Search

You may also like

Parlamentaresche Bilan déi lénk: „Mir hunn eist Bescht gemaach!“
Neiegkeeten

Parlamentaresche Bilan déi lénk: „Mir hunn eist Bescht gemaach!“

Si sinn déi „klengsten“ Oppositiounspartei, an et ass d‘Wuertspill erlaabt

Joresbericht 2019: De LNS setzt säi Wee konsequent weider fort
Neiegkeeten

Joresbericht 2019: De LNS setzt säi Wee konsequent weider fort

De Staatslabo (LNS) huet och am leschte Joer säi Wee vun

EU-Sommet: Et misst méi geimpft ginn…
Neiegkeeten

EU-Sommet: Et misst méi geimpft ginn…

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi sech nach e Mëttwoch

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen

D'Ëmweltministesch Carole Dieschburg weist sech skeptesch

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen

Et gi gläich e puer Initiativen, déi der Plastiksfläsch wëllen op de Pelz réckelen. Mee d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) wëll net sou ganz waarm mat hinne ginn. Firwat erkläert d’Politikerin an enger rezenter Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierten Gusty Graas (DP).

D’Ëmweltministesch ass dovunner iwwerzeegt, datt dës nei Fläschen nei Problemer géinge mat sech bréngen. Ee wichtegen Aspekt ass do zum Beispill e psychologeschen. Biodegradabel Fläsche kéinten de Message mat sech bréngen, datt et an der Rei ass, déi einfach esou ewech ze schmäissen. Dëst géing de Problem vum Littering, deen op eisen Autobunnen nëmmen all ze offensichtlech ass, nach verstäerken.

Optesch kann een déi zwee Modeller net vun eneen ënnerscheeden, wat seng Problemer mat sech bréngt

Dobäi kënnt, datt souguer wann een den Normen vun EN 13432 géing entspriechen, Problemer géifen optauchen. Dës Norme gesi vir, datt esou eng biodegradabel Fläsch innerhalb vu sechs Méint muss ofgebaut kënne ginn. Dommerweis dauert de Traitement awer nëmmen e puer Wochen. D’Fläsche wieren iwwerdeems och optesch net vum normale Modell ze ënnerscheeden, wouduerch och gären dës Bio-Fläsche verbrannt géinge ginn.

D’Ministesch féiert an der Äntwert awer nach en anere Punkt un, deen an der lescht mi oft an der Press ze gesi war. Dëse Plastik kéint sech op mikroskopesch kleng Partikelen reduzéieren. Déi kann een mam bloussen An net gesinn, stellen awer eng Gefor duer. Esou géingen se – fréier oder spéider – am Mir an domatter an de Fësch landen. Wa mir déi bis fänken an iessen, hu mir de gesondheetleche Schued.

Amplaz sech also fir esou ofbaubar Fläschen anzesetzen, wëll d’Ëmweltministesch léiwer en anere Message ënnerstëtzen. Nämlech deen, op d’Produktioun vun Offall ze verzichten, andeems op en Neits benotzbar Verpackunge benotzt ginn.

Related topics Carole Dieschbourg, Ëmwelt, Gusty Graas, Lëtzebuerg, Plastik
Next post Previous post