Search

You may also like

Wanderen am Éislek: Um Wee zur „Leading Hiking Region“
Neiegkeeten

Wanderen am Éislek: Um Wee zur „Leading Hiking Region“

Schonn an de fréien 30er Joer huet d’Wandererliefnis am Éislek

D’Welt ass eng Spillplaz – Loscht op Parkour?
Neiegkeeten

D’Welt ass eng Spillplaz – Loscht op Parkour?

D’Kaizen Parkour Academy (KPA) luet an, fir eng spannend Erausfuerderung

Blade Runner 2049 ass net perfekt, an dach e Meeschterwierk
Neiegkeeten

Blade Runner 2049 ass net perfekt, an dach e Meeschterwierk

Blade Runner ass ee vun deene Filmer, déi keen zweeten

Vu Policekontrollen a wat ee soss nach wësse sollt…

Vu Policekontrollen a wat ee soss nach wësse sollt…

Datt et iwwer Silvester eenegermoosse gesittet am Land ofgelaf ass, doriwwer konnt sech schonn an der Redaktioun gefreet ginn. Elo huet d‘Police de Bilan fir den Zäitraum 26. Dezember 2020 bis 3. Januar 2021 virgeluecht. Och dëse beleet, datt sech d‘Leit zu Lëtzebuerg u Reegelen halen an Disziplin méi héich bewäerte wéi „kregéilen“.

Am genannten Zäitraum huet d‘Police ronn 400 Kontrollen duerchgefouert, dat ëmmer am Kontext vum modifizéierte Covid19-Gesetz. Esou hunn sech dann och gutt dräivéierel vun de Kontrollen op d‘Ausgangsspär (21 Auer) bezunn. Et gouf awer och en A op d‘Aktivitéiten am Handel gehalen, a wien sech wou mat wiem getraff huet, egal op am ëffentlechen oder dem private Raum.

Wéi aus dem Bericht ze enthuelen, goufen 215 Persoune mat engem taxéierten Avertissement nees op der Wee vun der Vernonft bruecht, woubäi et sech hei an den allermeeschte Fäll ëm ee Verstouss géint eben den Hausarrest ab 21 Auer gehandelt huet. Fir de Wäert vum Avertissement hätt ee vill Auere kafe kënnen, mee do muss jo schonn nach jidderee fir sech selwer entscheeden dierfen.

An 22 Fäll, esou d‘Police, hunn d‘Beamte missen e Protokoll erstellen oder ee Bericht un déi laut Gesetz zoustänneg Autoritéite weiderleeden. Dat gréisstendeels, well hei mannerjäreg Persoune géint déi sanitär Virschrëfte verstouss hunn. Iergendeen muss jo zu gudder Lescht d‘Rechnung dann awer bezuelen. An dësem Kontext rifft d‘Police nees zur Vernonft op, well gäre maachen si et net.

Kommissariat Attert

Esou wéi déi virecht Regierungen hir Spuermoossnamen an der Santé duerchgezunn hunn (Ofbau vu Spidolsbetter a Fusiounen) esou setzt déi eleiten hire Routstëft bei der Police un, wat op ville Plazen zur Schléissung vu Kommissariater gefouert huet. Gléck huet, wien wéinstens nach op eng Fusioun blécke kann. Esou d‘Kommissariater vu Réiden an Rammerech, déi zum Kommissariat „Attert“ zesummegeluecht goufen.

Offiziell heescht et, datt duerch d‘ Fusioun méi Beamte géifen zur Verfügung stoen. Et kënnen dank dem zesummeleeë Patrulle gemaach, Interventioune geréiert ginn. Wéi gesot, datt ass déi offiziell Versioun déi d‘Police wuel muss erausginn. Well elo dëse Regruppement eréischt zanter dem neie Joer a Kraaft ass, mussen sech déi ugedeite Virdeeler elo erweisen. Zudeem si wéinst der Pandemie nëmmen d‘Kommissariater: Verluerekascht, Esch-Uelzecht, Gréiwemaacher an Dikrech fir de Public zougänglech.

Illustratioun: © Kelly Sikkema / unsplash

Related topics Bericht, Covid19-Gesetz, Kommissariatsfusioun, Kontrollen, Police
Next post Previous post