Search

You may also like

Wann een haart genuch jäizt kritt ee Recht
Neiegkeeten Stories

Wann een haart genuch jäizt kritt ee Recht

Alles hat mat enger Motioun vum CSV-Deputéierte Marco Schank ugefaangen,

Am Interview: De Sebastian Fitzek kann ëmmer nach gutt schlofen
Neiegkeeten Stories

Am Interview: De Sebastian Fitzek kann ëmmer nach gutt schlofen

De Sebastian Fitzek gehéiert zu den absolute Gréissten vun der

Esch-Uelzecht: Feierlech Inauguratioun vum Lycée Hubert Clement
Neiegkeeten Stories

Esch-Uelzecht: Feierlech Inauguratioun vum Lycée Hubert Clement

Um Mëttwoch Nomëtteg war zu Esch-Uelzecht am Lycée Hubert Clement

Den 20. Oktober 2021 um 17 Auer ass d‘Pandemie eriwwer!

Am Kontext vun enger planetarescher Verdeedegungsübung hunn „Experten“ den Eeschtfall vun engem Asteroidenaschlag op d‘Äerd geprouft

Den 20. Oktober 2021 um 17 Auer ass d‘Pandemie eriwwer!

Et ass keng Übung aus langweil, jo nach net emol aus Muttwëll an zuelräich „Dokumentatiounen“ aus Hollywood hu jo längst gewisen, datt och wann den Zeenario „Asteroidenaschlag op der Äerd“ wuel als fiktiv ze bezeechnen, d‘Bedreeung derhannert awer ganz reell ass.

Am fir dës Übung zesummegeneelte Skript mam schéinen Numm „2021PDC“, fir en Asteroid, deen d‘Wëssenschaftler de 19. Abrëll entdeckt hunn, sollen eis Iwwerliewensoptioune gepréift ginn. De Fiels aus dem Weltall kéint jo ee puer honnert Meter grouss sinn, an den 20. Oktober um 17 Auer op der Äerd opschloen. Esou en Impakt kënnt engem massiven Atomschlag gläich an ass déidlech.

Esouvill zur Ausgangslag vun enger Onlinekonferenz, déi UNO, NASA an ESA. Bedeelegen dinn sech un dëser Übung aus verständleche Grënn, virun alem Astrophysiker an all Weltraumagencen, mee och Verwaltungen a Kommunikatiounsfachleit si mat um Start. Bei dëser Übung geet et dann elo emol fir unzefänken, ëm Erkenntnisser an d‘Feststellung wéi gutt interagéiert kéint ginn.

Anescht ausgedréckt, d‘Experte versichen ze klären, wéi ee verschidde Fachgebidder matenaner vernetzt, fir am méiglechen Eeschtfall d‘Koordinatioun séier an nohalteg ze gestalten. Et ass jo wuel och net dovunner auszegoen, datt sollt „de Fall“ antrieden, vill Zäit bleift Verfaren ze klären, esou wéi dat aktuell mat vill Engagement an der Covid19-Pandemie vun der Politik bedriwwe gëtt.

Eppes zum Übungsoflaf

Am Kader vun der Übung 2021PDC erhalen d‘Participanten aus alle Fachberäicher stänneg nei Donnéeën zum Asteroid. Dëse kéint en Duerchmiesser vun ee puer honnert Meter hunn a vun den Experte gëtt erwaart, datt si ofschätze kënnen: …wéi grouss ass d‘Gefor fir d‘Äerd? …wat kann hei gemaach ginn, fir de Schued a Grenzen ze halen? An nach vill aner organisatoresch Froen…

Elo ass et wuel net üblech, datt eis – wat jo den Asterix a seng Gallier am meeschte fäerten – den Himmel op de Kapp fält. Gréisser Asteroide schloen dann och glécklecherweis éischter seelen op d‘Äerd. Gutt wann eis esou ee Stee wéi zur Ära vun den Dinosaurier op d‘Bëls fält, ass et wuel ëm eis gedoen, mee et heescht, dat géif sech nëmmen all puer Dose Millioune Joer esou zoudroen.

