Search

You may also like

Onst immateriellt Kulturierwen – Digital Sprangprëssessioun
International Neiegkeeten

Onst immateriellt Kulturierwen – Digital Sprangprëssessioun

Keng vun de véier Traditiounen, déi als alleréischt op de

Vu Gesiichtsmasken, Abriecher an de Geforen am Stroosseverkéier
International Neiegkeeten

Vu Gesiichtsmasken, Abriecher an de Geforen am Stroosseverkéier

Um Moie vu 8. Juli huet d‘Police a verschiddenen Zich

Mexiko nom gréissten Äerdbiewen vum Joerhonnert
International Neiegkeeten

Mexiko nom gréissten Äerdbiewen vum Joerhonnert

Nom Äerdbiewe mat enger Stäerkt vun 8,2 op der Richterskala

Polen muss seng kontroverséiert Reform suspendéieren

Polen muss seng kontroverséiert Reform suspendéieren

Den europäesche Geriichtshaff (EUGH) huet e freideg annoncéiert, datt Polen opgefuerdert ginn ass seng kontroverséiert Reform vum ieweschte Geriichtshaff ze suspendéieren. Dat zumindest bis et en definitiivt Uerteel am Fong gëtt.

Enn September hat d‘EU-Kommissioun déi europäesch Justiz saiséiert, well Bréissel dovunner ausgaangen ass, datt déi ugestriefte Reform, géint d‘Onofhängegkeet vun der Justiz verstéisst.

„Polen muss direkt d‘Uwennung vun den nationalen Dispositiounen, mat deenen den Rentenalter vun de Riichter vum ieweschte Geriichtshaff sollt erofgesat ginn, suspendéieren“, heescht et vun der Institutioun mat Sëtz zu Lëtzebuerg.

Dës Ordonnance „applizéiert sech réckwierkend op all d‘Riichter vum ieweschte Geriichtshaff, déi vun dësen Dispositioune betraff sinn“, esou de Communiqué weider.

Warschau ass net iwwerzeegt

„No enger profunder Analyse, wäerte mir bestëmmt op de Jugement äntweren (…) Et wäerte verschidde Méiglechkeeten analyséiert ginn“, esou d‘Äntwert vum polnesche Premierminister Mateusz Morawiecki, deen zu Bréissel bei engem klengen EU-Asien Sommet war.

D‘EU-Kommissioun hat den EUGH iwwert eng einstweileg Verfügung saiséiert, fir d‘Uwennung vun dëser kontroverséierter Legislatioun ze suspendéieren, mat där de Rentenalter fir Riichter erofgesat ginn ass, wouvunner eng zwanzeg Persoune betraff sinn.

D‘Erofsetze vum Rentenalter fir d‘Riichter vum ieweschte Geriichtshaff a Polen, vu 70 op 65 Joer „ass net kompatibel mam Recht vun der Unioun“, esou d‘EU-Exekutive.

„Ech sinn iwwerzeegt datt dës Plainte verworf gëtt“, hat de Stanislaw Karczewski, President vum polnesche Senat, deklaréiert. Dëse Senat gëtt vun de nationalistesche Konservative vun der PiS-Partei (Partei fir Recht a Justiz) beherrscht.

„D‘Cour gëtt säin definitiivt Uerteel an dëser Affär zu engem spéideren Datum bekannt“, preziséiert de Communiqué. „Eng Ordonnance zu provisoresche Moossnamen, präjudizieiert net den Ausgank vun der eigentlecher Aktioun“, ënnersträicht den EUGH.

mat AFP

Related topics EUGH, Europäesche Geriichtshaff, Justiz, Justizreform, Polen
Next post Previous post