Search

You may also like

To Schueberfouer or not to Schueberfouer…
International Neiegkeeten

To Schueberfouer or not to Schueberfouer…

D‘Fréijoer ass nach jonk an dobaussen ass et zuweilen éischter

Fall Assange: Pressefräiheet erhalen a Whistleblower schützen
International Neiegkeeten

Fall Assange: Pressefräiheet erhalen a Whistleblower schützen

Déi lescht Woch ass bekannt ginn, datt déi ecuadorianesch Regierung

Cargolux elo mat méi Flich op Xiamen
International Neiegkeeten

Cargolux elo mat méi Flich op Xiamen

Cargolux, déi gréissten Transport-Fluchgesellschaft an Europa, flitt zanter dem 1.

Plastikpartikel kontaminéieren d‘Waasserfläschen

Plastikpartikel kontaminéieren d‘Waasserfläschen

An enger um Mëttwoch verëffentlechter Etüde, ass ze liesen, datt d‘Waasser aus de Fläsche vu grousse Marken uechtert d‘Welt, mat Plastikpartikel belaascht ass. Op a wéi eng Konsequenzen datt fir d‘Gesondheet vun de Konsumenten huet, ass awer net gewosst.

Fuerscher hunn d‘Waasser vun iwwer 250 Fläschen aus 9 Länner – dorënner d‘USA, Indien oder de Libanon – ënnersicht. Geleet ginn ass d‘Etüd vum Sherri Mason, Professer op der Universitéit vum Staat New York zu Fredonia. E Resumé vun der Etüd ass op der Medieplattform „Orb Media“ verëffentlecht ginn.

Erschreckend dann d‘Resultater: Plastikpartikel sinn an 93% vun den Echantillonen erëmfonnt ginn. Besonnesch belaascht war d‘Waasser vu Marke wei Aqua, Aquafina, Dasani, Evian, Nestle Pure Life oder San Pellegrino.

Bei de Plastikpartikel déi fonnt goufen, handelt et sech notamment ëm Polypropylen (PP), Nylon an Polythylenterephthalat (PET). Am Duerchschnëtt hunn d‘Fuerscher an all Liter Waasser 10,4 Plastikpartikel fonnt, déi eng Gréisst vun 0,10 Millimeter opgewisen hunn.

Wou d‘Plastikpartikel hierkommen

„Ech ginn dovunner aus, datt d‘Plastikpartikel duerch de Fëllprozess an d‘Waasser gelaangen. De gréissten Undeel u Plastik kënnt wahrscheinlech vun der Fläsch selwer, sengem Stopp an dem industrielle Verfahren“, erkläert sech d‘Sherri Mason géintiwwer der AFP.

Mee d‘Etude stellt kloer: „Waasser aus gliesene Fläschen huet och Plastikpartikel enthalen“. An enger eelerer Etüd, déi och vun „Orb Media“ verëffentlecht ginn ass, konnte Plastikpartikel och am Krunnewaasser nogewise ginn. D‘Quantitéite waren awer signifikativ méi niddreg, wéi an de Fläschen.

Iwwert d‘Auswierkung vun de Plastikpartikel op de mënschleche Kierper, ass bis ewell wéineg gewosst. D‘Wëssenschaftler sinn sech awer eens, a weisen drop hin, datt och wann et keng explizit Studie gëtt, d‘Opnam vu Plastikpartikel net gesond ka sinn.

Vum Plastik Ofstand huelen

D‘Cheffin vun der ONG „Oceana“, Jacqueline Savitz, erspuert sech eng wirtschaftlech Begrënnung, a stellt unhand der Etüd dréche fest, datt se e weidert Argument dofir ass, eng Begrenzung vun der Produktioun vu Plastiksfläschen ze fuerderen.

„Et ass méi drénglech wéi jee, sech dofir anzesetzen, datt Plastiksfläschen der Vergaangenheet ugehéieren“, esou d‘Jacqueline Savitz, deem säin Haaptuleies de Kampf géint d‘Verschmotzung vun de Weltmierer ass. Oceana war un der Etüd selwer awer net bedeelegt.

mat AFP

Related topics Plastikpartikel, Plastiksfläschen, Sherri Mason, Waasserfläschen
Next post Previous post