De chinesesche Panda huet en décke Pelz
Well och d‘Amerikaner an d‘Kanadier op d‘Mënscherechtsverletzungen a China mat
No 85 Joer mécht d‘AAP hir Büroen dicht, d‘Computer sinn
Um vergaangene Freideg huet de François Bausch, Vize-Premierminister a Verdeedegungsminister,
Schonn eleng wéinst der heemeleger Atmosphär ass ee Besuch am Ale Kino zu Veianen all Wee der Wäert: Placéiert op de verschiddensten ale Modeller vu Fotellen, Kanapeeën an net ze vergiessen den hëlzene Kinossëtzer gouf a geselleger Ronn den een oder anere Patt gedronk, ier d’Bühn fir eis 9 Poeten opgeliicht huet. Fir d’Laurence, d’Moderatorin vum Owend, sollt dës 3. Editioun déi Läscht sinn. Mat enger häerzlecher an oppener Aart a Weis huet hatt d’Fans vum Poetry Slam duerch den Owend geleet an animéiert. De gesamten Erléis vum Evenement geet iwwregens an den Nepal un d’Organisatioun SASANE, déi sech ënnert anerem fir Kannera Fraen asetzt, déi Affer vu Mënschenhandel, Prostitutioun a Mëssbrauch sinn. Déi hoffentlech nächst Editioun läit elo an den Hänn vun Amis de la Maison Victor Hugo.

Andrea Murphy © Shari Pleimelding/moien.lu
Eng Grëtz sozial Kritik, ee Soupçon Humor an dobäi nach eng Mass un Talent – esou kéint een d’Texter vum Owend einfach beschreiwen. Noeneen sinn déi 9 Kandidaten mat eegene Kreatiounen opgetrueden, awer just Dräi vun hinne konnten an déi nächst Ronn kommen. Esou hate mir d’Liz Schaack, de Brian Neves, de Pierre Conrad, de Kanny Kay, d’Tej Rengha, de Prince Motiani, de Ricardo Marques Paiva, d’Andrea Murphy an de Vincent Koks, déi op de 4 bekannte Sproochen hei zu Lëtzebuerg ofgeliwwert hunn.
Et goung ëm Hoffnung a Wënsch, d’Selbstbewosstsinn an de Liichtsënn vu Kanner, d’Angscht ze verléieren oder och déi extra fir dëst Evenement gegrënnten Riets Aussendëlpes Partei (RAD). De Misär an d’Schéinheet op der Welt waren Thema, genau esou wéi d’Kontroll vun der Mënscheet oder och d’Léift.
Et war sécherlech eng schwéier Decisioun, weider kommen konnten awer just 3 Kandidaten. De Choix vum Publikum ass dobäi op d’Liz gefall. Mat sengem sozialkriteschen Text huet hat elegant betount, datt een ëmmer ee selwer soll sinn, vläicht och emol nees säin bannescht Kand erausloossen an d’Originalitéit genéisse soll. Weider komm sinn och de Kanny, dee sech selwer presentéiert a liicht op d’Schëpp geholl huet, wéi och de Vincent, dee mat Jempy, musse mir no lénks oder riets? begeeschtere konnten.
An der zweeter Phas huet d’Damm am Trio regional Produiten, virun allem awer de Kachkéis, an de Virdergrond gestallt. Et muss jo schliisslech net ëmmer Nutella oder eng Avocado sinn! Mat Respekt an Toleranz sollt een awer och senge Matmënschen entgéint kommen. Datt ee bei all Choix emol nodenke sollt an de Mënsch mat senger eegener Perséinlechkeet akzeptéiere muss, huet de Kanny kloergestallt. Zu gudder Läscht war et um Vincent, deen eng bëssen aner Versioun vun engem Mäerchen zu Lëtzebuerg erzielt huet. De lëschtegen, awer och immens sexuellen Text, huet sech ëm Akzeptanz an Geschlechter gedréit.
War déi lescht Decisioun, wien weider kënnt, scho schwéier, da kann ee sech de banneschte Kampf virstellen, deen de Publikum beim Wiele vum Gewënner gefouert huet. Jo, et hätt een et allen dräi Slammer gegënnt, an awer konnt just een déi 3. Editioun vum Poetry Slam zu Veianen gewannen.
Mat Trommelwierbel am Hannergrond huet d’Laurence den Numm ausgeschwat: Gewonnen huet de Vincent! Seng Riets Aussendëlpes Partei, déi als Kritik géint den nees wuessende Rassenhaass an d’Diskriminatioun geduecht war, wéi och d’Mäerchen, dat d’Toleranz vun de Geschlechter an Orientéierungen an de Fokus gestallt huet, sollt d’Majoritéit vum Publikum iwwerzeegen. Do bleift engem näischt anescht méi ze soen, wéi: Gratulatioun un de Vincent an een décke Merci un all Participanten, wéi och d’Organisateure vum Poetry Slam zu Veianen!
D’Billergalerie fannt Dir uewen © Shari Pleimelding/moien.lu