Search

You may also like

Schwammunterrecht: Wann de Minister Meisch d‘Sécherheet vun de Schoulkanner vergësst
Neiegkeeten

Schwammunterrecht: Wann de Minister Meisch d‘Sécherheet vun de Schoulkanner vergësst

E Gesetz iwwert d‘Schoul vergësst all Dispositiounen iwwert d‘Sécherheet vun

Eng Spezialeenheet géint Pedokriminalitéit
Neiegkeeten

Eng Spezialeenheet géint Pedokriminalitéit

Mat enger parlamentarescher Fro (2584) huet sech den Député-Maire Dan

Spärung am Rondpoint Irgäertchen ab e Freideg
Neiegkeeten

Spärung am Rondpoint Irgäertchen ab e Freideg

Am Kader vun den Erneierungsaarbechten am Rondpoint Irgäertche gëtt vu

Planning Familial: Méi Affer vu sexuellem Mëssbrauch, oft am familiären Ëmkrees

Planning Familial: Méi Affer vu sexuellem Mëssbrauch, oft am familiären Ëmkrees

A sengem Rapport vun 2019 weist de Planning Familial ganz kloer, datt si am vergaangene Joer groussen Engagement am Beräich vu der Informatioun, Sensibiliséierung a Betreiung am Beräich vun der sexueller, reproduktiver an affektiver Gesondheet geleescht hunn. D’Zuele vun de Consultatioune sinn däitlech geklommen. Ähnlech gesäit et leider och beim sexuelle Mëssbrauch aus.

Wärend der Pandemie huet de Planning Familial aktiv weidergeschafft, Urgencen ugeholl an en oppent Ouer fir d’Bevëlkerung gebueden. An den dräi Zentren (Stad Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht an Ettelbréck) koumen 33.532 Demanden/Kontakter eran, wat eng liicht Baisse vu 4 % bedeit. Zielt een d’Appellen um Telefon dobäi, da läit ee bei engem Total vu 52.515.

Planning Familial

© Planning Familial

Grouss Nofro bei Persounen ënnert 25 Joer

Et koum zu 12.221 Consultatiounen, wat e Plus vun 12 % duerstellt. Ganzer 3.197 goufen direkt an engem vun den dräi Zentren betreit an 4.910 Persoune sinn zur affektiver an/oder sexueller Gesondheet informéiert ginn.

Ma, um 31.12.2019 huet de Planning Familial 8 Doktere opweise kënnen, déi 8.715 Consultatiounen duerchgefouert an 2.513 Patienten empfaangen hunn. Wärend déi psychologesch Consultatiounen ëm 7 % gesonk sinn, konnt ee bei de medezinesche Visitten e Plus vun 21 % opweisen. Méiglech gemaach huet dës Hausse d’Astelle vun engem weideren Dokter Enn 2018 a Vollzäit, sou wéi vun engem weidere Gynekolog am November.

Planning Familial

© Rapport 2019 vu Planning Familial

Am ganze sinn 22.500 Kondomer verdeelt a 15.000 Screeningen zu sexuell iwwerdrobare Krankheete gemaach ginn. Bei der Majoritéit vun de Consultatiounen (63,1%) steet d’Preventioun am Virdergrond. Virun allem Clienten ënner 25 Joer (45,5%) hu sech un de Planning Familial geriicht.

483 confirméiert Schwangerschaftsofbréch zu Lëtzebuerg

Nach bis 2009 war e Schwangerschaftsofbroch zu Lëtzebuerg net méiglech, wouduerch all Demanden hu missen an d’Ausland goen. Zënter datt de medikamentéise Schwangerschaftsofbroch hei am Land méiglech ass, sinn d’Zuelen konstant an d’Luucht gaangen.

De Planning Familial kritiséiert awer, datt et, bis op déi eegen Zuelen, keng national Donnéeën, Etüden a Statistiken ginn. Generell gëtt scho säit 16 Joer eng national Enquête zur sexueller a produktiver Gesondheet gefuerdert.

Säit 2009 sinn 4.755 medikamentéis Schwangerschaftsofbréch zu Lëtzebuerg duerchgefouert ginn. Just 5 Fraen waren iwwert de méiglechen Delai eraus, a sinn dunn an d’Ausland gaangen. Vun den 483 Schwangerschaftsofbréch konnten der 389 medikamentéis bis zu 7 Wochen no der leschter Period gemaach ginn. An 86 Fäll huet een am CHL chirurgesch agegraff, wëll déi concernéiert Persoun tëscht der 7 a 14 Woch no der leschter Reegel war.

