Search

You may also like

Nationale Commemoratiounsdag – D’Zeremonien op ee Bléck
International Neiegkeeten Stories

Nationale Commemoratiounsdag – D’Zeremonien op ee Bléck

No der Besetzung an de Joren 1940 bis 1945 erënnert

Vereedegung fir d’Gemenge Préizerdaul a Mamer
International Neiegkeeten Stories

Vereedegung fir d’Gemenge Préizerdaul a Mamer

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 9. Januar 2021 an de

UN-Klimasommet: Ouni Emissiounen iwwert den Atlantik!
International Neiegkeeten Stories

UN-Klimasommet: Ouni Emissiounen iwwert den Atlantik!

D’Rees vu Plymouth op New York wäert fir d’Klimaaktivistin Greta

Déi (politiséiert) polnesch Justiz

Déi (politiséiert) polnesch Justiz

Mat der polnescher Justizreform – déi vu Bréissel an dem EuGH net unerkannt gëtt – kënnt et aktuell zu ëmmer méi politesch-reliéis motivéierten Urteeler. D‘Unioun vu Kierch a Staat huet d‘Weiche gestallt, an dat dréit zu grousse Friktiounen an der Gesellschaft bäi.

Zwee Joer no der „Entweiung vun der Jongfra Maria“ mëttels „Reebou-Symbolik“, ass zu Plock e Prozess géint dräi Fraen erëffent ginn, déi et tatsächlech gewot haten, an dëser ronn 100 Kilometer vu Warschau ofgeleeëner Stad, Pechbiller an der Ëffentlechkeet unzebréngen, op deenen d‘Bild vun der berühmter schwaarzer Muttergottes vun Tschenstochau (Czarna Madonna) ze gesi war.

Déi och als „Kinnigin vu Polen“ ëmschriwwe Figur, war mam Jesuskand um Aarm, mat engem Hellegeschäi a Reeboufaarwen duergestallt ginn. D‘Reeboufaarwen als Erkennungszeeche vun der LGBTQI-Beweegung a Kombinatioun mam héchsten an hellegsten nationale Symbol, war de Kierchemänner an de politesche Fundamentalisten, dann eppes ze vill dees Aktivismus.

A Polen, zanter der Muechtergräifung vun der PiS, déi vun der radikal reliéiser Bauerepartei gestäipt gëtt, hunn sech de Staat an déi réimesch kathoulesch Kierch nees zesummegedoen, fir d‘Rechter vun de Fraen, déi sexuell Selbstbestëmmung a méi generell d‘Rechter vu Minoritéiten, nei ze definéieren. Blasphemie a Frevel solle mat der ganzer Häert vun der Justiz behandelt ginn.

De Glawe mécht et méiglech

Als Zeie vun der Uklo, war och déi Fra ageluede ginn, déi direkt nodeems hir dës Pechbiller zu Ae komm sinn, de Paschtouer vu Plock informéiert. Si hält dës Biller an de Message dee soll verbreet ginn, fir eng grouss gesellschaftlech Gefor. „Esouguer ongleeweger weisen normalerweis Respekt virun der Kierch“, sot Fra viru Geriicht. Dat een LBTQI ka sinn an u Gott gleeft, onvirstellbar…

D‘Elzbieta ass eng vun den dräi ugeklote Fraen, an si huet wëlles sech viru Geriicht schëlleg ze bekennen, reliéis Gefiller verletzt ze hunn. Si ass net der Meenung, datt ee Reebou iergend ee Mënsch verletze kann. Si hätt dës Biller verdeelt, well sech d‘Kierch ugemoosst huet, an dat mat enger „Installatioun“, d‘Wierder: Haass, Ligen a Verrot; mat LGBT an Gender gläichzestellen.

Eng Kierch déi Haass an Ongléck vermëttelt? Dogéint wollt d‘Elzbieta en Zeeche setzen. An elo dreet dëse Frae vill Ongemaach: Si ginn no Artikel 196 vum polnesche Strofgesetz, an deem sech der Beleidegung vu reliéise Gefiller ugeholl gëtt, ugeklot. An dat ass weder ee Spaass, nach ass et ee schlechte Witz: déi dräi Frae riskéiere bis zu zwee Joer feste Prisong. An d‘Kierch well dat och.

Amnesty International a eng Rei aner Mënscherechtsorganisatiounen, fuerderen zanter Jore vun der polnescher Regierung, dës Legislatioun ze änneren. D‘Kierch, déi an hirer Positioun vum Vatikan juristesch, finanziell a politesch gestäipt gëtt, ass awer enk mat der Regierung an de politeschen Entscheedungsträger verbonnen, esou datt et net am Usaz virstellbar ass, datt dat kéint geschéien.

