeelt vun der Piratepartei

Dernières nouvelles