Search

You may also like

Fransousen enthalen sech bei de Kommunalwahlen (Gaaschtkommentar)
Neiegkeeten

Fransousen enthalen sech bei de Kommunalwahlen (Gaaschtkommentar)

Alles wat net „systemrelevant“ ass, also d‘Gastronomie, den Eenzelhandel (ausser

Covid19-Reglementéierung: „Et bleift wéi ass!“
Neiegkeeten

Covid19-Reglementéierung: „Et bleift wéi ass!“

De Premierminister Xavier Bettel huet gëschter am Covid19-Pressebriefing erkläert, datt

Nordspidol verëffentlecht Joresbericht 2019
Neiegkeeten

Nordspidol verëffentlecht Joresbericht 2019

Wann een de Rapport zu den Aktivitéite vum Nordspidol (CHdN)

Place de Metz: Kann de Kulturministère elo d’Wieder steieren?

Eclat ëm en Ënnerdaach beim neien Tramsarrêt op der Place de Metz

Place de Metz: Kann de Kulturministère elo d’Wieder steieren?

déi Lénk Stad war vun Ufank un fir d’Iddi vum Tram, beobacht elo voller Freed, datt dëst Mëttel vum ëffentlechen Transport endlech bis an d’Garer Quartieren fiert. Gespaant erwaarden d’Memberen déi definitiv Abetribnam um 13. Dezember 2020. Trotzdeem weise sech déi Lénk Stad verwonnert, datt de Kulturministère elo iwwert iwwermënschlech Fäegkeete verfüügt.

Méi genee geet et dorëm, datt ënnert de 4 neien Tramsarrêten, dee vun der Place de Metz keng Méiglechkeet bitt, fir sech ënnerdaach ze stellen. Op Nofro bei Luxtram SA ass ee gewuer ginn, datt dëst eng Interventioun vum Kulturministère war.

En Ënnerdaach fir d’Notzer vum Tram géif nämlech op dëser Plaz verschidden Deeler vun der Stad Lëtzebuerg ënnergruewen, déi vun der UNESCO zum Weltkulturierwen erkläert goufen.

Wann ee bedenkt, datt d’Stad Lëtzebuerg am Ranking op Plaz 8 vun deene Stied läit, wou et am meeschten an Europa reent, sinn d’Besoinen vun den Tramsnotzer scheinbar net wichteg. Dës weideren erklären déi Lénk Stad, datt d’Place de Metz net an enger geschützter Zon, mee an engem Puffer vun der UNESCO geleeën ass.

Bei der Visitt vun den UNESCO-Experten huet och déi modern Architektur vum nationale Musée fir Geschicht a Konscht (MNHA) an der Alstad net gestéiert. Do stéiert déi diskret iwwerdaacht Haltestell vu Luxtram SA sécher net verhënnert och net d’Vue op den Kulturierwen.

„Leider verstoppen se och net déi architektonesch Verbriechen, déi weiderhin ronderëm d’Bréisseler Plaz an de Boulevard Royal gebaut ginn“, sou déi Lénk Stad riicht eraus wéi mir se kënnen an hirem Schreiwes.

An dësem Kader ass d’Fro, op de Kulturministère tatsächlech d’Wieder steiere kann, berechtegt. Och gëtt d’Ministesch Sam Tanson gebieden op dës Positioun zeréckzekommen a sech emol ëm déi richteg Sënnen beim architektoneschen Ierwen ze këmmeren, wéi beispillsweis d’Iddi fir Luxus-Limousinnen als Werbedréier viru kulturell Gebaier ze stellen.

Opmaacherbild: © Luxtram SA

Related topics architektonesche Patrimoine, déi Lénk Stad, iwwerdaacht Haltestell, Iwwermënschlech Fäegkeeten, Kritik, Luxtram SA, Reen, Sam Tanson, UNESCO, Weltkulturierwen
Next post Previous post