Search

You may also like

Eng Fläsch fir de gudden Zweck: Cuvée „Schueberfouer“ 2018
International Neiegkeeten

Eng Fläsch fir de gudden Zweck: Cuvée „Schueberfouer“ 2018

E gudde Cremant fir de gudden Zweck, datt ass eng

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier
International Neiegkeeten

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier

Honnertdausende Katalanen hunn e Sonndeg zu Barcelona géint d‘Haft vun

Greenpeace-Protest virun der belscher Ambassade
International Neiegkeeten

Greenpeace-Protest virun der belscher Ambassade

Haut de Moien hu 6 AktivistInne vu Greenpeace, equipéiert mat

Polen: Zoff nom Akraafttriede vum Ofdreiwungsverbuet

Polen: Zoff nom Akraafttriede vum Ofdreiwungsverbuet

Polen, een EU-Memberland dat vun der kathoulescher Kierch politesch bestëmmt gëtt, sech dobäi sënnvollerweis net op d‘Wäerter vun der réimesch-kathoulescher Kierch berifft, stellt d‘Fra op den Niveau vum Hausdéier, och wann dëst dann ee Walrecht hätt. Mam Ofdreiwungsgesetz, datt elo nom Urteel vum Verfassungsgeriicht rechtskräfteg ass, huet d‘Regierung genee dat erbäigefouert.

Et gouf scho vill Demonstratiounen a Protester, esou och gëschter. Honnerte Leit hu protestéiert, nodeems dat vu reliéise Fanatiker besate Gremium d‘Begrënnung vun dësem Urteel publizéiert huet. Iwwregens… a Polen dierfe Fraen elo och da keng Ofdreiwung méi virhuelen, wann erwisen ass, datt de Foetus schwéier Mëssbildungen opweist. Kanner déi vun de Kierch da verstouss ginn.

Polen

Interessant och den Zäitpunkt vun der Verëffentlechung vun dësem knapp 154 Säiten ëmfaassenden Text: dee gouf matten an d‘Gedenkfeier vun der Befreiung vun Auschwitz gepuscht. Eng Aktioun déi gutt iwwerluecht war wëll: „All Liewen ass gläich vill Wäert, dat vum ale, wéi vum jonke vitale Mënsch. Mee eben och genee esouvill Wäert wéi dat vum ongebuerene Mënsch“. Alleluja an Amen.

Ëmmer méi jonk polnesch Frae fänke ganz eeschthaft un driwwer nozedenken, op eng Heemecht ouni Fraerechter besser soll sinn, wéi e liewen am Exil mat Rechter. Si si wuel am Glawen un déi kathoulesch Kierch erzu ginn, wuessen awer am 21. Joerhonnert op. Si kënne liesen a schreiwen, sinn zuweile méi gescheit wéi d‘Bouwen a besser Demokraten an Europäer wéi hir Regierung.

Polen

Apropos Regierung: déi huet sech gëschter ganz bewosst net zu politesche Spill vun den polnesche Verfassungsriichter geäussert, schliisslech hat si dat Ganzt orchestréiert. Eng „Spriecherin“ awer op Nofro erkläert: „Den Text wéi d‘Uerteel sinn der Regierung nach net inhaltlech bekannt. Et misst ee fir unzefänken den Text analyséieren, fir eng objektiv Stellungnam am Uschloss ofzeginn“.

mat indymedia/waw

Foto: courtesy by Petra Bayr, MEP Austria (via Twitter)

Related topics Fraerechter, kathoulesch Kierch, Ofdreiwungsgesetz, Polen, Strajk Kobiet
Next post Previous post