Search

You may also like

A futile and stupid gesture packt de Spagat tëscht Dokumentarfilm a Komedie
International Neiegkeeten

A futile and stupid gesture packt de Spagat tëscht Dokumentarfilm a Komedie

Den National Lampoon ass an Europa keng esou bekannten Entitéit,

US-President schaaft Diskriminéierungschutz fir Transgender of
International Neiegkeeten

US-President schaaft Diskriminéierungschutz fir Transgender of

Den Donald Trump schéngt erkannt ze hunn, datt en zweet

geek
Lëtzebuerg beschléisst Partenariat mat NVIDIA fir kënschtlech Intelligenz
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg beschléisst Partenariat mat NVIDIA fir kënschtlech Intelligenz

E Mëttwoch 30. Januar, huet déi Lëtzebuerger wëssenschaftlech Communautéit, d‘Regierung

Polen an Ungarn beméien d‘Justiz

Polen an Ungarn beméien d‘Justiz

Si hunn et net mat der Rechtsstaatlechkeet, dofir awer mam Geld. Leider hänkt an der Unioun alles eppes zesummen, firwat béid demokratesch Virbiller, fir manner Rechtsstaatlechkeet och manner Geld kréien. Dogéint kloen elo d‘Regierunge virum Europäesche Geriichtshaff.

Wat sech fir eis lächerlech unhéiert, ass fir Warschau a Budapest batteren Eescht. Besonnesch de Leader, déi d‘EU-Gelder virzuchsweis selwer an d‘Täsch stiechen oder an der Famill, an ënnert de Frënn verdeelen, ass et wichteg weider mat zolitten Zouwennunge beduecht ze ginn. Déi „Kaddoe“ gëtt et awer nëmmen nach wann ee sech un d‘Prinzipie vum Rechtsstaat hält, an dat veriergert.

Elo also gëtt sech zur Wier gesat, wëll ee sech d‘Rechtsstaatlechkeet net wëll opzwénge loossen. Vu Warschau koum gëschter d‘Informatioun, datt Polen eng Klo géint de Rechtsstaatmechanissem zu Lëtzebuerg beim EuGH agereecht huet. Dem Faschist aus Ungarn säi Lagerverwalter huet wësse gelooss, datt een sech fir déi selwecht Prozedur interesséiert, an nach e Freideg Klo areeche wëll.

Dës Moossnam ass fir béid Verbriecher-Regierungen imminent wichteg. Et war hinne bekanntlech net gelongen am Dezember de Rechtsstaatmechanissem ze verhënneren. Woubäi „net verhënneren“ trëfft et net ganz… Et gouf wuel decidéiert de Mechanissem anzeféieren, mee nach geet et ëm d‘EU an do dréinen d‘Auere bekanntlech anescht. De Rechtsstaatmechanissem ass nämlech net wierksam.

Op Zäit spillen

Iwwert d‘Rechtméissegkeet vum genannte Mechanissem muss den EuGH jo emol befannen. Wéini dat ass? Iergendwann oder och guer net, woubäi et Rumeuren huet, datt eng Entscheedung schonn am Laf vun 2022 kéint virleien. Et huet also och Grënn, firwat déi virbildlech Demokratien sech hei mussen zur Wier setzen. Esou laang wéi d‘Verfare lafen, si Verstéiss géint de Rechtsstaat jo och ok.

Anersäits, vläicht hätt et gehollef deemools, also beim Iwwergang vun der Wirtschaftsgemeinschaft zur Unioun, ee Passus anzebauen, mat deem een Emmerdeuren einfach erausgeheie kann. Dat gouf aus strikt finanziellen Iwwerleeunge sengerzäit net berécksiichtegt. Och haut ass d‘Unioun virun allem ee Veräi vu Wirtschaftspartner, wou zu allem Iwwerfloss een dee anere just beduckse wëll.

Polen an Ungarn ginn zanter Jore mat Virwërf konfrontéiert, hir Rechtssystemer dem Wëlle vun der Regierung ze ënnerwerfen. Meenung- a Pressefräiheet gi mat Féiss getrëppelt, Homophobie vun der Regierung gefërdert, d‘Rechter vu Frae beschnidden, d‘Onofhängegkeet vun der Justiz verhënnert a villes méi. Interessante Fakt: dës Regierunge ginn och weiderhi vun der EPP gestäipt a gedroen…

mat indymedia/waw/bud

Illustratioun: © Bekky Bekks / unsplash

Related topics EUGH, Polen, Rechtsstaatlechkeet, Rechtsstaatmechanissem, Ungarn
Next post Previous post