Search

You may also like

MERG – Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich
Neiegkeeten

MERG – Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich

Hie war jonk, attraktiv, sportlech an och nach intelligent: Den

money
Nom Maskendeal elo dann d‘Perquisitioun
Neiegkeeten

Nom Maskendeal elo dann d‘Perquisitioun

Déi Lëtzebuerger Entreprise Avrox SA huet mat der Hierstellung an

D‘Kierch an hir Verbriechen
Neiegkeeten

D‘Kierch an hir Verbriechen

En Dënschdeg huet déi iresch Regierung de Bericht a vill

Vu Gesiichtsmasken, Abriecher an de Geforen am Stroosseverkéier

Eis Police ass vill am Asaz, well dat mat de Covid19-Reegele jo leider nach net esou ganz bei alle Matbierger ukomm ass. Hei gëtt verstäerkt op d‘Sensibiliséierung gesat. Mee och soss waren eis Poliziste gutt beschäftegt…

Vu Gesiichtsmasken, Abriecher an de Geforen am Stroosseverkéier

Um Moie vu 8. Juli huet d‘Police a verschiddenen Zich (tëscht 6.10 an 11.40 Auer) kontrolléiert, op d‘Passagéier sech och géifen un d‘Maskeflicht halen. Alles an allem waren um Mëttwoch eng 530 Persoune vun dëser Kontroll betraff an déi erfreelech Nouvelle: all d‘Passagéier haten hir Mask un, woubäi 23 Persounen hu missen drop higewise ginn, wéi een d‘Gesiichtsmask richteg undeet.

A wann an den Zich alles zur Zefriddenheet vun der Police war, esou hu si um Freidegowend géint 18 Auer an engem Bistro an der Garer Avenue misse méi haart duerchgräifen. Wéi schonns méi oft gesot, hunn alt nees eng Rei Clienten dat mat der Maskeflicht net ganz esou eescht wéi néideg geholl an nach ëmmer net verënnerlecht, datt ee säi Patt muss am sëtzen zou sech huelen.

Handschelle fir d‘Brigangen

Um Freidegnomëtteg (17 Auer) gouf der Police en Déif gemellt, deen an der Lëtzebuerger Strooss zu Sandweiler an engem Geschäft, seng Fanger net vu Multimediaartikele loosse konnt. Hien hat dann och nach d‘Frechheet sech den Employéeën ze widdersetzen, déi hie vun der Flucht ofhale wollten. Aenzeien, déi dem Mann nogelaf ware si mat engem Teppechmesser (Cutter) bedreet ginn. De Brigang gouf schlussendlech awer iwwerwältegt an ass op Unuerdnung vum Procureur vun der Police verhaft ginn. Hie konnt sech schonn e Samschdeg beim Untersuchungsriichter erklären…

Och e Freideg, dunn awer an de fréien Owesstonnen (19 Auer) sinn der Police zwee Abriecher zu Schrondweiler gemellt ginn. Den Awunner vun engem Eefamilljenhaus hat d‘Brigangen op der Dot erwëscht, firwat sech déi onéierlech Gesellen net weider op der Plaz wollten ophalen an d‘Been an de Grapp geholl hunn. Wäit komme sollten si net, well déi vun der Police an d‘Wee geleete Sich no den Abriecher huet zum Erfolleg gefouert. D‘Brigange goufen op Uerder vum Procureur verhaft.

Op de Stroosse vum Minett

Um Freidegowend huet d‘Police zu Rolleng (Gemeng Péiteng) eng Ronn gedréint a géint 18.30 Auer ass hinnen ee „Pilot“ opgefall, dee eppes iwwerdriwwe schëtzeg mat sengem Gefier op der Pist ënnerwee war. Grond genuch sech de Chauffer eppes méi genee unzekucken, mee dësem war evidenterweis net no engem Gespréich mat den Zankerten. Deen huet sech verfuusst an hat wuel d‘Hoffnung, datt et domadder gedoe wier, wat am presente Fall déi falsch Schlussfolgerung war.

Dee war dann och éischter net begeeschtert, wéi d‘Police bei him vrun der Dier gestanen ass an de Fanger op d‘Schell geluecht huet. Als éischte Constat, hunn d‘Beamte misse feststellen, datt géint de Mann ee Fuerverbuet verhaange ginn ass. Den Delinquent war net nëmme wéineg kooperativ, mee leider och nach zimmlech „ugrëffslëschteg“ an huet d‘Polizisten op dat iwwelst verbal op de Leescht geholl. Dat dierft nach Folgen hunn, well d‘Beamten hunn et net néideg sech beleidegen ze loossen a zu Recht e Protokoll erstallt. No Récksprooch mam Procureur konnt d‘Police dann och nach dem Rabbelkapp seng Rennmaschinn beschlagnamen.

Ee Samschdeg kuerz no Mëtternuecht, gouf der Police dann nach e Virfall zu Déifferdeng gemellt, hei war ee Motocyclist „aus dem Gläichgewiicht“ geroden an huet eng Rei geparkten Autoe mat senger Maschinn beschiedegt. Wann de Materialschued u sech iwwersiichtlech bliwwen ass, esou war dem Motard säin Alkoholtest eppes méi Aussokräfteg. D‘Police huet dann och dat wuel eenzegt richteg gemaach, an de Führerschäin abehalen. Natierlech gouf och e Protokoll erstallt.

Déidlecht Accident

Nach ëmmer um Freideg, dës Kéier an der Mierscher Géigend, gouf géint 21.15 der Police en Accident um CR105 bei Hunnebur gemellt. Hei war ee Gefier vun der Strooss ofkomm a frontal géint eng Mauer geknuppt. Bei dësem Onfall gouf d‘Fra déi den Auto gesteiert huet ganz uerg blesséiert. Obwuel d‘Rettungsdéngschter séier op der Plaz waren, koum fir déi 60 järeg Damm – déi eleng am Auto gesiess war – all Hëllef ze spéit, si ass nach op der Plaz hire Verletzungen erleeën.

Hei war d‘Streck ee puer Stonne ganz gespaart ginn, fir datt de Miess- an Erkennungsdéngscht, dee vum Procureur mat der Klärung vun der Onfallursaach beoptraagt ginn ass, senger Aarbecht konnt nogoen.

Illustratioun: © Ye Jinghan / unsplash

Related topics Abbriecher, déidlechen Accident, Déifstall, Führerschäin, Maskeflicht, Police, Stroosseverkéier
Next post Previous post