De Julian Assange däerf net ausgeliwwert ginn!

D’Piratepartei condamnéiert kategoresch d’Decisioun vun der Londoner High Court of Justice vum leschte Freiden d’Ausliwwerungsverbot vum australesche Whistleblower Julian Assange opzehiewen.

Wann den Assange ausgeliwwert géif ginn, wär dat e ganz schlëmme Coup fir d’Pressefräiheet an fir en onofhängegen investigative Journalismus. Net nëmmen datt him iwwer 100 Joer Prisong droen soubal hien e Fouss op den US-amerikanesche Buedem setzt, mee et wier och e e schreckleche Message fir all déi Fraen a Männer, déi sech fir d’Opdeckung an d’Opklärung vu Mëssstänn an der ganzer Welt asetzen.

Et geschéie leider vill ze vill Grujelegkeeten, an zwar iwwerall, fir datt mir einfach esou op Enthüllungsplattformen an déi couragéiert Leit, déi hannendru stinn, verzichte kënnen.

Matgedeelt vun der Piratepartei

Annexe:

Latest news
Related news