Search

You may also like

money
OECD wëll de Konzerner Steieren ofverlaangen
Kultur Neiegkeeten

OECD wëll de Konzerner Steieren ofverlaangen

Villes ass nach net gewosst, dofir schéngt geséchert datt déi

Wéi gutt kenns du Ettelbréck?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Ettelbréck?

[onionbuzz quiz-id=51][/onionbuzz] Iwwert Ettelbréck gëtt vill geschwat. Och am Kontext

Lacrosse: Blacksmiths gewanne 14-5 géint Namur Knights!
Kultur Neiegkeeten

Lacrosse: Blacksmiths gewanne 14-5 géint Namur Knights!

Lacrosse zu Lëtzebuerg? Jo dat gëtt et! A leschte Sonndeg

Playgirls & Gameboys: D’Rotondes ginn zum Spillparadäis!

Playgirls & Gameboys: D’Rotondes ginn zum Spillparadäis!

Dëse Samschdeg verwandelen sech d’Rotondes an eng Spillothéik! Famille, Kanner, Erwuessener a ganz Ekippe sinn invitéiert bei Playgirls & Gameboys spannend Stonne ronderëm dës Thematik ze verbréngen.

Fir eng 9. Kéier gëtt Playgirls & Gameboys elo schonn organiséiert. Dobäi kréien d’Visiteure vun all Altersgruppen d’Méiglechkeet sech an de klasseschen an neie Gesellschaftsspiller, déi duerch Iwwerraschungen an Amusement iwwerzeegen, erëmzefannen. Op der Plaz erklären d’Schiidsriichter d’Reegele vun de verschiddene Spiller an stinn engem zur Säit, fir den ideale Choix vum Spill, passend zum Alter, ze wielen.

Nieft dem spannenden aktiven Deel gëtt beim Evenement een Spiller-Occasiounsmaart proposéiert, bei deem Sammler an nostalgesch Veréierer ganz op hir Käschte kommen. Och lokal Auteure kommen net ze kuerz a kënnen hei hir Gesellschaftsspiller presentéieren a verkafen.

Organiséiert gëtt dësen Nomëtteg ronderëm d’Spill an Zesummenaarbecht tëscht dem Service Foyers Scolaires (Departement CAPEL), de Rotondes an der Spillfabrik Asbl. D’Manifestatioun, déi sech un all Altersgruppe wennt, wëll déi traditionell Gesellschaftsspiller, den Echange an d’Solidaritéit tëscht de Generatioune fërderen. Wat géif sech do besser eegnen, wéi eng lëschteg, geselleg an aluedend Atmosphär?

Playgirls & Gameboys

Weider Informatiounen

D’Evenement Playgirls & Gameboys fënnt e Samschdeg, den 23. November 2019 tëscht 13:30 an 18:30 Auer an de Rotondes statt. Den Entrée ass gratis.

Weider Informatioune ginn et ënnert capel.vdl.lu, www.rotondes.lu a www.spillfabrik.lu.

Related topics Gesellschaftsspiller, Playgirls & Gameboys, Rotondes, Spillfabrik Asbl, Stad Lëtzebuerg, VDL
Next post Previous post