Kleng Steng – vun deenen ee gewëssenen Etienne Schneider emol behaapt huet datt si eng gutt a wichteg Ressource sinn – also därer vu bis zu ee puer Dosende Meter Ëmfang – géifen awer am honnertjärege Rhythmus mat der Äerd Kontakt ophuelen. Klengt no „hutt dir dofir ee Beispill?“, wat eng berechtegt Fro ass. U Beispiller feelt dann och tatsächlech net, esouguer rezenter huet et.

Eppes Geschicht

Esou hat 1908 dat „mysteriéist“ Tunguska-Ongléck ginn (Video 1) a méi rezent 2013 beispillsweis (Video 2) war iwwert der Metropol Tscheljabinsk (Russland) esou ee Meteorit explodéiert. Et ass haut gewosst, datt dëse Pavésteen aus dem Weltraum ronn 20 Meter grouss (am Duerchmiesser) war, wat engem gemooss un de Weltraumdimensioune butzeg virkënnt. Dofir huet dësen Asteroid d‘Energie vun 33 Hiroshima-Bommen entfesselt. Mënsche koumen zum Gléck keng zu Schued.

Do stellt sech elo natierlech d‘Fro, wéi ee da géint esou Phenomener ka virgoen. Kann een dann iwwerhaapt en Asteroidenaschlag verhënneren? Net nom aktuelle Wëssenschaftsstand, mee et gëtt dru geschafft. Mat de Weltraummissiounen DART (NASA) an Hera (ESA) beispillsweis, gëtt gekuckt wéi een d‘Fluchbunn vun esou engem Asteroid verännere kann. De Prinzip ass u sech en einfachen: et schéisst op den Asteroid/Meteorit an et hofft een, datt sech d‘Fluchbunn ännert.

Ass d‘Gefor imminent?

Datt „Saachen“ op d‘Äerd falen ass guer net emol esou seele wéi ee gemengerhand géif unhuelen. Zum Gléck sinn déi allermeeschten awer esou butzeg, datt se keng Folge fir d‘Äerdbevëlkerung hunn. Am „NEO“ (Near Earth Objects) Programm vun der NASA ginn d‘Asteroiden dann och a verschidde Kategorien agedeelt. Et gëtt zudeem en Ënnerscheed tëscht Meteoritten an Asteroiden.

Esou hunn d‘Meteoritten en Duerchmiesser vu manner wéi engem Meter, an d‘Asteroiden dofir d‘Schwéiergewiichter. Gro0uss Meteoritten si ganz Rar, déi „mëttel“ weisen sech bis zu enger Dose Kéieren am Joer an déi „kleng“ falen eis quasi deeglech op de Kapp. Se si fir déi meescht butzeg, esou datt se guer net bemierkt ginn, an déi meescht enden am Mier oder an onbewunnte Gebidder.

Kann ee gewuer gi wou se aschloen? Jo dozou huet et eng ganz informativ wéi och interessant Säit am Internet: „Earth Impact Database“. An dëser Datebank sinn 190 bestätegt Krater vun Aschléi opgelëscht an d‘Wëssenschaftler erweideren d‘Date reegelméisseg. Wat elo d‘Asteroide betrëfft, esou sinn déi vun engem anere Kaliber an esou och wesentlech méi geféierlech wéi e Meteorit.

Bei der NASA beispillsweis, geet een dovunner datt all 10.000 Joer en Asteroid vun iwwer 100 Meter d‘Äerd erreeche kéint. All 100.000 Joer kéint en Asteroid vun iwwer 1 Kilometer gréisst eise Planéit treffen. Wann deen éischt genannte schonn eng ganz reell Katastroph géif bedeiten (egal wou en opschléit) da sinn déi „grouss“ duerchaus an der Lag, d‘Welt ganz nei ze uerdnen.

Illustratioun: © Alexander Andrews / unsplash

Related topics Asteroiden, ESA, Meteoritten, NASA, PDC, Plantetary Defence Conference, Weltraum
Next post Previous post