Eng Rees duerch d’Stären: De Luxembourg Science Center mécht et méiglech

Wa Kleng a Grouss duerch de Weltall schwiewen, Stären a Planéiten vu ganz no bewonneren dierfen, da muss dat net onbedéngt mat engem deieren an opwennege Fluch verbonne sinn. Säit leschtem Weekend ass dëst astronomescht Erliefnis och am éischten an eenzege Planetarium zu Lëtzebuerg méiglech.

De Luxembourg Science Center zu Déifferdeng ass als Entdeckungszentrum fir Wëssenschaft an Technologie bekannt. Interaktiv Statiounen, Workshops a Spektakelen loosse wuel bei all Visiteur d’Loscht no Wëssen an nom Selwer-ausprobéiere wuessen. Hei dobäi gesellt sech elo eng weider interaktiv Show.

Ënnert der hallefronner Kuppel geet d’Rees lass: Nodeems ee sech um Liegestull Plaz geholl huet gi verschidde Phenomener aus eiser Galaxie an héijer Opléisung (4K) esou am Raum projezéiert, datt ee sech fillt, wéi wann een tatsächlech direkt duerch de Weltall fléie géif.

Dës a weider Erliefnisser am Luxembourg Science Center sinn natierlech fir all Alter geduecht. Op spilleresch Aart a Weis léiert een d’Wonner aus der Wëssenschaft an Technik kennen.

Weider Informatiounen fannt Dir op science-center.lu.

Dernières nouvelles