Dikrecher Young Boys vum SC Beetebuerg op d‘Plaz verwisen
Et war ee wuel interessante Match dee gëschter an der
Et war ee wuel interessante Match dee gëschter an der
Haut viru genee 5 Joer ass dat sougenannte „Paräisser Ofkommes“
E Samschdeg 2. Februar, haten d‘ADR-Fraen hire statutaresche Kongress, bei
D‘Vakanze kommen ëmmer méi no, a vill vun eis wäerten sech mat hirem Gefier op de Wee dohinner maachen. Fir ze verhënneren, datt dës Vakanz mat schlechten Iwwerraschungen op ee waart, hunn d‘Police an den ACL eng réi Rotschléi unzebidden:
Wien ouni Kappzerbrieches an d‘Vakanz opbrieche wëll, sollt sech mat Zäite virbereeden, an den Trajet esou plangen, datt dee méiglechst agreabel ze iwwerwannen ass. Dofir:
An dësem Kontext dann och den Hiwäis, datt den ACL zu Bartreng, extra fir d‘Vakanzenzäit de Samschdeg 7. / 14. / 21. Juli moies vun 9 bis 12.30 Auer fir iech op huet.
De Kampf géint Abréch ass eng vun de Prioritéite vun der Police. Si mécht stänneg eng Analys op regionaler a nationaler Basis. Preventioun spillt hei eng grouss Roll: dofir gi Patrulle gemaach, sech mat de Leit an de lokalen Autoritéiten ausgetosch. Loosst iech net verréckt maachen, mee sidd och net liichtfankeg.
Denkt drun: en Abroch dauert seele mä laang wéi 5 bis 10 Minutten. Wann dir dann an d‘Vakanz fuert, esou bitt d‘Police hir Hëllef un. Wann si Bescheed weess, datt dir net doheem sidd, gi Patrulle bei ärem Wunnsëtz gemaach.
Fir datt d‘Police dann elo awer och Bescheed weess, muss dir iech aschreiwen: dat kann een um „e-Kommissariat“ maachen, oder et fëllt een de Formulaire op Pabeier aus, deen een an all Kommissariat kann ofginn. (Dëse Formulaire kritt een och beim ACL)
Et ass net well e mengt näischt ze hunn, datt näischt ka passéieren. De Brigang weess schliisslech net op eppes ze huelen ass oder net. Dat gesäit hien eréischt wann hien an der Wunneng ass. An och wann näischt matgeholl gëtt, kengem ass et wuel wann e Friemen sech duerch alles gewullt huet.
Am Flyer „Sécherheet duerch einfach Gesten“ ginn déi elementar Rotschléi zesummegefaasst. Dee kritt een och op all Policebüro an natierlech beim ACL. Am Flyer „Mechanesch an elektresch Moossnamen“ kann ee sech en Iwwerbléck verschafen, wéi een d‘Zougäng ofséchert.
Sech den uewe genannte Rotschléi zouzewenne kascht nëmme wéineg Zäit. Wien dat dann awer mécht an och behäerzegt, dee ka mat rouegem Gewëssen an d‘Vakanz rullen. An dësem Sënn wënscht iech d‘Redaktioun vu moien.lu eng gutt Erhuelung.