Search

You may also like

surprise
Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland
Neiegkeeten

Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland

No iwwer 18 Joer un der Muecht, symboliséiert de Vladimir

Den OUNI mécht seng Dieren zou, Heemliwwerunge si weiderhi méiglech
Neiegkeeten

Den OUNI mécht seng Dieren zou, Heemliwwerunge si weiderhi méiglech

Fir d’Gesondheet vun de Clienten a Mataarbechter ze garantéieren an

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister
Neiegkeeten

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister

Iert sech de polnesche Premierminister Mateusz Morawiecki um Dënschdegowend mam

Policebericht: Eng ustrengend Silvesternuecht

Policebericht: Eng ustrengend Silvesternuecht

Fir eis Poliziste war de Reveillon zu Silvester eng Nuecht wéi vill anerer. Hei en Iwwerbléck op de Joreswiessel aus der Siicht vun der Lëtzebuerger Police. Et geet wéi gewinnt ëm Rabbelkäpp, där Leit mat ganz laange Fangeren, an och erëm ëm Alkohol hannert dem Steier.

E Brigang mat bläienem Fouss

Fänke mir also um Reveillon (31.12.) mat engem Virfall zu Bartreng un. Géint 20.30 Auer ass eng Patrull vun der Police op en an der Belsch immatrikuléiert Gefier opmierksam ginn, dat hinne viraus gefuer ass, an zu Stroossen eppes schëtzeg an d‘Kierch-Strooss agebéit ass. Dat ass eng 30er Zon, an d‘Beamten hu gutt dru gedoen, dësem Auto nozefueren.

Dem Chauffer am Auto ass dat net entgaangen, an huet et, ouni méi lues ze maachen, mat der Réimer-Strooss versicht, wou hien a Richtung Mamer-Strooss beschleunegt huet. Well de Mann nawell „zackeg“ ënnerwee war, hunn d‘Polizisten d‘Blo-Luucht ugemaach. Dat war awer fir de Chauffer d‘Signal datt et sollt lassgoen, an hien huet keng ausgelooss.

Wéi eng gesengte Sau – deels mat iwwer 150 Km/H – war den elo flüchtege Chauffer ënnerwee. D‘Beamte sinn derhannert bliwwen, iwwer d‘Kiem-Strooss eran an d‘Bongert-Strooss, do iwwert de Foussgängerwee an duerch d‘Wiss vun engem Parkingberäich. Dat war dann och fir de Pilot am Auto ze vill. Et ass den Hang eropgaangen, wou Hecken an en Zonk d‘Gefier gestoppt hunn.

Béid Männer aus dem Auto wollten sech awer net mat der Police ënnerhalen, an hunn hir Flucht ze Fouss fortgesat. Awunner konnten de Polizisten nach Bescheed soen, datt d‘Brigange a Richtung Parkstrooss gelaf sinn, mee d‘Gléck war dës Kéier net op Säit vun de Beamten. Am Gefier datt du séchergestallt ginn ass, huet d‘Police Geschir fonnt dat fir Abréch genotzt ka ginn. Et gëtt ermëttelt.

Un der falscher Dier gerëselt

Kuerz viru Mëtternuecht (23.45 Auer), esou muss et sech de Brigang geduecht hunn deen zu Elleng an der Kierfechtsstrooss an en Eefamilljenhaus wollt abriechen, ass eng gutt Zäit fir sech d‘Täsche voll ze stoppen. Domm just, hei war d‘Haus net wéi erhofft „eidel“ an d‘Bewunner konnten, mat Hëllef vu weidere Persounen, de Rabbelkapp festhalen an d‘Police verstännegen.

Déi huet net laang gebraucht an den net ganz gescheiten Déif op der Plaz agesammelt. Dësen onéierleche Matbierger hutt d‘Beamten aus Sécherheetsgrënn duerchsicht, woubäi si dann och op geklaute Saache gestouss sinn. De Procureur huet missen ugeruff ginn, deen huet de Mann verhafte gelooss, a eise Brigang misst schonn dem Untersuchungsriichter virgefouert gi sinn.

THC zur Geeschterstonn

Zu Iechternach ass enger Patrull ëm Mëtternuecht, bei engem Tour iwwert d‘Parkplaz vum Séi, en Auto opgefall, ronderëm dee sech nawell eppes méi Leit versammelt haten. Méi brauch et dann och net fir de Virwëtz vun de Beamten ze erwächen. D‘Leit déi beim Gefier stoungen, hate schonn emol d‘Knupperte fir d‘Freedefeier ausgepaakt an hunn och den Androck gemaach se zünden ze wëllen.

