Search

You may also like

Naturmusée Fest 2021: Wa Kanner spilleresch d‘Natur kenneléieren
Neiegkeeten

Naturmusée Fest 2021: Wa Kanner spilleresch d‘Natur kenneléieren

D‘Wieder huet matgespillt, den Himmel war blo an d‘Sonn huet

Hëllef fir d’Amphibien: Ënnerstëtzt eng sécher Migratioun
Neiegkeeten

Hëllef fir d’Amphibien: Ënnerstëtzt eng sécher Migratioun

Et ass nees un der Zäit fir eis Amphibien iert

Wëllkomm zu Lëtzebuerg!
Neiegkeeten

Wëllkomm zu Lëtzebuerg!

Den 29. September 2020 huet de Minister Jean Asselborn um

Policebericht: Drogendealer verhaft, Panzvollist de Führerschäin ofgeholl

Policebericht: Drogendealer verhaft, Panzvollist de Führerschäin ofgeholl

Eis Polizisten hu wuel nach ëmmer genuch mat de Kontrollen am Kontext vum Covid19 ze dinn, wat awer net bedeit, datt si hir Opmierksamkeet vun „aneren“ Delikter géife schleefe loossen. An d‘Beamte maachen hir Saach och weiderhi ganz gutt a suerge fir eis Sécherheet.

Um Sonndegnomëtten hunn d‘Beamte vun de Police, am Garer-Quartier zwee Kadetten op frëscher Dot erwëscht, déi droleg Substanzen un de Mann, respektiv d‘Fra brénge wollten. Si goufe matgeholl an d‘Beamten hu 57 Kugele Kokain, Handyen an eng „gewëssen“ Zomm Boergeld bei de Verdächtege fonnt. De Verdacht datt et sech bei dëse Männer ëm Drogendealer handele ka war ginn, an de Procureur huet d‘Festnam ugeuerdent. Si mussen sech elo dem Untersuchungsriichter erklären.

An der Nuecht vum Sonndeg op e Méindeg, huet en Automobilist um Lampertsbierg an der Jang-de-Blannen Strooss mat sengem Gefier randaléiert, an direkt an ganz Rëtsch un geparkten Autoe beschiedegt. Dat ass net onbemierkt bliwwen, an d‘Police war zügeg op der Plaz. Bei der Kontroll vum Chauffer hunn d‘Beamten en „erhéichten Alkoholkonsum“ festgestallt. No der heifir üblecher Prozedur, hunn d‘Agenten de Führerschäin agezunn. Zum Gléck ass ausser Materialschued keng weider passéiert.

Illustratioun: © Bill Oxford / unsplash

Related topics Alkohol, Alkoholiséierte Chauffeur, Drogen, Drogendealer, Police
Next post Previous post