Irak: Exekutioun vun 42 zum Doud veruerteelte schockt d‘UNO
Den héijen UN-Kommissär fir Mënscherechter huet sech um Mëttwoch iwwert
Den héijen UN-Kommissär fir Mënscherechter huet sech um Mëttwoch iwwert
Et war e mouvementéiert Joer zanter dem leschte Kongress an
Nodeems um Staatsrot, déi vun der Partei déi gréng virgeschloe
D‘Police widderhëlt hiren Zeienopruff am Bezuch op deen dramatesche Virfall vum 2. Januar zu Wolz. Hei war e Lëtzebuerger vu 47 Joer an e Grupp vu Persoune gerannt, woubäi e klengt Meedche vu grad emol zwee Joer zu Dout komm ass. Et huet sech heibäi net ëm en Accident gehandelt. Laut dem Parquet géif et sech bei dësem Virfall ëm e Bezéiungsdrama handelen.
Fir de Fall opzeklären, bitt d‘Police iech ëm är Mathëllef. Wien also eppes gesinn, oder fotograféiert respektiv gefilmt huet, oder soss eppes zur Klärung vum Fall bäidroe kann, soll dat wann ech gelift maachen. Am besonnesche gëtt no enger Fra, déi hannert dem Won vum Täter, engem bloe Citroën C4 laanscht gaangen ass wéi dësen an der Strooss gedréint ginn ass, gesicht.
Wien Informatiounen huet kann déi um 113, oder bei den Enquêteure vum SPJ ënnert der Nummer 4997-6111, hannerloossen.
Foto: © Police