Search

You may also like

surprise
SpaceX: Déi gréisste Rakéit vun der Welt ass um Wee Richtung Mars
Neiegkeeten

SpaceX: Déi gréisste Rakéit vun der Welt ass um Wee Richtung Mars

D‘Falcon Heavy vu SpaceX ass um Dënschdeg op seng éischt

Cabaret zu Steesel: Et geet ëm de Fric
Neiegkeeten

Cabaret zu Steesel: Et geet ëm de Fric

Wann een d‘Hannergrënn vun deene groussen an och deene méi

D’Handelskummer verlaangt Flexibilitéit beim neien Dateschutz
Neiegkeeten

D’Handelskummer verlaangt Flexibilitéit beim neien Dateschutz

Elo wou Lëtzebuerg muss déi zwou Bréisseler Direktiven (UE/2016/680 &

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris

Gëschter hu mir eis laang an der Sonn ameséiert, ma mir hunn net mam Ball gespillt. Dobäi fält mir an, dass ech vergiess hunn Seefeblosen ze kafen. Soll ech se einfach selwer maachen?

Nee, mir hunn Onkraut erausgerappt – et huet nach ni esou vill Spaass gemaach, eis Wiss huet bal keng Pissblumme méi. Ewéi ech mengem Mann allerdéngs gesot hunn, mir kéinte jo veganen Hunneg draus maachen, huet en de Kapp gerëselt. Ech kann e verstoen. Mä d’Iddi reizt mech awer. Mol kucken …

Salzdeeg

© Jessica Mersch / Bichergeck

Et ass bestëmmt blöd an dëser Zäit a Situatioun kee Gaart ze hunn. Just Bëtong depriméiert, oder? Gutt, dass e nach dierf eraus an d’frësch Loft goen! De Summer steet virun der Dier, all Sonnestral ass wichteg fir onse Vitamin D Haushalt.

Mir hunn eis och endlech un de Salzdeeg erugetraut, ech hunn mech laang virdru gezunn. Ech kann dat Gepiddels net ausstoen, et ass en ellent Gefill. Dofir maachen ech och ongär Bulletten. D’Rezept fir de Salzdeeg hunn ech vun www.kannerdoheem.lu – en ass eis gutt gelongen. Ech hunn nach e bësse Planzenueleg drënner gemëscht, esou huet den Deeg net un de Fanger gepecht.

– Nee Larissa, den Deeg ass net fir z’iessen, mir bastelen elo. Net an de Mond huelen – ech sot der et jo!

Salzdeeg

© Jessica Mersch / Bichergeck

D’Internetsäit suergt fir nei Iddie wann eis d’Inspiratioun ausgeet. Elo waarde mir op eis Waasserfaarwen an da ginn eis Konschtwierker gefierft. (Fir d’Beispillfoto hunn ech mengem Groussen seng Gouache geholl.) E klenge Sprëtzer Hoerlack suergt dofir, dass d’Faarf net ze séier verblatzt. Ech mengen d’Boma kritt en Häerz geschenkt!

Fir d’nächst probéiere mir eng Muermelbunn ze bastelen, ier e vun der Famill déi suergfälteg gesammelt Rulloen ewechgehäit. Dat géing en Drama ginn!

Salzdeeg

Mäi BillerLexikon, Meng Welt © Jessica Mersch / Bichergeck

Owes hu mir eis et op der Fotell gemitterlech gemaach – mam neie Billerlexikon vu Kremart. En ass fir Kanner tëscht 2 a 4 Joer, ma ech fannen, et kënnt een ni aus dem Alter eraus e Buch ze kucken. Mir hunn e Sichspill draus gemaach! Et geet haaptsächlech ëm eisen Alldag. Wat passéiert an eiser Kichen, ewéi gesäit et am Supermarché aus a wat ënnerhuele mir op der Spillplaz? Et ass nawell allerhand lass an deem klenge Bichelchen. Vill Froen, vill Äntwerten – muncher sinn a stabille Klappe verstoppt.

Et bleift nëmmen nach eppes ze soen – Joffer Alex, mir vermëssen Dech!

Opmaacherbild: © Melissa Askew / Unsplash

Related topics Bicher, Coronavirus, Covid-19, Ënnerhalung, Feierdeeg, Kremart, Mäi Biller-Lexikon, Onkraut, Pissblummen, Salzdeeg
Next post Previous post