Search

You may also like

Uschlag op d‘Verschlësselung
Business Neiegkeeten

Uschlag op d‘Verschlësselung

Den 8. November hunn d‘Journaliste vum ëffentlech-rechtleche Sender FM4 aus

Déi XIX. Ausgab vum Covid19-Gesetz
Business Neiegkeeten

Déi XIX. Ausgab vum Covid19-Gesetz

Ouni Iwwerraschung, dofir mam gläiche politeschen Dissens, ass um Freideg

Oppasse virum zweeten Erdrénken, dat passéiert net am Waasser
Business Neiegkeeten

Oppasse virum zweeten Erdrénken, dat passéiert net am Waasser

Et ass Summer, vill Famillje plangen d’Vakanz oder e Weekend

Gefouert Besichtegunge vum Plateau Kierchbierg

Gefouert Besichtegunge vum Plateau Kierchbierg

Säit der Usiidlung vun den europäeschen Institutiounen ass de Kierchbierg am stännege Wandel. Aus eng engem renger Verwaltungscampus am gréngen, entwéckelt secvh aktuell ee verdichte Quartier, an deem d‘Funktiounen Aarbecht a Wunnen zesummefannen.

Fir déi stadbaulesch Entwécklung ze erläuteren, luet de Fonds Kierchbierg d‘Ëffentlechkeet zu enger Rei gefouerte Besichtegungen an. Déi nächst Terminer sinn:

  • Samschdeg 25. September (L)
  • Samschdeg 2. Oktober (F)
  • Samschdeg 30.Oktober (L)
  • Samschdeg 6. November (F)

De Depart vun der Féierung ass ëmmer 10 Auer moies, a Start beim Sëtz vum Fonds Kierchbierg, um 4 Erasmus-Strooss, zu Lëtzebuerg. Den Tour dauert 120 Minutten, fänkt awer mat engem Virtrag am Sëtz vum Fonds Kierchbierg un. Uschléissend geet et mam Bus op den Tour iwwert de Plateau Kierchbierg. Deelhuelen ass gratis, mee et muss sech ugemellt ginn. Dat geet ganz einfach per eMail un info@fondskirchberg.lu oder iwwert den Telefon 2643 4510.

Et gëllt de CovidCheck-Regime, Testméiglechkeeten op der Plaz huet keng. Am Bus besteet dann och Maskeflicht.

Illustratioun: © Fonds Kierchbierg

Related topics Féierungen, Fonds Kierchbierg, Kierchbierg
Next post Previous post