Den Dram vun der Inquisitioun

Polen ass streng reliéis betruecht, ideologesch um Niveau vum „Islamesche Staat“ ouni d‘Leit oppen ze verfollegen oder hinn de kapp ofzeschloen. Dofir bitt d‘Legislatioun mam Artikel 196, maximale Spillraum beim der Ausleeung vum Tatbestand vun der Verletzung vu reliéise Gefiller. Laut polneschem Recht, hätt d‘Regierung beispillsweis d‘Mohammed-Karikature misse verbidden.

An d‘Muecht vun der Kierch a Polen geet wäit iwwert de Prozess vum Elzbieta, Anna a Joanna eraus. Esou ass et de Kierchemänner gelongen, d‘Politik dovunner ze iwwerzeegen, datt dem Riichter Igor Tuleya seng Immunitéit misst entzu ginn. Säi Kampf fir eng onofhängeg Justiz huet d‘Kierch als reng Heresie erkannt, an d‘Disziplinarkummer ass dem Wonsch gären nokomm.

Dem Riichter seng Pai gouf gekierzt, a kann elo strofrechtlech belaangt ginn. Dat notzen direkt ganz vill „Leit“ aus, firwat sech de Riichter dann och schonn déi aner Woch beim Procureur ze mellen, wou hien zu „Virwërf“ muss Stellung huelen. Den Igor Tuleya schéngt kampfbereet a gewëllt sech zur Wier ze setzen. Hien huet d‘Convocatioun zeréckgewisen a wëll net erschéngen.

Bereet d‘Konsequenzen ze droen

Datt den Igor Tuleya d‘Rechtméissegkeet vum Geriicht net unerkennt, huet vill Symbolkraaft mee et verbiergt och esou seng Geforen. Hie wëll ee Mëttwoch, zesumme mat anere Riichter, virum Sëtz vun der nationaler Staatsanwaltschaft protestéieren. Heibäi geet et an éischter Linn drëms ze weisen datt hie sech net verstoppe wëll an och keng Angscht virun der polnescher Staatsanwaltschaft huet.

Et kéint, wëll sech de Riichter net op Ënnerstëtzung bannent Europa, dem EuGH an/oder der EU-Kommissioun beruffe kann, ganz gutt sinn, datt d‘Police hie wäert festhuelen a quasi manu militari dem Procureur virféieren. Och d‘Police ënnerhält ganz enk Bezéiungen zur Kierch, där hire Seegen d‘Beamten deemnächst wuel musse virweisen, wa se wëllen hire Missiounen nokommen.

Mam „Recht an Uerdnung“ wéi et vun der polnescher Kiercheregierung ugaange gëtt, ass et an dësem europäesche Land änlech, wéi mat der Rechtsstaatlechkeet an Ungarn. Esou ass d‘Justiz bei der Verfolgung vun der „Verletzung vu reliéise Gefiller“ zimmlech séier. Kënnt et zu Verbrieche bei deenen de politesche Géigner oder ee vun der Kierch gehaasste Mënsch betraff ass, presséiert et net.

D‘Kausa Adamowicz

Ausser dem nationale Verbrieche mëttels Verdeelung vu Pechbiller mat enger „Madonna“, déi ee Reebou-Hellegeschäin dréit, hat et virun zwee Joer en Uschlag op den Uewerbuergermeeschter vun Danzeg, Pawel Adamowicz, ginn. Hie war zwee Deeg nom Ugrëff un de Folge vu senge Verletzunge verstuerwen. Et gëtt Rumeure, datt d‘Dokteren hien absichtlech goe gelooss hätten…

De liberale Politiker war en erkläerte Géigner vun der Réckwäertsgewannter PiS, esou folgerichteg och vun der Kierch zum „Feind“ erkläert ginn. Den Ugräifer, dee séier konnt ermëttelt ginn, huet seng Dot als „politesch motivéiert“ erkläert an insistéiert, datt hien als Ënnerstëtzer vun der Partei fir Recht an Uerdnung (PiS) wouergeholl gëtt. Et hat kuerzzäiteg eppes Diskussioun dozou ginn.

Fir den Donald Tusk, deen am November 2019 zum Virsëtzende vun der europäescher Vollekspartei EPP gewielt ginn ass, huet sech veriergert gewisen, datt der Prozess géint de Mäerder vum Pawel Adamowicz nach ëmmer net ugefaangen huet. D‘Kierch an d‘Regierung sinn awer der Meenung, datt den Täter eng mat der Dänn huet, also Scholdonfäeg ass. D‘Fraen interesséieren hien net…

mat indymedia/waw/gdn/bru

Related topics Art 196, Danzeg, Justizreform, Plock, Polen, reliéis Gefiller, schwaarz Madonna
Next post Previous post