Sexuelle Mëssbrauch: D’Zuele klammen – Abus meeschtens am Familljekrees

Ënnert den 90 Persounen, déi sech beim Planning Familial wéinst sexuellem Mëssbrauch gemellt hunn, waren 85 Fraen. Am Verglach zu 2018 hu sech 10 Affer méi zu Wuert gemellt, déi sexuell, physesch oder psychesch Gewalt erlieft hunn.

Just a 14 % vun de Fäll – 13 Persounen – gouf no der Dot eng Plainte gemaach. An 98,9 % huet den Abus nach virum 18. Liewensjoer ugefaangen, d’Halschent dovunner hat emol keng 10 Joer! Genau esou erschreckend ass, datt just a wéinege Fäll (13,3 %) d’Affer nach virun der Volljäregkeet eng Therapie ufänkt. Verdrängung an/oder de Versuch ze vergiessen mécht sech oft spéider bemierkbar.

Wier dat nach net genuch, esou fënnt fir déi grouss Majoritéit de Mëssbrauch am familiären Ëmkrees statt. Vill Affer ginn un, datt de Papp, respektiv d’Pappefigur sech un hinne vergaangen huet.

Planning Familial

© Rapport 2019 vu Planning Familial

Géint aktiv Sexualbegleedung vun handicapéierte Persounen

Fir eng laang Zäit war déi sexuell an affektiv Gesondheet vun handicapéierte Persounen kee besonnesch wichtegt Thema. Dobäi hunn och si Besoinen. Mat der Sexualbegleedung gëtt e Service ugebuede, wouduerch handicapéiert Persounen verschidden Akten – vun der Beréierung, iwwert Massagen bis hin zur Penetratioun a Masturbatioun – gebuede kréien.

De Planning Familial leent déi aktiv Sexualbegleedung of an reit de Service an de Beräich vun der Prostitutioun an. Schliisslech gëtt e sexuelle Besoin géint Bezuelung vun enger anerer Persoun offréiert. Géint déi passiv Form huet een näischt anzewennen, soulaang verschidde Konditiounen erfëllt sinn.

Vill Zuelen, Feststellungen, Ännerungen an Errongenschaften

Jo, och zu Lëtzebuerg ginn et nach ëmmer vill Ongläichheet tëscht Fraen a Männer. D’Häre verdénge 5 % méi, wéi d’Dammen. Frae besetze just 23 % vun de Verwaltungsposten, generell si just 39 % vun de Plazen an den Entreprise vun hinne besat. An 82,7 % vun de Fäll ass d’Fra elengerzéiend. Si verbréngt 19 Stonne mam Haushalt, wärend de Mann 8 Stonnen investéiert.

De Planning Familial kämpft dofir, datt d’Fraen de Männer gläichgestallt ginn, wouduerch och säin Status. Den Numm „Mouvement Luxembourgeois pour le Planning Familial et l’Education Sexuelle“ ass elo zum méi einfache „Planning Familial“ ëmgeännert ginn. Si erkläre sech däitlech als feministesch Associatioun an hu verschidde Termen aus dem Statut vun 1965 aktualiséiert.

Besonnesch houfreg ass een och, datt d’TVA vun Hygiènesproduite fir Fraen endlech vu 17 % op 3 % erofgaangen ass. Binden, Tamponen a Co gehéiere soumat elo zu Produiten vun ieweschter Noutwennegkeet. „Seng Reegel ze hunn ass weder e Luxus, nach eng Optioun!“, sou de Planning a sengem Rapport.

No 25 Joer ass den Zenter zu Esch-Uelzecht an e moderniséiert Gebai geplënnert, wouduerch Enn 2019 e weidere Cabinet Médical hei opmaache konnt. Donieft goufen Atelieren a sougenannt Cafés Santé organiséiert, wou den Austausch tëscht Fraen, Männer a Jonken erméiglecht ginn ass. Et huet een zudeem och, zesumme mat der Lëtzebuerger Universitéit an dem CESAS, um Projet „Professionell Praktiken“ zur Recherche deelgeholl. Do dobäi kommen divers Aktiounen, respektiv d’Participatioun un Evenementer, wéi der Orange Week, dem Fraendag (JIF) oder dem Forum vu Stand Speak Rise Up!. D’Säit mengverhuetung.lu gouf lancéiert, fir sech zu de verschidde Formen zur Verhütung ze informéieren.

Weider Detailer an Zuele ginn et am offizielle Rapport 2019 vum Planning Familial.

Opmaacherbild © Alexander Krivistskiy / Unsplash

Related topics Handicapéiert Persounen, Hygiènesproduiten, Kondomer, Menstruatiounshygiène, Ongläichheeten, Planning Familial, Rapport 2019, Schwangerschaftsofbroch, Sexualbegleedung, Sexualitéit, Sexuell Gesondheet, Sexuelle Mëssbrauch, Verhütung
Next post Previous post