Search

You may also like

natur&ëmwelt: D’Stad Lëtzebuerg duerch „Action Bounds“ erliewen
Neiegkeeten

natur&ëmwelt: D’Stad Lëtzebuerg duerch „Action Bounds“ erliewen

Mat zwee neie sougenannten „Action Bounds“ bitt natur&ëmwelt Iech déi

EU-Sommet beschléisst Sanktiounen
Neiegkeeten

EU-Sommet beschléisst Sanktiounen

(Bal) déi ganz Weltgemeinschaft protestéiert, d‘EU huet säi Loftraum fir

Däitschland am Covidioten-Stresstest
Neiegkeeten

Däitschland am Covidioten-Stresstest

Zu Dausenden hunn däitsch Bierger zu Leipzig ee Samschdeg géint

Police: Campagne Moto

Police: Campagne Moto

Um Donneschdeg huet déi national Verkéierspolice an Zesummenaarbecht mat de Kolleege vun der Verkéierspolice „Haaptstad“ an „Zentrum-Ost“ an der Autobunnspolice, eng grouss ugeluechte Verkéierskontroll op der Autobunn A3 (Metz – Lëtzebuerg) duerchgefouert.

Bei dësem besonneschen Asaz, ass et am Kader vun der Campagne Moto, an éischter Linn ëm d‘Sécherheet vun de Motarde gaangen. D‘Police huet de Fokus op déi Motocycliste geluecht, déi sech duerch de Stau gedrängt hunn. Ee Manöver datt vun der Police net gäre gesinn ass, an dat net nëmme well de Code de la Route esou eppes schlicht an einfach verbitt.

Nei hei gëtt mat der Sécherheet gespillt. Fir unzefänke mat der eegener, mee natierlech och mat där vun den anere Leit déi op der Autobunn ënnerwee sinn. Et waren dann net nëmmen ee Grappvoll Motarden, déi sech de Reegele widdersat haten, mee schonn ee ganzen Trapp. Insgesamt huet d‘Police 84 Geldbousse missen ausstellen, an dat am Zäitraum vu 6.45 an 9 Auer.

Dat mécht weder Spaass nach suergt et fir gutt Laun, well bei esouvill Protokoller ass kloer, hei leeft eppes falsch. Esou wäert et dann elo och mussen zu weidere Kontrollen an dësem Zesummenhang kommen. An nee dat ass keng Schikan an och kee schlechte Wëllen a schon emol guer net fir de Leit d‘Suen aus der Täsch ze zéien. Hei geet et ëm Sécherheet a vläicht muss een heiansdo drop hiweisen, datt ee Moto, keng schützend Karosserie huet.

Opmaacherbild: © Police

Related topics Campagne Moto, Police, Verkéierssécherheet
Next post Previous post