Wéi d‘Polizisten dëser „Versammlung“ eppes méi nokomm sinn, hunn déi Kadetten och endlech gemierkt datt si net eleng waren. Dat wollten si awer, eleng sinn, also zumindest ouni Polizisten, an esou hi sech bis op dräi Mann, duerch d‘Bascht gemaach. D‘Beamte mussen an esou engem Fall dovunner ausgoen, datt déi flüchteg eppes ze verstoppen hunn, a sinn hannendru gelaf.

Si konnten hire Virsprong ausnotzen, a sech enger Ausenanersetzung mat de Polizisten entzéien. Wéi d‘Beamten zréck bei den Auto komm sinn, hu si um Buedem eng Tiitche mat Cannabis fonnt, an hunn déi dräi nach beim Auto verbliwwen Häre gefrot, wat et domatter op sech huet. De Chauffer vum Auto huet zougi virun „e puer Deeg“ vum Kraut konsuméiert ze hunn.

Den Drogentest war wéi erwaart positiv, huet esouwuel de Konsum vun THC wéi och vun Amphetamin nogewisen. Domatter war fir de Mann Silvester gelaf. Hien ass op Ettelbréck an d‘Spidol gefouert ginn, wou eng Bluttprouf geholl gouf. De Mann war kooperativ, esou datt d‘Beamten hien nëmmen no Artikel 12 hu misse protokolléieren.

Kalbliddeg dat schlëmmst a Kaf geholl

An der Stad Lëtzebuerg koum et op Neijoerschdag um 1 Auer zu engem Virfall, deen esou hei am Land net alldeeglech ass. Um Boulevard Royal huet en Automobilist déi rout Luucht „iwwersinn“ an iwwerrennt zwee Foussgänger déi bei gréng iwwert d‘Strooss goe wollten. Obwuel et dem Mann net konnt entgaange sinn, huet dësen seng Faart fortgesat, an d‘Affer am Stach gelooss.

E vun de Foussgänger gouf heibäi Liewensgeféierlech blesséiert, deen aneren zum Gléck nëmme liicht. Op der Plaz war de SAMU aus Esch-Uelzecht, esou wéi d‘Ambulanzen aus der Stad a vu Mamer. Iwwert de Zoustand vun de verletzte Persounen ass weider näischt bekannt.

En Zeie konnt der Police d‘Nummereschëld vum flüchtege Gefier matdeelen, wouduerch eng Patrull zu Käerjeng den Auto unhale konnt. De Mann hannert dem Steier war voll ewéi siwe Raiber, an ass op Uerder vum Procureur nach op der Plaz verhaft ginn. Säi Won gouf beschlagnahmt an hie duerft engem Untersuchungsriichter seng Siicht vum Virfall erklären.

Et gouf randaléiert a sech och soss net gutt beholl

Wéinst schlechte Manéieren, Randaléieren, iwwerméissegem Alkoholkonsum an och soss net ganz gescheit, sinn an der Stad an am Garer Quartier sechs Persounen an de Passagearrest komm. Zu Esch-Uelzecht huet et eng Persoun an den „Hotel“ Police gefouert. Klenger Kläppereie goufen eis aus 12 Uertschaften zougedroen. Ausser déi uewe genannten, konnten se all a Fräiheet bleiwen.

Tëscht dem 31. Dezember 14 Auer an dem 1. Januar 5 Auer, huet d‘Police uechtert d‘Land aacht Führerschäiner agezunn. Um Parking vum amerikanesche Kierfecht (14.45 Auer), wou et zu engem Accident mat engem Blesséierte komm ass, an de Chauffer eppes ze déif an Glas gekuckt hat. Dann zu Péiteng an der Lonkecherstrooss (21.45) an zu Mamer op der A6 Ausfaart Briddel (22.15).

An der Liberatiounsstrooss zu Mamer (23.15) goung et weider. Um 0.45 Auer huet e Chauffer op der Kräizung CR129/N14 bei Guedber vun der Strooss of, ass am Gruef um Dach leie bliwwen a liicht blesséiert an d‘Spidol komm.

Um 3.15 Auer war et dann zu Miersch an der Garerstrooss, wou e Chauffer säin Auto net méi an der Gitt hat, op der Bréck e Poteau réckele wollt a gläichfalls um Dach gelant ass. Kee gouf verletzt, de Bong awer matgeholl. Bleiwen nach déi zwee Fäll (3.40 Auer) vu Fëschbech an (4.25 Auer) zu Dikrech ze ernimmen. Soss war et op de Stroossen uechtert d‘Land éischter Roueg…

Related topics Alkoholkontroll, Déifstall, Drogekonsum, Fahrerflucht, Kläpperei, Police
Next post Previous post