Search

You may also like

Europäesch denken, Grenzkontrollen ofschafen
Meenung

Europäesch denken, Grenzkontrollen ofschafen

An der Groussregioun gëtt Europa scho laang gelieft. D’Staaten a

Frankräich vertraut op Atomkraaft
Meenung

Frankräich vertraut op Atomkraaft

Eis franséisch Nopere bezéie ronn 70% vun hirem Stroum aus

Nëmmen e Profi packt et, méi wéi 7 Richteger an eisem Verbe-Quiz ze kréien!
Meenung

Nëmmen e Profi packt et, méi wéi 7 Richteger an eisem Verbe-Quiz ze kréien!

[onionbuzz quiz-id=150][/onionbuzz] Hannert eise Verbe verstoppen sech heiansdo di gréissten

Piratepartei: „D’Regierung hält näischt vun Transparenz!“

Piratepartei: „D’Regierung hält näischt vun Transparenz!“

Dës Woch soll d’Gesetz 6810 zur „Administration transparente et ouverte“ gestëmmt ginn, e Projet deen d‘Regierung als Quantesprong am Informatiounszougank bezeechent huet. Leider huet d‘Regierung hei eppes versprach fir elo genee de Géigendeel ze maachen.

„Dëst Gesetz ass en Intransparenzgesetz“ betount de Sven Clement, Parteipresident vun de Piraten. „Amplaz den Informatiounszougank ze erlaben an esou en ëffentlechen Debat mat Fakten ze erméiglechen, probéiert d‘Regierung an d‘Chamber mat dësem Text de Bierger ze entmëndegen.“

D‘Piratepartei kritiséiert hei all d‘Parteien déi an der Regierung, wéi an der Chamberkommissioun dëst Intransparenzgesetz zustane bruecht hunn. Nodeems d‘Piraten 2014 eng Propose fir en Transparenzgesetz no Hamburger Modell virgestallt haten, muss bedauert ginn datt kee vun de gudden Usätz berécksiichtegt gouf. Schlëmmer nach, esouguer de Grond vun engem Refus soll engem nëmmen iwwert e Rechtssträit (mat Affekot) gewuer ginn.

„Dëst Gesetz „ Administration transparente et ouverte“ ass eng glaat Ligen. Wann d‘Parteien éierlech wieren, géifen se dësen Text „Administration opaque et fermée“ benennen. Nodeems d‘Viviane Reding schonns näischt zu Niewenakënft wollt soen, weisen déi aner Parteien elo, datt och si léiwer Sonndesrieden iwwert Transparenz schmäissen, wéi se an der Realitéit ëmzesetzen.“

„Dëst Gesetz befërdert just Populismus an Debatten ouni Fakten, d‘Regierung muss sech selwer mat der Nues huele wann an Zukunft nach manner mat Fakte kann argumentéiert ginn“, esou de President vun der Piratepartei.

Related topics Chamber, Chamberwahlen 2018, Piratepartei, Sven Clement, Transparenz
Next post Previous post