Search

You may also like

130 Joer Jean la Gaufre – E Lidd fir Merci ze soen!
Neiegkeeten

130 Joer Jean la Gaufre – E Lidd fir Merci ze soen!

Zu Lëtzebuerg ass de Jean Kandel deem engen oder aneren

Projet Rout Lëns – Esch als postindustrielle Bléckfang
Neiegkeeten

Projet Rout Lëns – Esch als postindustrielle Bléckfang

Esch bougéiert, an zwar an eng attraktiv, angenehm an artistesch

USA begleeden de Regimewiessel a Groussbritannien
Neiegkeeten

USA begleeden de Regimewiessel a Groussbritannien

Dem Donald Trump ass u Groussbritannien vill geleeën, schonn eleng

An der Plenarsëtzung ass et ëm den CO2-Grenzausgläichssystem gaangen.

An der Plenarsëtzung ass et ëm den CO2-Grenzausgläichssystem gaangen.

Et ass esou, datt de Mechanismus vum Kuelestoff Grenzausgläichssystem erreeche wëll, datt bei beim Aféiere vu verschiddene Wueren aus Drëttlänner eng Kuelendioxidemissioun fälleg gëtt. Dozou kënnt et, wann et op ähnleche Produkter, déi an der EU hiergestallt ginn, scho Klimaoplage ginn.

Déi europäesch Unioun setzt am internationale Verglach héich Standarde fir d’Emissiounslaascht vun der Industrie ze verréngeren – esou kann d’Zil vun der Klimaneutralitéit bis 2050 erreecht ginn. Dat ass néideg, och wann gläichzäiteg d’Gefor vun enger onfairer Konkurrenz besteet, zum Beispill, wann eis international Partenairen wéineger oder guer net an dësem Beräich reguléieren.

Deemno wéi besteet och d’Gefor vum „Karbon-leakage“, dat kënnt vir, wann Entreprisen hir Produktioun an Drëttstaaten verlageren, wou Ëmweltschutz an domat och d’Produktiounskäschten net esou héich sinn. De Problem vun Zäregasemissiounen géing domat op d’Käschte vun der Ëmwelt an den heemeschen Arbechtsplazen an d’Ausland verlagert. Ab dem 9. Mäerz stëmmt d’Europaparlament an engem Initiativbericht iwwer dëse Mechanismus.

De Christophe Hansen, deen am Wirtschaftsausschoss aktiv un dësem Bericht matgeschafft huet, weist sech net zefridde mam Parlamentstext:

„Mir mussen dofir suergen, datt mir souwuel eis Klimaziler, wéi och eis Suerge vun der heemescher Industrie a Wirtschaft an Aklang matenee bréngen. Dofir sinn ech fir d’Aféierung vun engem Carbon Border Adjustment Mechanism (CBAM), well et een effizient Verfaren géint d’Verlagerung vun Emissiounen an Drëttstaaten muss ginn. Dës musse gläichzäiteg ugedriwwe ginn, fir hier Ustrengungen zur Bekämpfung vum Klimawandel virunzedreiwen.”

De Christophe Hansen hält et fir onrealistesch, déi zum Deel gratis Zoudeelung vun Emissiounszertifikater un Entreprisen, déi um EU-Emissiounshandelsystem deelhuelen, plëtzlech duerch en neit System ze ersetzen:

„Mir brauchen eng Iwwergangsphas, a mengen Aen bis op mannst 2030, wärenddeem CBAM a gratis Verdeelung vun Emissiounszertifikater ënner dem System vum EU-Emissiounshandel parallel lafe mussen, fir eng Verlagerung vu Kuelenstoffemissiounen mat EU-internen an externe Mëttelen entgéint ze wierken.“

Hien gëtt nach méi däitlech: „D’CO2 Grenzausgläichssystem ass e wichtege Schrëtt zu der Klimaneutralitéit, et sollt allerdéngs net dozou féieren, datt ganz Industriesecteuren an der EU an de Ruin gedriwwen ginn, oder datt si hier Produktioun aus der EU ofzéien!“

Debatt zu OpenLux

D’Enthüllungen, déi am Kader vun OpenLux de lëtzebuergesche Steiersystem als ganz labber fir Steierhannerzéiungs- sou wéi Steiervermeidungspraktiken duerch Entreprisen a verméigend Privatpersounen duerstellen, hunn elo zur Folleg, datt et den 11. Mäerz am Europaparlament zu enger Aussproch mam Rot an der Kommissioun kënnt.

