Search

You may also like

Biergerdialog a Wahlkampf: „fléissend“ Grenzen
Neiegkeeten

Biergerdialog a Wahlkampf: „fléissend“ Grenzen

Steierflucht, Ekologie a Migratioun: dat waren e puer vun de

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?
Neiegkeeten

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?

Enn Abrëll hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten) am Uschloss

Evaluéierung vun ausgewielte Fläche vum Biotopkataster
Neiegkeeten

Evaluéierung vun ausgewielte Fläche vum Biotopkataster

Déi geschützt Biotopen a Liewensraim sinn an de Joren 2007

Place de Metz: Een Zeeche fir de Fridden

Place de Metz: Een Zeeche fir de Fridden

Am Kader vum 50. Gebuertsdag vum Volontariat bei der Lëtzebuerger Arméi, sou wéi dem 175. Gebuertsdag vun der Militärmusek ass gëschter ee Monument ageweit ginn. A Presenz vu S.A.R. dem Groussherzog, dem President vun der Chamber Fernand Etgen, dem Verdeedegungsminister François Bausch, der Stater Buergermeeschtech Lydie Polfer an dem Generol Alain Duschène huet déi feierlech Zeremonie stattfonnt.

Place de Metz

Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun, Chef vun der Militärmusek © EMA

Ze fannen ass d’Monument op der Place de Metz an der Stad Lëtzebuerg. D’Artistin Hedva Ser huet der Skulptur dobäi den Titel „Arbre de la Paix“ ginn a wëll domat d’Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Arméi um internationalen Niveau, sou wéi an de verschiddene Friddensmissiounen duerstellen. D’Kënschtlerin selwer ass Ambassadrice (de bonne volonté) a setzt sech bei der UNESCO fir déi kulturell Diplomatie an.

Place de Metz

(v.l.n.r.) Fernand Etgen, Chamberpresident; S.A.R. de Groussherzog; Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch; François Bausch, Verdeedegungsminister © EMA

Symbolesch integréiert sech de Friddensbam an d’Avenue de la Liberté, déi mat der Befreiung 1944 verbonne gëtt, sou wéi dem Gebai vun der Spuerkeess, déi hiren éischte Sëtz 1952 an engem pazifisteschen Europa ënnert der CECA hat.

Opmaacherbild: (v.ln.r.) Generol Alain Duschène, Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch; François Bausch, Verdeedegungsminister; S.A.R. de Groussherzog; Hedva Ser, Kënschtlerin; Fernand Etgen, Chamberpresident © EMA

Related topics Arbe de la Paix, Befreiung, Europa, Fernand Etgen, Friddensbam, Generol Alain Duschène, Hedva Ser, Lydie Polfer, Monument, Place de Metz, S.A.R. de Groussherzog Henri, Spuerkeess, UNESCO
Next post Previous post