Search

You may also like

No Regierungsrot: Alles bleift wéi et ass
Neiegkeeten

No Regierungsrot: Alles bleift wéi et ass

Nodeems de Regierungsrot gëschter déi national, europäesch an international politesch

Mister Speaker warnt britesche Premier
Neiegkeeten

Mister Speaker warnt britesche Premier

Esou eppes huet et am britesche Parlament bis ewell och

Fussball: De President vun der LFL geet senger Wee
Neiegkeeten

Fussball: De President vun der LFL geet senger Wee

An engem Pressecommuniqué deelt déi „Lëtzebojer Football Ligue“ mat, datt

Et feelt eng Plattform fir regional Produkter

Et feelt eng Plattform fir regional Produkter

Am Hibléck op d’Covid19-Pandemie huet sech gewisen, datt d’Versuergungsweeër mat Liewensmëttel aus dem Ausland kënnen – krisebedéngt – ufälleg sinn. Och am Hibléck op d’Lëtzebuerger Wirtschaft ass et sënnvoll an nohalteg, datt esouwuel Privatpersounen a Menagen, ewéi och Betriber, Kantinnen a Restauranten op regional Produkter kënnen zeréckgräifen.

Et muss dofir séchergestallt ginn, datt déi genannten Acteuren och kënnen onkomplizéiert regional Liewensmëttel akafen. Fir datt virun allem d’Restauranten a Kantinnen net mussen op eng Onmass un ënnerschiddlechen Hiersteller vu regionale Produkter zeréckgräifen, respektiv, dës kontaktéieren, wär et sënnvoll, eng Plattform op d’Been ze stellen, déi d’Angebot vu regionale Produkter am Land geschäftsiwwergräifend koordinéiert an organiséiert.

D’Landwirtschaftskummer huet mat hirer Initiativ „Sou schmaacht Lëtzebuerg“ sécherlech dozou bäigedroen, regional Produkter och fir d’Restaurante méi an de Virdergrond ze réckelen. Dës Initiativ, déi jo och vum Landwirtschaftsministère ënnerstëtzt gëtt, huet awer haaptsächlech d’Aufgab, Persounen a Betriber ze sensibiliséieren, regional anzekafen an ersetzt op kee Fall déi uewe genannte Plattform.

Wéi schonn ugedeit, ass et fir déi meescht Restauranten en ze groussen Opwand, Ubidder vu regionale Produkter eenzel ze kontaktéieren, eng geschäftsiwwergräifend – gemengt sinn d’Hiersteller vu lokale Produkter – Plattform fir de Verkaf wär dofir méi ewéi sënnvoll.

D’ADR stellt mat Bedauere fest, datt et esou eng Plattform bis dato nach net gëtt. Iwwert de Wee vun enger parlamentarescher Fro huet den Nord-Deputéierte Jeff Engelen schonn d’Schafe vun esou enger Plattform ugereegt. Elo bleift ofzewaarden, wéi eescht d’Regierung et wierklech mengt mat hirem Bestriewen, eng nohalteg Wirtschaftspolitik ze féieren. D’ADR bleift op alle Fall dohannert.

Matgedeelt vun der ADR. D‘Meenung vun de Parteie sinn hir eegen.

Illustratioun: © Pablo Chieselli/Pixabay

Related topics adr, Plattform, Regional Produiten, Sou schmaacht Lëtzebuerg
Next post Previous post