De Christophe Hansen verweist an éischter Linn dorop, datt et keng Basis gëtt, fir Lëtzebuerg als Steieroase ze betitelen:

„D’Lëtzebuerger Regierung huet all europäesch Veruerdnungen sou wéi Richtlinne vun der OECD am Steierberäich ëmgesat, souwuel am Beräich vum Transparenzstandart wéi och zum Austausch vun Informatiounen zu Steierfroen.“

Hien seet weider: „Lëtzebuerg huet e virbildlechen ëffentleche Register fir wirtschaftlech Eegentemer mat engem Vollstännegkeetstaux vun 90 Prozent (Enn 2020) an enger voller Accessibilitéit duerch Privatpersounen. Dat erméiglecht dës Berichterstattung eréischt! Dat wär weder a Frankräich, Däitschland oder der Belsch méiglech gewiescht, well an dëse Länner d’Register nëmmen deelweis oder iwwerhaapt net transparent gestalt sinn. An awer ass a Lëtzebuerg, genee wéi an all aner Memberstaaten, net alles perfekt. D’Diskussioun sollt konstruktiv genotzt ginn. Mir kéinte genee sou gutt mam Fanger op anerer weisen, déi beim Ëmsetzen vun europäeschen an internationale Reegele wäit hannert Lëtzebuerg sinn.“

Rapport iwwer Suergfaltsflicht an d’Rechenschaftspflicht vun Entreprisen (Due diligence)

De Christophe Hansen wäert de JURI-Bericht iwwert d’Suergfalt- sou wéi d’Rechenschaftsflicht vun Entreprisen ënnerstëtzen. D’Zil ass et, Suergfaltsflichte fir Entreprisen, déi am EU-Binnenmaart täteg sinn, anzeféieren, fir kontinuéierlech ze bewäerten, ob si duerch Aktivitéiten an hirer Wäertketten negativ Auswierkungen op Mënscherechter, Ëmwelt a gutt Entreprisenféierung verursaachen oder dozou bäidroen.

Dozou kommentéiert de Christophe Hansen: „Entreprisë sollte verflicht ginn, dofir ze suergen, datt hir Liwwerkette fräi vu Mënscherechtsverletzungen an negativen, ökologeschen oder sozialen Auswierkunge sinn. Mir brauchen esou e Gesetz, fir zum Beispill Zwangsaarbecht an Xinjiang ze bekämpfen, mee och fir eng Fragmentéierung vum Binnenmaart duerch verschidden national Initiativen, wéi dat däitscht Liwwerkettengesetz oder la loi française sur le devoir de vigilance ze vermeiden.

Am wichtegsten ass, datt dat zukünftegt Gesetz sécherstellt, datt mir eis net einfach op en Ukräize vun enger Këscht aloossen, fir den Verbraucher an der EU ee rengt Gewëssen ze verschaffen. Dëst Gesetz soll virun Uert spierbar Verännerunge bewierken an dofir ass seng Ëmsetzung sou wichteg.

Och dat dëst d’Gesetz d’KMU net iwwerfuerderen, sou datt et fir si quasi onméiglech gëtt Zouliwwerungen aus Drëttlänner ze bezéien. D’Kommissioun wäert detailléiert ënnersiche mussen, wat Héichrisikosecteure besonnesch fir d’KMU bedeiten. Dat richtegt Gläichgewiicht fannen, wäert de Schlëssel zu echte Verännerunge sinn.“

*fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch / moien.lu

Opmaacherbild: © Zeesy Grossbaum / Unsplash

Related topics Christophe Hansen, CO2, Grenzausgläichsystem, Klimawandel, OPENLUX, Plenarsëtzung, Steieren, Suergfaltsflicht vun Entreprisen
Next post Previous post